Energieaarmut bleift en akute Probleem

Energiepass

Besonnesch Leit, déi wéineg verdéngen, awer net méi nëmme si leiden immens ënnert deenen nach ni gekannten Energiepräisser. Vu, datt d’Regierung sënnvoll Propose vun der ADR, wéi zum Beispill entspriechend Steiersenkungen an dësem Dossier reegelméisseg ofleent, musse si jo op mannst symbolesch Léisunge presentéieren. An hei gouf geliwwert wéi bestallt. Leit, déi energieintensiv hëtzen, sollten an de Genoss vun zënslosen, respektiv subventionéierte Prête kommen, fir hir Haiser energetesch ze moderniséieren. Mee wéi d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek schreift, goufe wärend fënnef Joer grad emol 27 sou Demanden accordéiert. Wéi reagéiert d’Regierung?

 

Deel dëse Post: