Firwat kee Lëtzebuergesch an der Medizin!?

De Gesondheetsministère verschéckt e Froebou fir eng Etude iwwer Schlofstéierungen. Dëse Formulaire ass op Däitsch, Englesch, Franséisch a Portugisesch erhältlech. Awer net op Lëtzebuergesch! Wéi begrënnt sech des skandaléis Entscheedung vun der Madamm Gesondheetsminister?

An hirer Äntwert mécht d’Madamm Minister(*) de Geck mat de Leit. Lëtzebuergesch ass fir international Etuden net wichteg genuch an iwwerhapt kënnen d’Lëtzebuerger jo all déi aner Sproochen. Wien sech dru gëtt, gëtt also bestrooft.

(*) Vertrueden duerch hir Premier Conseiller.

Deel dëse Post: