Fir eng Reform vum Walgesetz! (VIDEO)

print

De 23. Mee huet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen op enger Pressekonferenz eng Gesetzpropositioun virgestallt, an där et drëms geet, eng méi gerecht Verdeelung vun de Chambersëtz pro Bezierk z’erreechen. Virun de Wale sollen op Basis vun den ageschriwwene Wieler d’Zuel vun de Mandater pro Bezierk festgeluecht ginn.

D’ADR hat schonns virun e puer Joer op d’Ongerechtegkeeten am Lëtzebuerger Walsystem higewisen. Am Zentrum kënnt een Deputéierten op 3008 Wieler, mä am Süden brauch een dofir 3909 Wieler, am Osten der 4353 an am Norden der net manner wéi 4428. D’ADR proposéiert dowéinst, datt – virun de Walen – d’Zuel vun de Mandater pro Bezierk op Basis vun den ageschriwwene Wieler festgeluecht gëtt. Op der Basis vun de Wielerzuelen aus dem Joer 2009 géif d’Verdeelung esou ausgesinn : 24 Sëtz fir de Süden (+1), 17 Sëtz fir den Zentrum (-4), 11 Sëtz fir de Norden (+2) an 8 Sëtz fir den Osten (+1).

Hei kënnt Dir d’Gesetzespropositioun, déi d’ADR deponéiert huet, noliesen.

Walbezierker: d’ADR huet eng Gesetzespropositioun deponéiert

Walgesetz: d’Presidentekonferenz an d’Chamber schwätze sech fir d’Recevabilitéit vun der ADR-Gesetzpropositioun aus

Lieserbréif vum Éierepresident Roby Mehlen: Verfassungswidriges Wahlrecht?

ADR: Geographesch Verdeelung vu Mandater ass net korrekt (news.rtl.lu)

ADR fordert Reform des Wahlgesetzes (lessentiel.lu/de)

Unsere Website verwendet Cookies, die es möglich machen, Nutzer bezogene Informationen zu speichern, während er die Website nutzt. Cookies helfen uns, unser Angebot kundenfreundlicher zu gestalten.  Weitere Informationen Des Weiteren verwendet unsere Website Google Analytics, einen Webanalysedienst von Google Inc. Dieses ermöglicht uns eine Analyse der Nutzung unseres Websiteangebotes um es besser zu gestalten. Wenn Sie dies nicht wünschen, klicken Sie folgenden Link. Analytics deaktivieren.