E Walprogramm fir d’Land: éierlech an ouni Konzessiounen!

D’ADR huet sech Zäit gelooss fir hire Walprogramm ze presentéieren. Aner Parteien strapazéieren eis Nerven an déi vun de Journalisten fir hire Programm a klenge Stécker ënnert d’Leit ze bréngen. Och hei steet d’ADR fir ganz Saachen, ouni ze bléimelen oder de Lëtzebuerger Hunneg ëm de Mond ze schmieren.

Presentéiert gouf eise Programm no der Introduktioun duerch de Parteipresident Dr. Jean Schoos (Extrait 5’10”) vun enger Rëtsch Kandidaten, deenen hir eenzel Interventiounen Dir fannt. Eis Haaptthemen si vun deenen eenzelne Leit virgestallt ginn (klickt einfach op den Thema, deen iech intresséiert): Wuesstem (Fred Keup – Extrait 6’52”), Wunnengsnout (Roland Houtsch – Extrait 7’19”), Mobilitéit esou wéi Migratiouns- an Asylpolitik (Dan Hardy – Extrait 5’23”), Staatsfinanzen esou wéi  Famill a Kanner (Sylvie Mischel – Extrait 10’09”), Pensiounen esou wéi Schoulpolitik (Michel Lemaire – Extrait 8’12”), Lëtzebuerger Sprooch (Lucien Welter – Extrait 3’02”) … Present waren och d’ADR-Deputéierten Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser, déi op Froe vun der Press geäntwert hunn.

De Programm mat sengen 28 grousse Kapitelen geet natierlech nach op aner Sujeten an, mee fir d’Pressekonferenz hate mir eis dat erausgesicht, wat eis ënner de Fangerneel brennt a virun allem elauter Sujeten, déi eng Uursaach hunn … den onkontrolléierte Wuesstem, deem eist Land Joer fir Joer noleeft an deen eis futti mécht, wa mir net oppassen.

Deel dëse Post: