Covid-19: Nëmmen ADR géint Contact-Tracing, zesumme mat Lénk!

Am Kader vun der Covid-19 Kris plangt d’EU-Kommissioun fir europawäit eng Smartphone-Applikatioun anzeféieren, déi et erlaabt alleguerten d‘Kontakter vu Leit ze retracéieren, déi mam Coronavirus infizéiert sinn. Dateschützer an Technologie-Experten si ganz skeptesch. Och d’ADR ass besuergt, de sougenannte “Contact-Tracing” stellt e grousse Schrëtt a Richtung totalitären Iwwerwaachungsstaat duer. An enger deementspriechender Motioun gëtt d’Regierung opgefuerdert fir sech all Versuch vun der Aféierung vun esou enger App ze widdersetzen, an d’EU-Kommissioun , hirersäits opfuerdert fir déi Initiativ opzeginn. Iwwerdeems an der Chamber och eng Rei Deputéiert vun de Majoritéitsparteien hir Bedenke géint dës Tracking-App geäussert hunn, war war awer kee bereet fir däitlech Nee zu der geplangter Iwwerwaachungs-Applikatioun ze soen. Esou datt an der Chamber, d’ADR-Motioun niewent de 4 Stëmme vun den ADR-Vertrieder, nëmmen d’Deputéiert vun déi Lénk mat 2 mol Jo ofgestëmmt hunn. Hei weist sech den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser entsat iwwert d’Hypokrisie vun den Deputéierte vu Majoritéit a vun CSV. Ma och d’Lëtzebuerger Press “glänzt” nees duerch eng net korrekt Berichterstattung vis-a-vis vun der ADR.

 

 

 

 

 

Deel dëse Post: