Éiweg Baustell op der A1?

Op der A1 ginn Aarbechten un enger Bréck virgeholl. D’Enn vun der Baustell gouf fir den 2. November ugekënnegt. Iwwert e Mount méi spéit ass d’Streckeféierung nach ëmmer geännert an d’Vitess bleift op 70 limitéiert. D’Aarbechte schéngen iwwerdeems ze rouen an en neien Datum gëtt guer net méi ugekënnegt. Amplaz gëtt alt nees e Radar opgestallt. Amplaz op Transparenz an entspriechend Eegeverantwortung vun de Leit setzt och déi nei Regierung offenbar léiwer op Repressioun. Falls dann effektiv e Sécherheetsprobleem un der Infrastruktur festgestallt gouf, firwat ginn d’Aarbechten dann net méi prioriséiert? Oder bleiwen d’Leit am Stroosseverkéier weider d’Stoussnéckele vun der Natioun?

Deel dëse Post: