Firwat kee Lëtzebuergesch an der Medezin?

Am Abrëll huet de Gesondheetsministère eng Ëmfro iwwer Schlofstéierunge verschéckt. De Froebou war op véier Sproochen, nämlech Däitsch, Englesch Franséisch a Portugisesch awer net op Lëtzebuergesch verfaasst. Selbstverständlech huet den ADR-Deputéierte Fred Keup doropshin eng Rei kritesch Nofroen zu dësem skandaléise Virgang gestallt. D’Madamm Lenert huet et schliisslech domat erkläert, datt och international Wëssenschaftler mat dësen Dokumenter misste schaffe kënnen. Dovu kann ee lo hale, wat ee wëll. Dat erkläert awer net, firwat de Begleetbréif net op Lëtzebuergesch verfaasst gouf, net zulescht fir de Leit déi speziell Sproochesituatioun an och de Grond (feelend Iwwersetzer), firwat se net dierfen op Lëtzebuergesch äntweren. D’ADR waart gespaant op der Madamm Lenert hir weider Ausrieden…

Äntwert vun der Madamm Lenert:

Hannergrond:

Deel dëse Post: