Firwat gouf d’Buslinn 305 annuléiert?

D’Buslinn 305 déi Saarburg mat der Stad verbënnt, gouf den Dezember 2022 fir de Weekend komplett agestallt. Grad op der däitscher Säit vun där Linn wunne vill Lëtzebuerger, déi sech déi héich Immobiliëpräisser hei am Land net méi leeschte kënnen, an déi lo och nach fir zwee Deeg an der Woch komplett vum ëffentlechen Transport ofgeschnidde goufen, deen si iwwer hir Steieren awer matbezuelen. Hinne bleift héchstens nach d’Méiglechkeet, duerno och nach déi héich Spritsteieren ze bezuelen, déi vun der nämmlechter grénger Regierung decidéiert goufen.

Deel dëse Post: