Dëse Programm huet vir eng Iwwersiicht, an hannen en detailléierten Inhalt. Mat engem Click kënnt Dir vu béiden aus all Kapitel uwielen. Mat Ctrl+Home oder Ctrl+End kommt Dir direkt op d’Inhaltsverzeechnesser zeréck.

D’Andeelung vun eisem Walprogramm

Virwuert vum President

1. Fir e verantwortungsvolle Wuesstem

2. Bezuelbaart Wunne fir jiddereen

3. Mobilitéit, e Ganzt fir jiddereen

4. Lëtzebuergesch: d’Sprooch fir Integratioun a sozial Kohäsioun

5. FIR d’Famill heescht FIR d’Kanner

6. Schoulpolitik: Schluss mam „Nivellement vers le bas“

7. Urgence fir d’Gesondheet

8. Asylpolitik

9. Naturschutz ouni Schikane fir Mënschen a Betriber

10.Fir eng vernënfteg Klimapolitik ouni Angscht ze maachen

11.Agrarpolitik – eis Visioun

12.Sozial Gerechtegkeet

13.Gutt vu senger Aarbecht liewen!

14.De Pensiounssystem laangfristeg ofsécheren

15.Prioritéit fir Lëtzebuerger Betriber

16.Wëssen a Fuerschung: Wëssenschaftler eng nei Heemecht ginn

17.De Staat: Jo zur konstitutioneller Monarchie

18.De mëndege Bierger

19.Fra a Mann

20.Justiz: fir méi Gerechtegkeet

21.De Bierger schützen

22.En effizienten ëffentlechen Déngscht

23.Gesond Staatsfinanzen

24.D’Gemenge stäerken

25.Sport

26.Kultur

27.Tourismus

28.Baussepolitik

29.Entwécklungshëllef mat Häerz a Verstand

 

Virwuert vum President

Léif Wielerinnen a Wieler,

Dir hutt elo de Walprogramm vun der ADR an den Hänn. Op der Basis vun esou Programmer musst Dir, e Sonndeg, de 14. Oktober, eng wichteg Entscheedung fir d’Lëtzebuerger Land matdroen. Och vun Ärer Stëmm hänkt et of, op wéi e Wee et an den nächste Jore fir Lëtzebuerg geet.

D‘ADR schwätzt eng kloer Sprooch. Och wa Lëtzebuerg viru groussen Erausfuerderunge steet, fäerte mir net, fir couragéiert an onkamoud Positiounen ze vertrieden.

Déi gréisste Fro, un där och all aner politesch Entscheedung hänkt, ass déi vum Wuesstem. Wëlle mir ëmmer méi? Méi Wuesstem, méi Suen, méi Vakanzen, méi grouss Autoen asw. Awer wëlle mir och méi Stau, méi deier a méi kleng Wunnengen, méi grouss Réckstänn beim Upasse vun esou wichtegen Infrastrukturen ewéi Spideeler an och Senioren- a Fleegeheemer.

Si mir eis och wierklech bewosst, datt esou e Wuesstem op d‘Käschte vun eise Kanner a Kandskanner geet, wou mir elo schonn u Liewensqualitéit abéissen?

D‘ADR huet dofir dëse Programm op eng Prämiss opgebaut: de verantwortungsvolle Wuesstem! Dëst heescht konkret, datt bei all gréisser Entreprise, déi nei an d‘Land komme soll, genee analyséiert gi muss, ob dës dem Land och méi Virdeeler ewéi Nodeeler bréngt. Eis Wisen, eist Waasser an eis Loft si wäertvoll Ressourcen, déi net onendlech sinn an déi et fir d‘Zukunft ze erhale gëllt. Nei Aarbechtsplazen ännere wéineg um Chômage, bréngen awer méi laang Stauen mat sech, wou den ëffentleche Verkéier dach esou schonn aus allen Néit platzt. Et ginn zënter Joerzéngte manner Wunnenge gebaut ewéi der gebraucht ginn. Et si ronn 11.000 Awunner, déi all Joer an d’Land kommen – an och Leit, déi hei opgewuess sinn, grënne Stéit. Awer mir bauen net emol 3000 Wunnengen d’Joer. Et gëtt dowéinst fir d‘ADR nëmmen eng eenzeg Léisung: de verantwortungsvolle Wuesstem!

D‘Evolutioun aus de leschte Joerzéngte stellt Lëtzebuerg och elo scho virun en anere groussen Defi: d’sozial Kohäsioun. Hält Lëtzebuerg nach zesummen? Géife mir haut nach solidaresch d’Stolkris aus den 1970er Joren duerchstoen? Hält just de Räichtum vum Land eis zesummen? Wat maache mir haut, wann dësen duerch eng aner Wirtschaftskonjunktur a Gefor ass. Dowéinst ass fir d’ADR d‘Integratioun fir immens wichteg, an d‘Integratioun kann nëmmen iwwer d‘Lëtzebuerger Sprooch geschéien. Dowéinst sti mir fir eng Stäerkung vun eiser Kultur, Sprooch an Identitéit. Mir setzen alles drun, datt déi verschidde Kulturen net laanschtenee liewen, mee mateneen. Et muss awer och esou bleiwen – ewéi bal 80% vun de Lëtzebuerger dat am Referendum verlaangt hunn –, datt d‘Lëtzebuerger selwer an eleng iwwert hir Zukunft an hir Vertrieder an der Chamber bestëmmen.

E weidere Pilier vun eiser Zukunft ass d‘Famill. Och hei setzt d‘ADR Schwéierpunkten. Mam Elteregeld setzt d’ADR sech dofir an, datt d’Familljen de Choix kréien, ob si hir Kanner doheem erzéie wëllen oder sech fir eng Crèche entscheeden.

Mat dësem Programm verdeelt d‘ADR keng Walkaddoen a geet net mat der Strenz iwwert d‘Land, mee mir wäerten do hëllefen, wou Nout ass. Lëtzebuerg brauch net no de Stären ze gräifen, mee d’Land verdéngt eng verantwortungsvoll Politik fir e verantwortungsvolle Wuesstem. Dofir: Är Stëmm fir Lëtzebuerg – ADR.

Dr Jean Schoos,

President vun der ADR

1. Fir e verantwortungsvolle Wuesstem 

Wéi e Lëtzebuerg wëlle mir fir muer?

Wéi e Lëtzebuerg wëlle mir eise Kanner hannerloossen?

Wëlle mir och muer eis Sprooch schwätzen, eis Kultur liewen, un eis Geschicht erënneren?

Musse mir de Stau an d’Immobilitéit hinhuelen?

Kënnen d’Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen, sech haut an och muer nach eng Wunneng am Land leeschten?

Wëlle mir iwwermuer nach an de Bësch spadséiere goen, gesond Liewensmëttelen aus dem Land genéissen a proppert Waasser drénken?

Musse mir ëmmer méi laang waarden, fir am Spidol bäizekommen?

Dëst si fir d’ADR déi grondleeënd Froen, iwwer déi Lëtzebuerg soll debattéieren an iwwer déi d’Wieler de 14. Oktober ofstëmmen.

D’ADR trëtt a fir e verantwortungsvolle Wuesstem, deen an éischter Linn deene Leit zegutt kënnt, déi haut zu Lëtzebuerg wunnen oder schaffen an deenen, déi muer hei op d’Welt kommen. Den onmoossege Wuesstem aus deene leschte Joerzéngten huet dem Land a sengen Awunner kaum genotzt. D’Liewensqualitéit ass erofgaangen an den ongebremste Wuesstem stellt d’Land viru grouss Problemer!

De Constat

De Statec huet festgehalen, datt d’“Friichte vum Wuesstem“ an deene leschten 13 Joer éischter déi Stéit favoriséiert huet, déi besser gestallt sinn. De Wuesstem ass „pro Räich“. (Regards 08/2018).

Vill Leit, virun allem och jonk Leit, déi sech wëllen eng Wunneng uschafen an eng Zukunft opbauen, sti virun enorme finanziellen Erausfuerderungen. Vill Leit packen dat net a ginn dowéinst an d’Nopeschregioune wunnen. Domat ginn ëmmer méi Lëtzebuerger zu Grenzgänger.

De Stau op de Stroosse wiisst iwwer d’Grenzen eraus. D’Zich si struppevoll an d’Kapassitéit vun der Gare Lëtzebuerg ass nom neie Chantier definitiv erreecht. Laang Weeër op d’Aarbecht an heem schueden der Liewensqualitéit a ginn op d’Käschte vum Familljeliewen. Sollt Lëtzebuerg weider all Joer iwwer 13.000 nei Aarbechtsplaze schafen, da kënne weder e Mobilitéitskonzept nach d’Zwangsmoossname vun engem grénge Minister de Stau op der Strooss an d’Gedrécks am ëffentleche Verkéier verhënneren.

An de Spideeler ginn d’Waardezäiten ëmmer méi laang an inakzeptabel, ewéi z.B. an der Urgence oder fir en IRM.

Trotz dem wirtschaftleche Wuesstem an der extrem gudder Situatioun vun der Weltwirtschaft ass de Budget vum Zentralstaat net am Equiliber, an d’Staatsschold wiisst an absoluten Zuelen. Ëmmer méi PIB wëllen/mussen ze schafen, fir datt d’Staatsschold prozentual stabil bleift, ass einfach onsënneg.

De forcéierten ekonomesche Wuesstem kascht méi wéi en erabréngt. D’Land brauch ëmmer méi Stroossen, méi Contournementen, méi breet a geschwënn nei Autobunnen, méi Schinnen, méi Zich a méi Autobussen am ëffentleche Verkéier. Fir ronn 13.000 nei Awunner d’Joer musse Crèchen, Schoulen, een neie Lycée d’Joer, Sportsinfrastrukturen  asw. gebaut an ënnerhale ginn. D’Land brauch méi Police, méi Enseignanten, méi Proffen, méi Dokteren, méi Personal an de Spideeler, asw.

De Problem vum Erhale vun der sozialer Sécherheet, a ganz besonnesch dee vun der Ofsécherung vun de Pensiounen iwwert déi nächst Generatiounen eraus, gëtt net iwwert den onmoossege Wuesstem geléist. Am beschte Fall gëtt d’Rentemauer domat nach e puer Joer no hanne gedréckt. Wat mir méi laang waarden, wat et méi schlëmm gëtt. D’Laascht, déi aus där Spiral resultéiert, ass iergendwann net méi ze meeschteren.

Wa muer 700.000 Awunner am Land wunnen, mir iwwermuer zu méi wéi enger Millioun sinn, da stellen d’Lëtzebuerger nach knapps en Drëttel oder e Véierel vun der Bevëlkerung duer. D’ADR ass, wéi ronn 80% vun de Wieler, net der Meenung, datt d’Lëtzebuerger sech mussen upassen an eng aner Sprooch ewéi d’Lëtzebuergescht schwätzen, fir sech am Alldag (z.B. am Spidol) ze verstännegen oder aneren d’Soen an der Chamber ze iwwerloossen.

D’Propositiounen

D’ADR bitt an dësem Programm eng ganz Rei vu Léisunge fir e Land, an deem et sech gutt liewe léisst, a wou d’Liewensqualitéit virun de Wuesstem gestallt gëtt.

D’ADR steet fir e verantwortungsvolle Wuesstem mam Mënsch am Mëttelpunkt; fir eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun; fir e verstännegen Naturschutz, fir eng diversifizéiert Ekonomie, an där jiddereen eng Aarbecht fënnt, fir e soziale System, bei deem kee lénks leie gelooss gëtt, a wou d’Pensiounen e flotte Liewensowend erlaben.

D’ADR ass sech bewosst, datt méi e klengen ekonomesche Wuesstem méi Solidaritéit fuerdert, fir dëse soziale System weider op engem héijen Niveau ze halen, an ass dofir bereet, un där enger oder anerer Schrauf ze dréinen. Mir wëlle keng zwou Klassen. Och an der Medezin ass eng adequat Versuergung hir Sue wäert.

D’ADR wäert an der aktueller ekonomescher Situatioun de Budget vum Zentralstaat am Equiliber halen a keng nei Scholde maachen, déi d’kommend Generatioune belaaschten oder duerch ëmmer méi Wuesstem mussen opgefaange ginn.

Fir d’ADR heescht verantwortungsvolle Wuesstem, datt fir all nei gréisser Entreprise, déi sech zu Lëtzebuerg wëll nidderloossen, eng Etüd iwwer d’Virdeeler an d’Nodeeler opgestallt gëtt. Ugeholl ginn dann déi Betriber, deenen hire globale Bilan positiv fir d’Land ass.

D’ADR wäert déi ëffentlech Investissementer héichhalen, fir Infrastrukturen am Verkéier, an der Educatioun an am Gesondheets- a Sozialwiesen un déi jeeweileg Besoinen unzepassen.

D’ADR steet fir eng Wunnengspolitik, wou d’Funktioune vu Wunnen, Schaffen, Akafen a Fräizäit nees méi no beienaner leien a wou prioritär an Zonen aus den aktuelle PAGen an op de Frichë gebaut gëtt. D’ADR wäert iwwer de Wee vum „portage foncier“ Terrainen, déi an ëffentlecher Hand leien, erschléissen; den Accès op eng eege Wunneng erliichteren an och Norme festleeën, fir d’Baupräisser op d’mannst ze stabiliséieren.

D’ADR ass fir e Lëtzebuerg an deem déi Leit wëllkomm sinn, déi bereet sinn, sech ze integréieren. Mir sinn der fester Iwwerzeegung, datt déi Integratioun nëmme kann iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch geschéien. Mir si fir eng Lëtzebuerger Schoul vun der Integratioun an net fir eng ëffentlech „international“ Schoul, an där d’Kanner no hirer Mammesprooch opgedeelt sinn.

D’ADR setzt sech fir d’Familljen a fir d’Kanner an, well eenzeg an eleng Kanner, déi an engem gesonden Ëmfeld grouss gi sinn, op all Plang de Garant vun enger nohalteger Zukunft duerstellen.

Mir sti fir e Lëtzebuerg mat enger héijer Liewensqualitéit, enger staarker sozialer Kohäsioun, enger ëffentlecher Sozialversécherung mat engem héijen Niveau, wou eis Sprooch an eis Kultur respektéiert ginn an all dës Errongenschaften un déi nächst Generatioune verierft kënne ginn.

 

2.  Bezuelbaart Wunne fir jiddereen 

Den onmoossege Wuesstem vum Land bréngt zënter Joerzéngte grouss Problemer um Wunnengsmaart mat sech. Et ass fir vill Leit, grad fir Famillje mat Kanner, schwéier um nationale Wunnengsmaart e Logement zu verstännege Präisser ze fannen, sief dat fir ze lounen oder fir ze kafen. Fir d’ADR ass kloer, datt d’Léisung an éischter Linn am verantwortleche Wuesstem läit. Wéinst dem groussen Nohuelbedarf ass et awer dréngend noutwenneg, konkret a massiv Moossnamen ze huelen an esou den Accès op de Wunnengsmaart fir jiddereen nees accessibel ze maachen.

D’Recht op eng Wunneng muss an der Verfassung verankert ginn. Dobäi däerfen awer d’Eegentumsrechter net ausser Kraaft gesat ginn, sief dat duerch Enteegnungen, duerch Requisitiounen oder duerch eng iwwerdriwwe Besteierung vu Bauland oder Wunnengen, déi eidel stinn.

D’Wunnengsnout trëfft besonnesch Leit mat engem klengen Akommes, awer och Persounen a Stéit mat engem méi decken Akommes bleiwen dovunner net verschount. D’Präisser fir Wunnengen droen haaptsächlech zum Phenomen vun den „aarme Schafferten” (working poors) bäi. Déi héich Präisser um Wunnengsmaart dreiwe vill Stéit iwwer eis Grenzen eraus a maache si zu Grenzgänger am eegene Land.

Sozialwunnenge fir d’Locatioun

D’ADR wäert, per Gesetz, all Gemeng duerzou verflichten, op d’mannst 5% vun de Wunnengen op sengem Territoire fir sozial Mietwunnengen zur Verfügung ze stellen, dëst progressiv an iwwer den Zäitraum vun der nächster Legislatur.

Bei Bauprojete vun iwwer engem Hektar wäert d’ADR de Prozentsaz vu Wunnengen, déi fir de soziale Wunnengsbau musse reservéiert ginn, vun 10% op 15% eropsetzen. Dëst gëllt fir all neie Projet, dee vum 1.1.2019 un op den Instanzewee geet. Op dës Wunnenge sollen d’Gemengen e Virkafsrecht hunn, awer ënnert der Bedéngung, datt dës Wunnengen als sozial Mietwunnengen zur Verfügung gestallt ginn.

D’ADR hält um Modell fest, datt de Staat sozial Wunnengen, déi fir d’Locatioun bereet gestallt ginn, nom Gesetz iwwer de Wunnengsbau héich subventionéiert. Dës Subventioune ginn op all moralesch Persounen ausgedeent, déi sech verflichten, dës Wunnengen iwwer en Zäitraum vu wéinstens 25 Joer zu de Konditioune vum soziale Wunnengsmaart ze verlounen.

Fir datt d’Sozialwunnenge fir d’Locatioun gerecht verdeelt ginn, ginn eenheetlech Kritären ausgeschafft, déi fir all Proprietär gëllen, deen op dësem Wunnengsmaart aktiv ass: Staat, Fonds de Logement, SNHBM, Gemengen a moralesch Persounen, déi dofir subventionéiert ginn. Et gëtt eng eenzeg transparent Waardelëscht (déi déi verschidde Kritären ewéi d’Familljenzesummesetzung oder d’Aarbechtsplaz berécksiichtegt) an d’national Gestioun gëtt der AIS (Agence immobilière sociale) iwwerdroen. Dës Agence kritt déi néideg Mëttelen an dat néidegt Personal, fir dëser Aufgab gerecht ze ginn.

Dës Sozialwunnengen däerfen a sollen och fir speziell Forme vu Wunnen agesat ginn, wéi „betreite Wunnengen“ fir Leit mat spezifesche Besoinen oder wéi Wunngemeinschafte fir eeler Leit an eventuell mat jonke Leit a Stéit zesummen. D’ADR ass bereet, fräiwëlleg zesummegesaten Wunngemeinschaft ze fërderen.

Sozialwunnenge fir d’Locatioun gi geografesch esou verdeelt, datt eng gesond Mixitéit entsteet. Si solle besonnesch deene Jonken, déi am Land opgewuess sinn, zegutt kommen.

Mir wäerten d’Kritären an d’Montante fir de Loyerssubsid reegelméisseg iwwerschaffen an upassen, dëst och an Zesummenhang mat der Debatt ëm de Mindestloun.

Hëllef fir den éischten Accès als Proprietär

Et ass ganz schwéier, wann net onméiglech fir Leit a Stéit mat engem klenge bis mëttleren Akommes, eng éischte Kéier Proprietär vun engem Haus oder enger Wunneng ze ginn. Dëst gëllt nach méi fir Stéit, deenen hiert Akommes knapp iwwer der Limitt läit, bei där de Staat an d’Gemengen aktuell mat Hëllefen a Subsiden asprangen. D’Relatioun tëscht Akommes, Wunnengspräis an Héicht vum Prêt stëmmt net méi.

D’ADR wäert dowéinst d’Kritären aus dem Gesetz fir Wunnengshëllef ganz kloer no uewe revidéieren. De Plafong vun de Revenuen, fir vun der Wunnengshëllef ze profitéieren, gëtt erhéicht an un de Mindestloun gekoppelt.

Mir setzen d’Plafongen, fir d’Wunnengshëllef ze kréien, esou fest:

  • fir en 1. Erwuessenen: 4 mol den onqualifizéierte Mindestloun; 

  • fir den 2. Erwuessenen: 2 mol den onqualifizéierte Mindestloun; 

  • fir all Kand am Stot: 0,5 mol den onqualifizéierte Mindestloun. 

De Staat iwwerhëlt fir dës Stéit d’Biergschaft bei der Bank, esou datt dës Leit e Prêt vun 100% vum Präis vun der Wunneng oder dem Haus kënne kréien.

D’Wunnengshëllef kritt een nëmmen, wann een:

  • keng eege Wunneng huet (weder zu Lëtzebuerg nach am Ausland); 

  • op d’mannst fënnef Joer am Land gewunnt oder zéng Joer do geschafft huet; 

  • selwer an der Wunneng oder am Haus wunnt; 

  • d’Wunneng oder d’Haus wéinstens 15 Joer fir den eegene Gebrauch notzt; 

  • déi aktuell Limitte vun der Wunnfläch (bei Neibauten) respektéiert (140 m² fir en Haus, 120 m² fir eng Wunneng). 

Eng weider Hëllef kann doranner bestoen, datt de Staat oder d’Gemeng ëffentlech Terrainen zur Verfügung stellen nom Prinzip vum „Portage foncier“. Hei gëtt de Präis vum Terrain beim Verkaf festgeluecht, an eréischt ofbezuelt, wann de Bau vum Haus oder vun der Wunneng ofbezuelt ass.

D’ADR wäert och d’Gemengen opfuerderen, d’staatlech Hëllefen duerch kommunal Hëllefen ze komplettéieren. D’Gemengen däerfen dobäi Awunner aus hirer Gemeng an deenen hire Kanner Prioritéit ginn, fir si an hirer Gemeng ze halen.

D’Offer verbesseren

Nieft den Hëllefe fir de soziale Wunnengsbau an den Accès op déi éischt Proprietéit wäert d’ADR och eng Rei Moossnamen an d’Weeër leeden, fir d’Präisspiral um Wunnengsmaart ze bremsen oder ze stoppen. Am Respekt vun der Privatproprietéit geet dëst nëmmen, wann d’Offer – bei der Locatioun a beim Verkaf – an d’Gläichgewiicht mat der Nofro kënnt.

D’Gemenge spillen eng wesentlech Roll beim Notze vun den Terrainen, esouwuel iwwer den allgemenge Bebauungsplang (PAG, Bauperimeter) an déi partikular Bebauungspläng (PAP) wéi och iwwer d’Bautereglement (Héicht vun de Residenzen, Wunnengsdicht, asw.).

De Staat an d’Gemenge mussen dofir suergen, datt et genuch Bauschuttdeponien am Land gëtt, déi och geographesch sënnvoll verdeelt sinn. Laang Transporter mat Camione vum Schantjen op esou eng Deponie schueden net nëmmen der Ëmwelt, si dreiwen och d’Präisser vun de Wunnenge staark an d’Luucht.

Mir wäerten iwwert déi national Bestëmmungen (wéi „plans sectoriels, plan sectoriel logement“) de Gemengen nei Méiglechkeete ginn, ganz besonnesch wat d’Wunnengsdicht ubelaangt. Dowéinst wäerte mir d’Zuel vun de „maximale Wunnunitéite pro Hektar“, wéi se am „Plan sectoriel logement“ virgesinn ass, ëm 10 Unitéite pro Hektar eropsetzen.

D’ADR wäert déi gesetzlech Méiglechkeete verstäerken, déi et verbidden, Wunnenge fir aner Zwecker (z.B. als Büroen) ze notzen.

Wéinst dem Präisdrock um Wunnengsmaart däerf awer och eng Erweiderung vum PAG keen Tabu sinn. Bei der Erweiderung vum PAG a bei der Ëmwandlung vun esou Terrainen ewéi Industriefrichë mussen de Staat an d’Gemengen dofir suergen, datt domadder d’Präisser erofgedréckt ginn. Mir wäerte legislativ Moossnamen ergräifen, fir datt de Benefice – deen entsteet, wann Terrainen nei als Wunnterrain klasséiert ginn – zum gréissten Deel den zukünftegen Awunner zegutt kënnt.

D’ADR wäert fir gréisser Lotissementer, d’Prozedur vum Remembrement obligatoresch maachen, esou datt net en eenzele Proprietär e ganze Projet ka verhënneren. Dobäi mussen awer d’Rechter vun alle Proprietären nom Prinzip vun der Proportionalitéit respektéiert ginn.

D’Erweiderung vum Bauperimeter gëtt vun ëffentlecher Hand gesteiert. D’Gemeng, déi dem Gesetz no fir Terraine laanscht de Bauperimeter Virkafsrecht huet, wäert all Terrain an dësen Zonen zu de Konditioune vum Virkafsrecht kafen, an de Bauperimeter iwwerféieren an zu spezielle Konditioune weiderverkafen oder -verlounen (portage foncier). Och onkonventionell Bauprojete mussen erlaabt ginn, dëst awer am Respekt vu bestoende Strukturen.

Dobäi kënnen déi Terrainen u bestëmmte Bedéngunge gebonne ginn, wéi datt si beispillsweis musse bannent kuerzer Zäit bebaut ginn an/oder de Präis iwwer de „portage foncier“ un d’Situatioun vum Keefer sengem Akommes ugepasst ginn.

De Prinzip vum „Pollueur-Payeur” muss bei enger eventueller Sanéierung vun Industriefrichë respektéiert ginn.

Normen, Prozeduren, Niewekäschten

D’Offer verbesseren, heescht och, de Privatpromoteuren net onnéideg Steng an de Wee ze leeën, wéi z.B. mat onnëtzen Oplagen, déi de Bau méi deier maachen. D’Energienormen an d’Prozeduren, déi domadder verbonne sinn, vereinfache mir nach eemol.

D’ADR ass dogéint, datt d’Leit gezwonge ginn, nëmmen nach Passivhaiser ze bauen. Dat ass e staatlechen Agrëff an déi perséinlech Fräiheet. Mir ënnerstëtzen dogéint fräiwëlleg Investitiounen an en niddregen Energieverbrauch.

Mir wäerten d’TVA op Wunnengen, déi gebaut ginn, fir duerno verlount ze ginn, erëm op 3% erofsetzen.

Eidel Wunnenge sollen an d’Locatioun kommen an Terrainen, déi bannent dem PAG leien, solle bebaut ginn. Ee Modell dofir ass d’Agence immobilière sociale (AIS).

Trotz alle Problemer um Wunnengsmaart muss awer weiderhin d’Recht op d’Proprietéit geschützt bleiwen. Et däerf weder zu Zwangsmoossname kommen, nach zu iwwerdriwwenen Taxen.

 

3.  Mobilitéit, e Ganzt fir jiddereen 

D’Mobilitéit ass e wichtege wirtschaftlechen a soziale Faktor. Leider ass zu Lëtzebuerg, an dëst net nëmmen an de Spëtzestonnen, d’Immobilitéit d’Reegel. Verstoppte Stroossen an Autobunnen, vun engem Schantje bei den aneren, Bussen an Zich déi iwwerfëllt an dozou nach seele pénktlech sinn, Vëlospisten, déi op all gréisserer Kräizung inexistent sinn: esou gesäit et haut aus.

D’ADR wäert an noer Zukunft alles drusetzen, fir Lëtzebuerg nees mobil ze maachen! Fir de Problem an de Grëff ze kréien, muss als alleréischt op den onmoossege Wuesstem verzicht ginn. Mir respektéieren awer och d’Bedierfnesser an d’Wënsch vun de Leit, an zéien net aus ideologesche Grënn een eenzegt Verkéiersmëttel (negatiivt Beispill: den Tram) allen anere vir. Nei Modeller, wéi en Auto mat anere Leit ze deelen (z.B. Co-voiturage, Car sharing), mussen um fräie Wëlle berouen. Och e bessere legalen Encadrement vum Teletravail kann eng kleng Entlaaschtung beim Verkéiersproblem bréngen.

Mir suerge fir eng gesond Mëschung tëschent ëffentlechem an Individualverkéier an erënnert un d’Resultater vun der Etüd Luxmobil: Ronn 75% vun den Trajeten zu Lëtzebuerg gi mam eegenen Auto zréckgeluecht.

D’ADR wäert d’Bierger net iwwer zwangserzéiend Moossnamen, wéi d’Aféierung vun enger Maut (op Landstrooss oder fir en Zougang an d’Stad) oder der drastescher Reduzéierung vu Parkplazen (ëffentlecher oder privater), duerzou bréngen, op hiren Auto ze verzichten.

Mir encouragéieren d’Bierger iwwer positiv Moossnamen duerzou, op ëffentlech Verkéiersmëttelen zréckzegräifen! Als éischt Moossnam wäerte mir de Gratistransport fir jiddereen aféieren. Weider wäerte mir den ëffentlechen Transport qualitativ verbesseren, esou datt dësen op d’mannst an de Spëtzestonnen e Virdeel (och zäitlech) zum Individualverkéier bréngt.

Duerch de Gratistransport ginn awer keng „Kontrolleren“ bei der CFL ofgeschaaft! D’Zuchpersonal bleift an den Zich a konzentréiert sech op Sécherheetsaufgaben.

D’ADR wäert sech dofir asetzen, datt manner geschützte Persounen am Verkéier – Foussgänger, Vëlosfuerer a Motorradfuerer – iwwer spezifesch Moossnamen a besonnesch duerch ugepassten Infrastrukture besser geschützt ginn.

Mir bleiwen iwwerzeegt, datt nëmmen de Konzept vum City-Tunnel (direkt Zuchverbindungen ënnert der Stad) eng fléissend Mobilitéit laangfristeg séchert.

Eisebunn

D’Eisebunn ass e wichtegen Deel vum Verkéierskonzept. D’ADR ënnerstëtzt dowéinst d’CFL-Pläng fir d’Schinnennetz auszebauen a Material mat méi enger grousser Kapassitéit unzeschafen.

Mir sinn eis awer bewosst, datt d’MaximalKapassitéit vun der Schinn praktesch schonn erreecht ass.

D’ADR ënnerstëtzt d’Iddi vun enger direkter, séierer an effikasser Verbindung tëschent Esch-Belval an der Stad. Mir wëllen dowéinst ënnersiche loossen, ob Monorail, Bus op eegenem Tracé, Zuch oder Tram déi effikasste Léisung ass.

Mir setzen eis dofir an, datt déi international Zuchverbindunge mat Lëtzebuerg staark verbessert ginn (véier TGV-Verbindungen den Dag op Stroossbuerg an eventuell Basel; Moderniséierung vun der Verbindung op Bréissel; Realiséierung vum Projet EuroCapRail, deen 2003 als europäesch Prioritéit festgeluecht gouf;  Faisabilitéitsetüd iwwert eng direkt Verbindung op Saarbrécken mat Uschloss un d’ICE-Netz).

Tram

D’ADR ass weider dovunner iwwerzeegt, datt den Tram duerch d’Stad méi Problemer schaaft, wéi en der léist. An de Problem vun de Pendler léist e schonns guer net. Dowéinst fuerdere mir, datt keng weider Pläng fir eng Extensioun vum Tram op den Dësch kommen, ier deen aktuelle Projet realiséiert ass. Duerno soll eng onofhängeg Etüd d’Vir- an d’Nodeeler vun enger fester Schinneverbindung préiwen, och wat d’Behënnere vun anere Verkéiersmëttelen ugeet, ier nei Projete geplangt ginn.

Bus

D’ADR begréisst, datt all Uertschaft am Land un den ëffentlechen Transport ugeschloss ass. Dëst soll och an Zukunft de Fall sinn. D’ADR wäert d’Buslinnen nei organiséieren, dëst mat folgenden Ziler: Komfort an Zouverlässegkeet, vill Fuerten op den Haaptstrecken an eng gutt Auslaaschtung.

Mir wäerten op den Haaptachse Busse mat héijem Niveau u Service (BHNS) asetzen, dëst ënnert der Woch zu Spëtzenzäiten am Takt vun 10 bis 15 Minutten. Dës Busse fueren och P&R un, déi vill Verkéier opfänke kënnen.

All Uertschaft gëtt vum ëffentlechen Transport bedéngt, dëst 7 Deeg op 7 an och an der Nuecht. Zu Zäiten, an deene wéineg Kapassitéit gebraucht gëtt, kann dëst mat klenge Gefierer an op Demande realiséiert ginn, déi iwwert eng „App“ oder iwwer Telefon kënne kuerzfristeg ugefrot ginn. Déi kleng Uertschafte ginn un d’BHNS-Netz ugebonnen. Do wou Leit ëmklammen, gi flott Plazen ugeluecht mat engem Ënnerdaach an Toiletten.

En ähnleche Modell gëtt och fir d’Netz am Süden (TICE) ausgeschafft, woubäi hei d’gréisser Konzentratioun vun der Populatioun méi eng grouss Dicht vun direkte Bussen an d’Haaptuertschaften erfuerdert.

D’ADR wäert do, wou et sënnvoll an technesch méiglech ass, Busse mat alternative Motoren (Hybrid, voll elektresch, Waasserstoff, Äerdgas asw.) asetzen.

Fluchhafen

D’ADR ass sech der Wichtegkeet vum Findel fir d’Lëtzebuerger Ekonomie bewosst, och wéinst den Aarbechtsplazen, déi dorunner hänken. D’ADR freet sech iwwer d’Entwécklung vum Fluchhafen, déi och matbréngt, datt ëmmer méi Leit sech d’Fléie leeschte kënnen. D’ADR wäert sech fir eng nei Fluchlinn an Amerika asetzen.

Déi wichteg Funktiounen, besonnesch déi, déi d’Sécherheet betreffen, musse weider an den Hänn vum Lëtzebuerger Staat bleiwen. Et gëtt keng weider Souveränitéit un auslännesch, privat oder ëffentlech, Gesellschaften ofginn.

D’ADR ënnerstëtzt weider d’Clibb an d’privat Piloten. Si spillen eng Roll an der Fräizäitbeschäftegung a bei der initialer Formatioun vu professionelle Piloten. Hei soll mat interesséierte Gemengen no enger Léisung fir en eegent Fluchfeld mat Hangare gesicht ginn. Esoulaang ewéi awer keng esou eng Alternativ am Land besteet, mussen all d’Acteuren déi liicht Fligerei um Findel eescht huelen an ënnerstëtzen.

Vill Awunner, déi ronderëm de Findel wunnen, si mat ëmmer méi grousse Belästegunge konfrontéiert. D’ADR wäert dowéinst d’Reegelen ëm d’Nuetsflich verschäerfen a streng duerchsetzen. Donieft wäerte mir, mat den Experte vun der Fligerei, nei Approchen op de Findel festleeën, fir bewunnte Quartieren esou vill ewéi méiglech vum Kaméidi ze verschounen.

De Fluchhafe Findel muss international e gudde Ruff am Beräich vun der Sécherheet hunn. D’Sécherheet um a ronderëm de Fluchhafe gëtt weider verbessert. Dozou gehéiert och, datt Gidder am Beräich vum Cargo effikass kontrolléiert ginn. Dëst och am Hibléck op Schmuggel vun Drogen, Déieren oder Planzen an op Proliferatioun vu Waffen a vu Vecteuren, déi fir Massevernichtungswaffe kënne benotzt ginn.

Stroossen, Autobunnen, Contournementen

D’ADR ass der Iwwerzeegung, datt och an Zukunft den Individualverkéier (Auto, Moto) de gréissten Deel vun der Mobilitéit  ausmécht. Eng gutt ausgebauten Infrastruktur kënnt och dem ëffentlechen Transport (Bus) zegutt. Nieft dem Ausbau vum Stroossennetz muss awer och Schluss gemaach gi mam ongebremstem Wuesstem, dee schliisslech déi gréisste Schold um aktuelle Verkéiersinfarkt dréit.

D’ADR wäert kuerzfristeg déi aktuell Strukture méi effikass maachen, dëst z.B. iwwert eng intelligent Vernetzung vun de Verkéiersluuchten (Stéchwuert: „gréng Well“), de „grénge Feil“ beim Rietsofbéien, eng besser Buedemsignalisatioun op Kräizungen an eng verstänneg Koordinatioun vun de Schantercher.

Wat grouss Projeten ubelaangt, setzt d’ADR folgend Prioritéiten:

  • Ausbau vun der Nordstrooss op 2 x 2 Spuren an dräi Etappen (Colmer-Bierg – Fridhaff, Contournement Housen – Hengescht, Hengescht – Wemperhaart); 

  • Transversale Fridhaff Feelen 

  • Ausbau vun der Autobunn Diddeleng – Stengefort op 2 x 3 Spueren (mat der Méiglechkeet, eng Spuer ze reservéiere fir Bus a „Carsharing“ oder fir Camionen); 

  • Bau vum Boulevard de Merl; 

  • Contournement vu Käerjeng a vun Dippech; 

  • Contournement vun Hesper; 

  • Contournement vun Iechternach. 

Fir de Verkéiersfloss a Spëtzestonnen ze verbesseren a Geforenzonen ze entschäerfen, wäert d’ADR all Autobunnsop- an -offaart iwwerpréiwen an esou wäit ewéi méiglech verlängeren an ausbauen.

Et gëtt eng Faisabilitéitsetüd opgestallt, fir den Autobunnsrank ronderëm d’Stad zouzemaachen – dëst ënner strengen Oplagen, fir d’Natur an d’Bëscher esou mann ewéi méiglech ze belaaschten.

Autoen a Motorrieder

Fir d’ADR ass den Individualverkéier en Deel vun der perséinlecher Fräiheet. Et däerf net sinn, datt dës aus ideologesch Grënn ageschränkt gëtt. Et ass eben och eng Realitéit, datt trotz engem gutt ausgebauten ëffentlechen Transport vill Leit weider op hiren Auto ugewise sinn a bleiwen.

D’Entwécklungen um Autosmaart gi genee am A behalen an Demarchen op internationalem Plang ginn ënnerstëtzt, fir d’Belaaschtungen (Ofgasen, Kaméidi, Feinpartikelen, asw.) progressiv ze reduzéieren. D’Politik muss och bei Tester zu Lëtzebuerg dofir suergen, datt festgeluechten Norme vun de Produzente respektéiert ginn an datt d’Konsumenten éierlech iwwert déi technesch Donnéeën (dorënner och de Verbrauch, d’Emissiounen, asw.) informéiert ginn.

D’ADR ass net bereet, sech um aktuellen „Dieselbashing“ ze bedeelegen! D’ADR wäert d’Proprietäre vun Dieselautoen elo net „bestrofen“, nodeems den Diesel jorelaang an Europa vun der Politik gefërdert gouf.

Mir géingen awer nei Gefierer, alternativ Motorisatioune mat wéineg Emissiounen, ënnerstëtzen. Hei gëllt et awer mat gesondem Mënscheverstand virzegoen a kee Modell vu Motore géint d’Akzeptanz vum Maart ze forcéieren, dëst ëmsou méi, well net feststeet, wéi eng Motorisatioun sech an Zukunft wäert duerchsetzen.

D’ADR verfollegt déi Diskussiounen ëm d’Electromobilitéit ganz genee. Mir sinn eis bewosst, datt och esou Gefierer gravéierend ekologesch Nodeeler kënnen hunn an datt nach vill Entwécklungsaarbecht geleescht gi muss.

An dësem Stadium vun der Diskussioun ënnerstëtzt d’ADR d’Ariichte vun ëffentleche Bornen, fir elektresch Gefierer opzelueden. Mir passen d’Zuel vun esou Bornen dem reelle Verbrauch un, an handelen net no ideologesche Virgaben. Déi elektresch Borne musse standardiséiert ginn, fir datt all Typ vun Elektro-Auto si benotze kann. Ausserdeem musse si e séiert Oplueden erméiglechen. Um Findel an op de Garë ginn d’Taxisplaze systematesch mat esou Bornen equipéiert.

Wann alternativ Gefierer vum Staat gefërdert ginn, da muss all Bierger dovunner profitéiere kënnen. D’ADR wëll z.B., esouwäit dat sënnvoll ass, elektresch Autoen a Motorrieder iwwert eng direkt Subventioun promovéieren amplaz iwwert e Steierfräibetrag, deen nëmme fir Leit mat déckem Akommes profitabel ass.

D’ADR wäert Modeller, bei deene sech méi Leit een Auto deelen (Carsharing oder Carpooling, wou méi Leit sech een Auto deelen) mat staatleche Mëttelen ënnerstëtzen. De Code de la Route gëtt esou geännert, datt och Privatfirme sech um Maart vum Carsharing a Carpooling kënne bedeelegen.

Lëtzebuerger Firmaen a Fuerschungsinstituter gi beim Experimentéiere mat an Aféiere vun „autonomen“ Gefierer begleet.

D’ADR wäert dofir suergen, datt de Bensin an den Diesel zu Lëtzebuerg weiderhi méi bëlleg bleiwen ewéi am direkten Ausland. Et däerf net sinn, datt aus ideologesche Grënn eng ganz Spart am Commerce zerstéiert gëtt – mat allen Aarbechtsplazen, déi domadder verbonne sinn – a Lëtzebuerg op Steierrecettë verzicht, déi dann op engem anere Wee nees op d’Steierzueler duerkommen.

Fir d’ADR huet d’Verkéierssécherheet héchste Prioritéit. Dobäi kann awer d’Repressioun, sief et mat Policekontrollen oder Radaren, net déi eenzeg Léisung duerstellen. D’Marge bei de Radarkontrolle soll bei 10% vun der virgeschriwwener Vitesse leien.

D’ADR wäert och op Präventivmoossnamen opbauen. Duerzou gehéiert, datt déi jonk Chaufferen, wa si bis de Führerschäi gepackt hunn, de Sécherheetstraining zu Colmer-Bierg bannent engem Joer absolvéiere sollen. All Automobilist a Motorradsfuerer soll encouragéiert ginn, reegelméisseg un esou engem Cours deelzehuelen, dëst iwwer Informatiounscampagnen an niddereg Präisser. D’Coursë solle realistesch ugeluecht an un den Niveau vun de Chaufferen ugepasst sinn.

D’ADR motivéiert d’Leit, déi de Führerschäi maachen, gläichzäiteg un engem gratis Éischthëllefscours deelzehuelen.

D’ADR wäert och weider Sécherheetsauditte vun de Stroosseninfrastrukture maachen, fir duerno kuerzfristeg Moossnamen, déi an deenen Auditte recommandéiert sinn, och um Terrain ëmzesetzen. Duerzou gehéiert, datt d’Autobunnen nees beliicht ginn.

D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Motorradsfuerer zu Lëtzebuerg gläichberechtegt mat den Autosfuerer behandelt ginn. Well d’Motorradsfuerer bei engem Accident awer engem méi grousse Risiko ausgesat sinn, gi spezifesch Schutzmoossname geholl.

D’ADR wäert systematesch duerch d’ganzt Land nëmmen duebel Leitplanken zouloossen. De System vu spezielle Markéierungen op de Stroossen, fir d’Sécherheet vun de Motorradsfuerer ze verbesseren, gëtt generaliséiert. Markéierungen ewéi Foussgängersträife ginn aus rutschfestem Material realiséiert.

Op Basis vu positiven Erfarungen aus dem Ausland ginn de Motorrieder Ausnamen zougestanen, ewéi z.B. d’Benotze vu gewësse Busspuren an d’Laanschtfuere mat gerénger Vitess bei Stau – dëst am Interessi vun der Sécherheet.

Camionen

D’ADR hält um Prinzip fest, datt d’Camionen am Transitverkéier d’Autobunn oder d’Haaptstrooss net däerfe verloossen. D’Kapassitéite vun den Autobunnsparkinge mussen der Realitéit vum Transitverkéier ugepasst ginn.

Lëtzebuerger Entreprisë gi steierlech encouragéiert, eng Flott vu Camionen ze hunn, déi mat den neisten Normen equipéiert sinn. Dëst esouwuel wat déi aktiv a passiv Sécherheetsnorme betrëfft ewéi och d’Ëmweltnormen. D’Moossname fir d’Formatioun vun de Camions- a Buschauffere gi virugefouert. Den Assistent fir Vëloen a Foussgänger am doudege Wénkel ze detektéieren, gëtt fir Camionen a Bussen zu Lëtzebuerg Flicht. Mir setzen eis och dofir an, datt dës Moossnam europawäit als Flicht agefouert gëtt.

D’ADR wäert sech an Europa dofir asetzen, datt am Transportsecteur keng deloyal Konkurrenz a kee Sozialdumping entsteet, besonnesch wann dëst op d’Käschte vun der Sécherheet geet.

Duuss Mobilitéit

Bei der duusser Mobilitéit – Foussgänger a Vëlosfuerer – mussen all Moossnamen och e Plus u Sécherheet bréngen. D’Foussgänger brauche sécher Iwwergäng an anstänneg Trottoiren, déi breet genuch si fir zwou Kannerkutschen. Foussgängersträifen iwwer Nationalstroossen a „chemin repris” musse spezifesch beliicht a grondsätzlech mat roude Luuchten equipéiert sinn, fir datt de Foussgänger sech d’Virfaart froe kann. Dobäi muss d’Luucht och fir Senioren a Leit mat Behënnerung laang genuch gréng sinn. All d’Verkéiersstrukture mussen esou ugeluecht ginn, datt Mënsche mat Behënnerung hei net an hirer Mobilitéit ageschränkt ginn.

D’Benotze vum Vëlo soll weider gefërdert ginn. Dobäi hëllefen d’Richtlinne vun der Lëtzebuerger Vëlosinitiativ – nom Motto: „Vëlosinfrastruktur: wann, da richteg!”. Et bréngt näischt, fir Vëlospiste mat Faarf opzemolen, wann dës Piste virun all geféierlecher Kräizung einfach ophalen. Et notzt och näischt, d’Trottoire fir d’Vëloe fräizeginn, well domat ginn d’Foussgänger a Gefor bruecht.

D’ADR wäert déi verschidden national Vëlospisten endlech ënnertenee vernetzen, an och nei Pisten uleeën oder gestalten, fir datt et méi einfach gëtt, mam Vëlo op d’Aarbecht ze fueren. Bei all neiem Projet oder gréisseren Erneierungen am Stroossebau wäert d’ADR direkt eng Vëlospist uleeën.

Do wou eng Vëlospist nieft enger Strooss besteet, sinn d’Vëlosfuerer verflicht nëmmen dës ze benotzen. D’ADR wäert d’Autorisatioun, datt zwee Vëlosfuerer däerfen niewentenee fueren, zréckhuelen, dëst och am Sënn vun de Cyclisten hirer Sécherheet.

 

4.  Lëtzebuergesch:
d’Sprooch fir Integratioun a sozial Kohäsioun 

D’ADR ass déi Partei, déi sech am längsten, am stäerksten a konsequent fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt, dëst esouwuel an hire Programmer ewéi an ëffentlechen Debatten. Mir wäerten eisen Asaz fir d’Lëtzebuerger Sprooch weider verstäerken an net noginn, bis déi berechtegt Fuerderungen am Interessi vun eiser Nationalsprooch an eiser Gesellschaft erfëllt sinn.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass dat wichtegst Mëttel fir d’Integratioun. An nëmmen eng gutt Integratioun ass de Garant fir d’sozial Kohäsioun. Fir d’Gesellschaftsliewen zu Lëtzebuerg aktiv matzegestalten, ass et wichteg, datt auslännesch Matbierger Lëtzebuergesch kënnen. Domat ginn och weider berufflech Perspektiven op.

En eegene Ministère fir Sprooch, Integratioun a Kultur

D’Lëtzebuerger Sprooch muss déi néideg Unerkennung vun der Politik kréien, an dëst net nëmmen a Sonndesrieden. Scho bei der Regierungsbildung muss dës Unerkennung konkret Formen unhuelen. D’ADR schaaft dowéinst e „Ministère fir Lëtzebuerger Sprooch, Integratioun a Kultur“. Dëse Ministère suergt fir d’Ëmsetzung vu Moossnamen, déi d’Lëtzebuerger Sprooch betreffen, an d’Kontroll vun deeneselwechten.

Weider kréien all d’Ministèren eng offiziell lëtzebuergesch Bezeechnung (z.B. Staatsministère, Ministère fir baussenzeg an europäesch Ugeleeënheeten, Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Verbraucherschutz asw.). Och op offiziellen Dokumenter an op den Internetsitten ass déi lëtzebuergesch Bezeechnung als éischt unzeginn, virun enger Iwwersetzung an aner Sproochen.

D’ADR wäert am Ministère fir Sprooch, Integratioun a Kultur eng Kommissioun asetzen, déi lëtzebuergesch Ausdréck fannen oder formuléiere soll, fir nei Institutiounen ze benennen a friem Ausdréck (z.B. „Maison relais“) ze ersetzen. Gläichzäiteg wëlle mir déi staatlech Institutiounen a Kommissiounen, déi sech bis elo mat eiser Sprooch befaassen, zesummeleeën – esouwäit ewéi dat sënnvoll ass –, fir eng Proliferatioun vu Gremien an eng Kompetenzerivalitéit ze verhënneren.

Mir schafen och e Service, deen de Betriber hëlleft, fir eng korrekt Kommunikatioun op Lëtzebuergesch ze maachen (Numm vun der Entreprise, Prospekter, Internetsitten, asw.). Dëse Service setzt och Normverträg a Lëtzebuerger Sprooch op (Aarbechtsvertrag, Kafvertrag, Loyersvertrag, asw.).

Gesetzer, déi d’Allgemengheet betreffen (also keng „technesch“ Gesetzer ewéi z.B. fir d’international Finanzen) ginn op Lëtzebuergesch iwwersat an am „Journal officiel“ (fréier Mémorial) publizéiert, woubäi de franséischen Text ewéi am Sproochegesetz festgehalen juristesch zielt.

Digital Projeten zu Gonschte vum Lëtzebuergeschen – sief dat ëffentlecher (ewéi den LOD) oder privater (ewéi de Spellchecker) – soll de Ministère ënnerstëtzen an doran investéieren, besonnesch fir d’Schreiwen op Lëtzebuergesch ze fërderen. Et soll och mat Entreprisen, déi weltwäit agéieren (Microsoft, Apple, Google, asw.), verhandelt ginn, fir der Lëtzebuerger Sprooch eng méi grouss Präsenz an hire Produiten ze ginn. Och Software-Projeten am Beräich „open source“ solle gehollef kréien, fir z.B. esou Programmer an enger Lëtzebuerger Versioun erauszeginn.

De Ministère kritt déi néideg Mëttelen, fir d’Lëtzebuerger Kultur (Film, Literatur, Konscht, Traditioun, Geschicht, Patrimoine) ze fërderen.

Et gëtt eng Sammlung vun alle Lëtzebuerger Lidder opgestallt, déi – am Respekt vum Recht op intellektuell Proprietéit – esouwäit ewéi méiglech um Internet ëffentlech zougänglech gemaach an, wann net scho geschitt, mat den Noute publizéiert gëtt.

Héichwäerteg Dokumentarfilmer iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht an déi verschidde Regioune vum Land an och Kannerfilmer op Lëtzebuergesch gi ganz besonnesch vum Ministère gefërdert.

Fir eng wierklech Méisproochegkeet

D’ADR steet fir eng wierklech Méisproochegkeet, ouni datt eng Amtssprooch dominéiert. Dowéinst mussen all administrativ Formularen an deenen dräi Amtssproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) existéieren – eventuell och a méi Sproochen. Esou kënne Leit, déi an d’Land kommen, sech direkt op d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch konzentréieren.

D’Lëtzebuerger Sprooch an d’Verfassung

D’ADR huet am Oktober 2016 scho fir d’drëtte Kéier eng Propositioun an der Chamber hannerluecht, fir datt d’Lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung verankert gëtt.

Mir proposéieren dësen Text:

D’Sprooch vu Lëtzebuerg ass d’Lëtzebuergescht. D’Gesetz reegelt de Gebrauch vun der Lëtzebuerger, franséischer an däitscher Sprooch.

„La langue du Luxembourg est le luxembourgeois. La loi règle l’emploi des langues luxembourgeoise, française et allemande“.

Dës Propositioun ass vun der Regierung, der Handelskummer an dem Staatsrot aviséiert ginn. Et hätt also näischt am Wee gestanen, fir d’Chamber iwwert dës Propositioun  ofstëmmen ze loossen. Leider ass dëst net geschitt. D’ADR wäert dës Propositioun an der nächster Legislatur als éischt Prioritéit bei senger Chamberaarbecht ugesinn, an net waarden, bis iwwert eng eventuell nei Verfassung debattéiert an ofgestëmmt gëtt.

Mir verlaangen eng offiziell Iwwersetzung vun der Verfassung op Lëtzebuergesch an hir Verëffentlechung am „Journal officiel“ (ex-Mémorial).

Unerkennung als offiziell Sprooch an Europa

D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Lëtzebuergescht als offiziell Sprooch vun der Europäescher Unioun unerkannt gëtt – dëst esou séier ewéi méiglech! Et geet dobäi net duer, datt europäesch Institutioune mam Lëtzebuerger Staat senger Hëllef op Lëtzebuergesch äntweren, wann si e Bréif oder eng Demande an eiser Nationalsprooch kréien.

Mir verlaangen d’Unerkennung vun der Lëtzebuerger Sprooch als offiziell Sprooch vun der europäescher Unioun, an zwar no deenen Dispositiounen, déi am EU- Ministerrot fir verschidde Sprooche schonn am Joer 2005 zréckbehale goufen. Wann een op eng realistesch, duerchsetzbar a vertriedbar Manéier nach kann doriwwer erausgoen, dann ass d’ADR déi éischt Partei, déi dofir suergt, datt Lëtzebuergesch och an Europa op eng progressiv a pragmatesch Manéier méi Gewiicht kritt.

Gutt Kenntnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch,
eng Konditioun fir d’Nationalitéit

Fir d’ADR ass d’Lëtzebuerger Sprooch eng wichteg Bedéngung fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit ze kréien. Si ass de Schlëssel vun der Integratioun a Konditioun fir um politeschem Liewen deelzehuelen. Mir wäerten d’Nationalitéitegesetz dohinner verbesseren, datt nees den Niveau B1 am Verstoen an am Schwätze verlaangt gëtt, woubäi d’Tester – wou et méiglech ass an ouni de sproochlechen Niveau erofzesetzen – dem Kandidat senger Perséinlechkeet a Liewenserfarung vum Kandidat Rechnung droe sollten. D’Klausel, datt een no 20 Joer am Land ouni Lëtzebuergesch ze kënnen, Lëtzebuerger ka ginn, gëtt aus dem Gesetz gestrach.

D’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentlechen Déngscht

D’ADR verlaangt, datt Kenntnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch op héijem Niveau (C2 am Verstoen an am Schwätzen, C1 am Schrëftlechen) eng Viraussetzung sinn, fir e Posten am ëffentlechem Déngscht. Dëst gëllt fir d’Carrière supérieure awer och an de Karriären, déi dorënner leien, muss all Mataarbechter vum Staat, de Gemengen, den Administratiounen, den Établissements publics an de Gesellschaften, an deenen de Staat mat iwwer 50% bedeelegt ass, gutt Kenntnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch hunn, dëst ganz besonnesch wa si am Kontakt mam Bierger stinn.

Wann op Spezialisten muss zréckgegraff ginn, déi nach kee Lëtzebuergesch kënnen, mussen déi Leit sech an hirem Aarbechtskontrakt verflichten, Lëtzebuergesch ze léieren.  Am Géigenzuch muss de Staat als Patron dëse Leit iwwert de Wee vum Sproochecongé d’Méiglechkeet ginn, Lëtzebuergesch ze léieren.

D’Lëtzebuerger Sprooch am Gesondheets- a Fleegesecteur

D’ADR verlaangt, datt d’Lëtzebuerger Sprooch eng Konditioun ass, fir am Gesondheets- a Fleegesecteur kënnen ze schaffen. Gutt Kenntnesser vun der Alldagssprooch mat spezifesche Kenntnesser vun de Fachausdréck aus deem Secteur, mussen hei eng onerlässlech Viraussetzung sinn. Dëst op d’mannst fir d’medezinescht an d’paramedezinescht Personal, dat mat de Patienten oder Matmënschen, déi op Fleegepersonal ugewise sinn, a Kontakt ass. Prinzipiell mussen dës Leit scho kënne Lëtzebuergesch schwätzen, oder sech op d’mannst op Lëtzebuergesch kënne verständlech maachen, ier si d’Erlaabnes kréien, fir zu Lëtzebuerg an deem Secteur ze schaffen.

Kandidaten, déi an dësem Beruffssecteur schaffe wëllen an nach keng Kenntnesser am Lëtzebuergeschen hunn, solle gratis Coursen offréiert kréien, fir op d’mannst en Niveau A1 ze hunn, ier si däerfen ufänke mat schaffen. Fir dës Coursë kënnen a solle si schonn eng Pai kréien, déi op de Sproochecongé ugerechent gëtt. Sollten d’Coursë fréizäiteg ofgebrach ginn, an d’Kandidaten net an de Lëtzebuerger Gesondheets- oder Fleegesecteur schaffe kommen, mussen dës Suen un de Staat zréckbezuelt ginn. D’Lëtzebuerger Sprooch muss als Konditioun am Aarbechtskontrakt festgehale ginn, deen dann och annuléiert gëtt, wann déi Sproochekonditioun net erfëllt gëtt. Dobäi ginn och Delaie festgesat, bis wéini een e bestëmmte Sproochenniveau muss erreecht hunn.

D’Spideeler musse sech grondsätzlech méisproocheg opstellen. D’Signalisatioun, d’Internetsäiten, d’Formularen, d’Korrespondenz an d’Nimm vun de Servicer mussen an deenen dräi administrative Sproochen sinn.

All Broschüren am Gesondheetsberäich sinn op d’mannst an deenen dräi Sproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch).

D’Lëtzebuerger Sprooch op der Aarbecht

D’ADR ass sech bewosst, datt eis Ekonomie op d’Aarbechtskraaft vun Net-Lëtzebuerger ugewisen ass. Mir fuerderen trotzdeem, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als Ëmgangssprooch an de Betriber erëm zur Normalitéit gëtt, dëst op d’mannst am Kontakt mat de Clienten. Dëst gëllt esouwuel fir den Handel, den Horeca-Secteur, d’Handwierk ewéi och fir d’Personal an de Guichete vu Banken an Assurancen.

Dowéinst ginn, am enke Kontakt mat de Gewerkschaften an de Patronatsvertrieder, vu staatlecher Säit aus d’Efforte vergréissert, fir de Betriber ze hëllefen, d’Lëtzebuerger Sprooch an den Entreprisen a bei hirem Personal ze verbreeden. D’Stonne vum Sproochecongé gi vun 200 Stonnen op 300 Stonnen eropgesat. Dëst mat enger drëtter Tranche, op déi een Urecht huet, wann een déi zwou éischt Tranchë gepackt huet. Ewéi bis elo gëllt de Sproochecongé nëmme fir d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Nom Beispill vun Norwegen an anere Länner, wäert d’ADR d’Aarbechtserlaabnes zu Lëtzebuerg u Konditioune vu Kenntnisser an der Nationalsprooch koppelen. D’Aarbechtserlaabnes gëtt nëmmen da verlängert, wann een no engem Joer den Niveau A1, no zwee Joer den Niveau A2 an no véier Joer den Niveau B1 huet, gerechent vum Dag vun där éischter Ustellung un, an dëst am Verstoen ewéi och am Schwätzen.

D’ADEM soll jidderengem, dee bei si kënnt, Coursen an der Lëtzebuerger Sprooch ubidden. Fir Leit, déi d’Sprooch scho verstinn a schwätzen, gi Coursë fir déi korrekt Schreifweis ugebueden. Et soll och mat privaten Entreprisë gekuckt ginn, wéi den Enseignement vun der Lëtzebuerger Sprooch do ka gefërdert ginn.

D’Lëtzebuerger Sprooch am Enseignement

D’ADR wäert d’Lëtzebuerger Sprooch als Integratiounssprooch stäerken, dëst vun de Crèche bis op Première. Mir maachen d’Experimenter, bei deene kleng Kanner an der Crèche an am Precoce scho solle Franséisch léieren, réckgängeg.

D’ADR wäert d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch an den ëffentlechen a subventionéierte Crèchen an am Precoce zur Prioritéit maachen. Dëst huet dat kloert Zil, datt d’Kanner déi néideg Lëtzebuergeschkenntnesser hunn, ier si an d’éischt Schouljoer kommen!

An der Grondschoul muss d’Lëtzebuergescht déi néideg Plaz kréien, esouwuel am Liesen ewéi am Schreiwen. Och d’Heemecht gëtt hei geléiert.

D’ADR wäert och an alle Lycéeën an op alle Sektioune wéinstens eng Stonn fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur aféieren. Am klassesche Lycée, gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch, Literatur, Geschicht a Kultur op héijem Niveau als eegestänneg Optioun proposéiert.

D’ADR wäert d’UNI Lëtzebuerg encouragéieren, weider Efforte fir de Mastercours „Lëtzebuerger Studien“ ze ënnerhuelen, a ganz besonnesch fir méi Promotioun fir dës Formatioun ze maachen. Dësen akademesche Master soll – nieft dem Master en Enseignement Secondaire, deen éischter berufflech orientéiert ass – séier erëm ugebuede ginn. D’Coursë fir Formateur am Lëtzebuergeschen ginn ausgebaut, fir de Besoinen u Lëtzebuergeschcoursë gerecht ze ginn.

Kanner, déi nei an d’Land kommen, mussen an der Reegel ee Joer an eng Classe d’Accueil kommen. Do gi si virbereet op déi Sproochen, déi an eisem Enseignement gebraucht ginn (dorënner och Lëtzebuergesch), fir sech besser am Enseignement integréieren ze kënnen. Dëst gëllt esouwuel fir d’Grondschoul ewéi fir de Lycée.

Méi Lëtzebuergeschcoursen

D’Fuerderung, datt Lëtzebuergesch muss d’Integratiounssprooch sinn, an d’Invitatioun un d’net-Lëtzebuerger – déi hei wunnen a schaffen – eis  Sprooch ze léieren, huet eng wichteg Viraussetzung: Et musse genuch Lëtzebuergeschcoursen ugebuede ginn, an dëst zu allen Dagesstonnen. Esou Coursë mussen och op Demande kënnen direkt an de Spideeler, Fleegeheemer, Betriber an och an der Groussregioun organiséiert ginn. D’ADR wäert sech drëm këmmeren, datt genuch qualifizéiert Personal ausgebilt gëtt, fir der Nofro vun esou Coursen nozekommen.

Et muss och weider didaktescht Material an digital Coursen ausgeschafft ginn. D’Leit sollen d’Méiglechkeet hunn, eleng an zu all Stonn Lëtzebuergesch ze léieren.

D’Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen

Fir déi vill Leit, déi nei an d’Land wunne kommen, ass d’Gemeng déi éischt Plaz, wou si mat enger Administratioun a Kontakt kommen. Dowéinst wäert d’ADR schonn hei e kloert Zeeche setzen, dat vermëttelt: Lëtzebuergesch ass d’Sprooch vun dësem Land! D’Haus vun der Gemeng géife mir schlicht „Gemeng” oder „Stadhaus” nennen amplaz „Mairie” oder „Hôtel de Ville”. Och an de Formularen an Informatiounsbroschüre muss d’Lëtzebuergescht an d’Ae stiechen.

D’Leit ginn esou scho beim Aschreiwen an der Gemeng op d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch fir d’Integratioun an d’Lëtzebuerger Gesellschaft higewisen. Beim Umelle kréien d’Leit och direkt Broschüre mat (ewéi z.B. „100 Wierder Lëtzebuergesch”) a ginn informéiert iwwer d’Méiglechkeeten, Lëtzebuergesch ze léieren.

Nimm vun Uertschaften, Stroossen, Gebaier…

D’ADR wäert systematesch duerchsetzen, datt op den Uertschaftsschëlter am Agank vun den Dierfer a Stied déi lëtzebuergesch Uertschaftsnimm als éischt an am Fettdrock geschriwwe ginn. De franséischen an den däitschen Numm kommen drënner stoen.

Wou lëtzebuergesch Stroossen- oder Flouernimm existéieren, ginn dës exklusiv benotzt. Déi franséisch Bezeechnungen op de Gemengegebaier ginn duerch lëtzebuergesch Bezeechnungen ersat.

 

5.  FIR d’Famill heescht FIR d’Kanner 

  • D’Famill ass d’Kärzell vun der Gesellschaft! 

  • D’Kanner hu Rechter, mee et gëtt kee Recht op e Kand! 

  • Eng Famill ass do, wou e Kand ass! 

D’ADR fëllt dës Aussoe mat konkretem Inhalt. Mir si fir eng familljen- a kannerfrëndlech Gesellschaft a réckelen d’Famill an den Zentrum vun eiser Politik. Mir setzen eis fir de “Family mainstreaming” an, wat heescht, datt all politesch Initiativ op hir Auswierkungen op d’Famill gepréift gëtt.

Mir sinn der Iwwerzeegung, datt all Ënnerstëtzung fir d’Famill, besonnesch fir déi mat klengen a jonke Kanner, dee beschten Investissement fir d’Gesellschaft duerstellt.

D’Eltere sollen op kee Fall dozou forcéiert ginn, hir Kanner an enger Crèche versuergen ze loossen, well finanziell oder ideologesch Contrainten dat verlaangen. Elteren, déi hir Kanner selwer doheem versuerge wëllen, mussen och ënnerstëtzt ginn.

D’ADR verdeedegt besonnesch och dem Kand säi Recht, seng Originnen ze kennen a bei senge biologeschen Elteren opzewuessen, esou wéi d’Kannerrechtskonventioun dat virgesäit. Papp a Mamm sinn allen zwee wichteg fir d’Entwécklung vun engem Kand.

Mir sinn averstane mat enger Reform vum Filiatiounsgesetz, awer nëmmen esouwäit ewéi dat am Interessi vun de Kanner ass. Mir refuséieren dowéinst d’kënschtlech Befruchtung (PMA, procréation médicalement assistée) mam Sperma vun engem verstuerwene Mann. Et däerf och keng PMA fir homosexuell Koppele ginn, an där ee biologeschen Elterendeel jo scho vu vireran aus dem Kand sengem Liewen ausgeklamert gëtt. D’Leihmutterschaft (GPA) ass verbueden: Et däerf keng Kommerzialiséierung vum Puppelche ginn, sief dat heiheem oder iwwer Ëmweeër am Ausland.

Bestietnes

Fir homosexuell Partnerschafte proposéiert d’ADR Upassunge beim PACS, deen dem Bestietnes esouwäit ewéi méiglech soll ugepasst ginn, mat Ausnam vum Familljerecht. Et gëtt keng Diskriminatioun vun esou Partnerschaften esoulaang d’Rechter vun Drëtten – also besonnesch vun de Kanner – doduerch net beréiert ginn.

Bestietnesser, déi zum Schäi geschloss ginn (z.B. wéinst dem Pass) musse wann ëmmer méiglech verhënnert ginn. „Kannerbestietnesser“, bei deene op d’mannst ee Partner manner ewéi 18 Joer huet, ginn net zougelooss. Esou Bestietnesser, déi am Ausland geschloss gi sinn, ginn zu Lëtzebuerg net unerkannt. D’Polygamie gëtt zu Lëtzebuerg net unerkannt, och wa si an anere Länner legal ass, a si gëtt och bei enger eventueller Familljenzesummeféierung net berécksiichtegt.

Kanner- an Elteregeld

Mir wëlle Kanner, déi hei zu Lëtzebuerg gebuer ginn a Kanner, déi hei an d’Schoul ginn, fir d’Zukunft vu Lëtzebuerg ze sécheren. D’ADR setzt sech fir eng natalistesch Politik an.

D’ADR wäert dofir suergen, datt déi Leit, déi zënter 2015 manner Kannergeld kréien, nees besser gestallt ginn. Mir wäerten och nees eng Staffelung vum Kannergeld aféieren. (Méi Kannergeld fir dat zweet, drëtt, véiert… Kand)

Konkret gesäit d’Kannergeld dann esou aus:

1 Kand: 275 Euro; 2 Kanner: 623 Euro; 3 Kanner: 1083 Euro; 4 Kanner: 1543 Euro. Fir all weidert Kand: 460 Euro.

D’Kannergeld gëtt indexéiert a bei all Indextranche op den nächsten Euro opgeronnt. D’Kannergeld gëtt net besteiert.

D’Betreiungskäschte fir ee Kand an enger Crèche, Maison relais oder ähnleche Strukture belafen sech op iwwer 2.000 Euro de Mount. Dozou kënnt nach d’Ofschreiwe vun den Infrastrukturskäschten.

De Chèque-Service gëtt duerch d’Elteregeld ersat. Dëst gëtt esouwuel un Elteren ausbezuelt, déi hir Kanner a Strukturen oder bei enger Dagesmamm wëlle versuerge loossen, ewéi och un Elteren, déi doheem bleiwen, fir hir Kanner kënne selwer ze versuergen. Domat kréien d’Elteren eng reell Méiglechkeet, fir doheem bei hire Kanner ze bleiwen.

D’Elteregeld gëtt folgendermoosse gestaffelt:

1 Kand: 2.000€; 2 Kanner: 2.750€; 3 Kanner 3.250€. Fir all weidert Kand: 250€.

Am Géigesaz zum Kannergeld gëtt d’Elteregeld besteiert. Dës Besteierung fänkt eréischt u bei engem Gesamtakommes vum Stot an der Héicht vun zwee Mindestléin.

D’Elteren hunn de Choix, dëse Montant ze benotzen, fir eng Crèche, eng Maison relais oder eng Dagesmamm ze bezuelen. D’Elteregeld kann och benotzt ginn, fir deen Elterendeel ze remuneréieren, dee sech entschléisst, doheem fir d’Erzéie vun de Kanner ze suergen. An deem Fall muss en Deel vum Elteregeld geholl ginn, fir sech an der Pensiounskeess ze versécheren.

D’Elteregeld kann net mat der Entschiedegung vum Elterecongé („congé parental“) cumuléiert ginn. Bei Elteren, déi geschafft hunn, ier de Puppelchen op d’Welt komm ass, gëtt d’Elteregeld am Prinzip nom Elterecongé ausbezuelt. Bei Elteren, déi net geschafft hunn, gëtt d’Elteregeld vun deem Mount un ausbezuelt, an deem d’Kand gebuer gëtt. D’Elteregeld gëtt ausbezuelt bis zur Aschoulung an de Secondaire. Bei Kanner mat spezifesche Besoine gëtt d’Elteregeld esoulaang ausbezuelt ewéi d’Kand doheem versuergt a gefleegt gëtt.

Grondsätzlech däerfe Familljen, ob bestuet oder gepacst, net méi schlecht ewechkommen ewéi Koppelen, déi ouni Kontrakt zesummeliewen. (z.B. beim Chèque-Service, bei Steieren, Hëllefe beim Wunnengsbau, beim ReVis, asw.).

Fir Mammen, déi keng aner Pensiounsrechter hunn, gëtt d’Mammerent nees vu 60 Joer un ausbezuelt. D‘Mammerent gëtt net besteiert an ënnerläit kenge Cotisatiounen.

Crèchen

Grondsätzlech léisst d’ADR den Elteren de Choix, hir Kanner doheem ze versuergen an ze erzéien oder si a Betreiungsstrukturen ze ginn.

D’Crèchë sinn en Element vun der Kannerbetreiung, dat d’ADR eescht hëlt. Mir halen drop, datt d’Konditioune vum Agreement an de Schlëssel vu qualifizéiertem Personal agehale ginn. Fir den Agreement ze kréien, muss Personal agestallt ginn, dat Lëtzebuergesch kann oder et léiert.

Personal, wat kleng Kanner betreie soll an nach keng Kenntnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch huet, muss u Lëtzebuergeschcoursen deelhuelen, déi op de Sproochecongé ugerechent ginn. D’Lëtzebuerger Sprooch muss eng Konditioun am Aarbechtskontrakt sinn, deen annuléiert gëtt, wann de Betraffene keng oder net genuch Fortschrëtter mécht, fir Lëtzebuergesch ze léieren. Déiselwecht Sproochekritäre gëllen och fir d’Minicrèchen.

 

6.  Schoulpolitik: Schluss mam „Nivellement vers le bas“ 

Fir d’ADR ass d’Schoulpolitik, vum klengem Alter un, de Schlëssel fir d’Zukunft: d’Zukunft vun all eenzelem Kand, vu senger Famill, vun der Gesellschaft an domat och vum Lëtzebuerger Land. D’ADR ass iwwerzeegt, datt all Kand Talenter huet, an datt d’Aufgab vun der Schoul – mat der Famill – doranner bestoe muss, dës Talenter esou gutt ewéi méiglech ze fërderen an ze entwéckelen.

An der Schoul an an der Gesellschaft gëtt eng handwierklech Orientatioun ze dacks mat schouleschem Mësserfolleg gläichgesat. Si sollt vill méi den Ausdrock vun de besonnesche Fäegkeeten an Talenter vum Schüler sinn.

D’Schoul muss och déi Plaz sinn a bleiwen, déi sozial Kohäsioun schaaft. Dëst ass besonnesch wichteg fir e Land ewéi Lëtzebuerg, dat vill auslännesch Matbierger an e staarke Wuesstem huet. Fir d’Integratioun an d’sozial Kohäsioun ze erméiglechen an ze fërderen, steet d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch un éischter Plaz.

Schoul a Kandheet sinn zweeërlee. Dowéinst wäert d’ADR nees fir eng kloer Trennung tëschent dem Educatiounsministère an dem Familljeministère suergen. Wat Kanner ënner 4 Joer betrëfft, fält nees an d’Kompetenz vum Familljeministère.

D’ADR wiert sech géint déi Schoulpolitik aus de leschte Joerzéngten, an där den Niveau vun den Ufuerderungen a vum vermëttelte Wëssen konstant erofgesat gouf („nivellement vers le bas“).

D’Reformen hu versot. D’ADR féiert de Punktesystem an d’Zensur nees an. D’Cyclë ginn ofgeschaaft an et gëtt nees eng Spillschoul an en éischt bis sechst Schouljoer.

Mir soen „Nee“ zur Segregatioun. Neierdéngs ginn d’Schüler jo no Sprooch a Klassen opgedeelt. Op laang Siicht steet esou d’Kohäsioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft um Spill. D’ADR wäert nëmmen eng eenheetlech ëffentlech Primärschoul organiséieren an  d’Kanner net op Grond vun hirer Mammesprooch oder dem Wonsch no enger bestëmmter Unterrechtssprooch opdeelen an trennen.

Méisproochegkeet allgemeng

D’ADR wäert dofir suergen, datt d’Lëtzebuerger Sprooch eng méi grouss Wichtegkeet duerch de ganzen Enseignement kritt. D’ADR ass sech awer och bewosst, datt d’Villfalt vun de Sproochen e wichtegen Atout vu Lëtzebuerg ass, an datt d’Schoul weider muss duerzou bäidroen, datt d’Kanner – jee no hirem Talent – an deene verschiddene Sprooche gefërdert ginn. Nieft Däitsch a Franséisch als Friemsprooch muss och d’Englescht, op d’mannst vum Lycée un a fir bestëmmte Sektiounen, eng wichteg Plaz ageraumt kréien. Och déi jeeweileg Mammesprooch soll en Atout fir d’Kanner sinn. Dofir solle fir dës optional Coursen ugebuede ginn, esouwuel an der Primärschoul ewéi am Secondaire, eventuell mat der Ënnerstëtzung vun de jeeweilegen Ambassaden.

Op bestëmmte Sektiounen am klassesche Lycée muss en héijen Niveau fir eng bis zwou Sprooche kënne verlaangt ginn, z.B. fir spéider am Héichschoulberäich ouni Zousazexamen weiderzekommen.

Kanner, déi am Laf vun hirem Schoulparcours an d’Land kommen (Primoarrivants), solle prinzipiell an eng Classe d’Accueil kommen. Als éischt mussen déi Kanner hei virbereet ginn, fir déi néideg Sproochkompetenzen ze hunn, ier si an den „normalen“ Unterrecht integréiert ginn.

Evaluatioun

D’ADR wäert dofir suergen, datt nees eng rationell a fir jiddereen (Schüler, Elteren awer och Héichschoulen, Patronen, asw.) novollzéibar Evaluatioun vun de Schüler gemaach gëtt, bei där nees mat Punkten an Zensure geschafft gëtt. D’ADR verschléisst sech dobäi net „alternativen“ Bewäertungssystemer, déi awer nëmmen zousätzlech däerfe gebraucht ginn.

Den Iwwergang vun der Primärschoul an de Secondaire gëtt nees grondsätzlech iwwert den Opnamexame gesteiert. Sollt hei d’Resultat méi schlecht ausfalen ewéi d’Resultater aus dem Schoulparcours, kann eng Kommissioun d’Orientéierung nei bewäerten, zum Deel iwwer d’Punkten aus dem 5. a 6. Schouljoer (aktuell Cycle 4) an eng allgemeng Evaluatioun vum Schüler sengen Talenter.

D’ADR wäert Kanner, déi méi lues léieren, déi néideg Ënnerstëtzung an der Schoul an eventuell nieft der Schoul ginn, fir datt si eng Chance hunn, ouni Redoubléieren am nächste Schouljoer matzekommen. Sollt och mat esou enger Hëllef deen Niveau net kënnen erreecht ginn, däerf d’Widderhuele vum Schouljoer keen Tabu sinn.

Am Secondaire, ob „classique“ oder „général“, däerf net méi wéi ee Fach kompenséiert ginn. Och hei mussen d’Lycéeën de Schüler individuell a fréizäiteg déi néideg Ënnerstëtzung ginn, fir Redoublementer méiglechst ze vermeiden, ouni den allgemengen Niveau vun der Sektioun an der Klass no ënnen unzepassen.

D’Lycéeë mussen d’Mëttelen hunn, fir d’Schüler optimal op weiderféierend Studien, berufflech Examen (z.B de Staatsexamen) an op d’Beruffswelt virzebereeden. All Diplom muss e Schlëssel fir eng vun dësen Optioune sinn.

D’Lycéeë kënnen no der Première e weidert Schouljoer organiséieren, fir d’Schüler op Concourse vun Universitéiten an Héichschoule virzebereeden, nom Modell vun der „classe préparatoire pour grandes Écoles“ vum Iechternacher Lycée.

D’Lëtzebuerger Lycéeë mussen, op Nofro vu Beruffsgruppen, weider BTS’en (Brevet de Technicien supérieur) ausschaffen an zertifiéiere loossen, dëst z.B. fir den Assurancësecteur a fir Gesondheetsberuffer, wou dës Nofro besteet. Et musse Passerellë gebaut ginn, fir no engem BTS bis zum Master weider studéieren ze kënnen.

Direktorat

D’ADR mengt, datt d’Schoulen – ob Primärschoul oder Lycée – am beschten plazéiert sinn, fir d’Talenter vun de Kanner, déi hinnen uvertraut ginn, ze fërderen. Mir bauen dofir de Prinzip vum Direktorat fir d’Primärschoul aus, mat allen néidege Mëttelen a Kompetenzen. Domat kënnen d’Schoulen – am Primär an am Secondaire – dat Léierpersonal, dat feelt, selwer ersetzen, esou datt keng bis ganz wéineg Schoulstonnen ausfalen.

D’Funktioun vum Schoulinspekter fir d’Kontroll vum Unterrecht gëtt nees agefouert. D’Bürokratie bannent de Schoule gëtt drastesch reduzéiert. D’Funktioune vun de Schoulcomitéë gi vum Direktorat iwwerholl. D’Léierpersonal soll sech nees op seng eigentlech Aufgabe konzentréiere kënnen.

Eng adequat Vertriedung vun Elteren a Schüler

Fir d’ADR ass et wichteg, datt all Partner vun der Schoul ka mat entscheeden, esouwuel an der Grondschoul ewéi an de Lycéeën. Dowéinst mussen Elteren– a Schülervertrieder déi néideg Ënnerstëtzung kréien, an hir Mataarbecht muss gewierdegt an opgewäert ginn. D’ADR hält och drop, dat dës Vertriedungen an der néideger Onofhängegkeet  funktionéieren an net zum verlängerten Aarm vum Ministère oder de Schouladministratioune ginn.

Privat an International Schoulen

D’ADR ass grondsätzlech fir de fräie Choix. Duerzou gehéiert och d’Wiel vun der Schoul. Mir ënnerstëtzen d’Privatschoulen, a subventionéiere weiderhin déi Schoulen, déi sech un den offizielle Programm vum Educatiounsministère halen.

Och Schoulen, déi alternativ Methode proposéieren, sollen op staatlech Hëllef kënnen zréckgräifen – wann och an engem méi klenge Mooss. Dëse sollte beispillsweis adequat Gebailechkeeten zur Verfügung gestallt ginn. D’ADR erlaabt och weiderhin de Prinzip vum „Homeschooling“, bei deem Elteren hir Kanner doheem ënnerriichten däerfen. Bei Schoule mat alternative Methoden a beim Homeschooling gëllt fir de Staat eng bestëmmten Opsiichtsflicht. Dës Kanner mussen och déiselwecht Exame maachen ewéi all déi aner, fir en unerkannten Diplom ze kréien.

Auslännesche Kanner, déi nëmme fir eng kuerz Zäit op Lëtzebuerg kommen, sollen iwwer international Schoulen eng Kontinuitéit op hirem Bildungswee erméiglecht kréien.

Auslännesche Kanner, déi méi laang zu Lëtzebuerg liewen, sollen iwwert de lëtzebuergesche Schoulsystem an eis Gesellschaft integréiert ginn. D’ADR wäert dowéinst d’Opportunitéit vun de friemsproochege Filièren zu Lëtzebuerg an de System vun den Europaschoulen am Kader vum lëtzebuergeschen, ëffentleche Schoulsystem iwwerdenken. D’Zil ass d’Integratioun vun de Kanner an net d’Segregatioun vun auslännesche Kanner no Nationalitéit oder Sprooch. Hei am Land muss an all Schoulsystem Lëtzebuergesch e reguläert Schoulfach sinn. Fir Kanner, déi manner wéi dräi Joer zu Lëtzebuerg bleiwen, soll dëst nëmmen als Optioun ugebuede ginn. Wat d’Sproochenufuerderunge fir d’Enseignanten ugeet, ass d’ADR géint all Ausnamereegelung.

Mir sinn iwwerzeegt, datt nëmmen déi ëffentlech Lëtzebuerger Schoul längerfristeg fir d’sozial Kohäsioun am Land suerge kann. Dofir wäert d’ADR keng Ustrengung am Schoulwiese scheien, fir datt d’ëffentlech Schoul op d’mannst esou gutt ass ewéi privat oder international Schoulen – wann net besser. D’ëffentlech Schoul muss nees den éischte Choix ginn.

Inklusioun

Fir d’ADR ass d’Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen eng Selbstverständlechkeet. Fir datt dëst am Schoulbetrib funktionéiert, muss genuch zousätzlecht spezialiséiert Personal agestallt ginn. Wat déi „verhalensopfälleg“ Kanner ugeet, si mir der Meenung, datt d’Inklusioun do hir Grenze fënnt, wou Gefore fir aner Persoune kënnen entstoen.

Héichbegaabte Kanner

D’ADR ass sech bewosst, datt och héichbegaabte Kanner e spezifeschen Encadrement brauchen, esouwuel fir hir Talenter ze entfalen. Dofir muss hiert spezifescht Talent esou fréi ewéi méiglech erkannt ginn, an d’Schoul muss d’Mëttele kréien, fir si ze fërderen. An der Schoul an eventuell a speziellen Zentre mussen dës Kanner Erausfuerderunge fannen, déi hir Begabung weiderbréngen.

Schoulofbroch vermeiden

Nach ëmmer vill ze vill Schüler briechen d’Schoul fréizäiteg of. Hei muss d’Schoulpersonal besser forméiert ginn, fir dee Risiko bei eenzele Schüler fréi ze erkennen a reagéieren ze kënnen. D’ADR mécht eng Etüd iwwert déi villfälteg Ursaache vum Schoulofbroch, mam Zil, esou Schüler spezifesch Moossnamen ze proposéieren.

Zesummeliewen, Wäerter, Relioun

D’Erzéie vun de Kanner zu verantwortungsvolle Bierger ass prioritär d’Aufgab den Elteren.

D’ADR besteet och drop, datt d’Sexualerzéiung vu klenge Kanner an den Hänn vun der Famill leie muss. D’Sexualopklärung gehéiert an de Lycée a muss obligatoresch sinn, dëst ouni genderideologeschen Afloss, mee neutral an am Kader vum Biologiesunterrecht.  D’Genderideologie gehéiert net an d’Schoul.

Mir ginn den Elteren nees de Choix, hir Kanner an engem Cours „Liewen a Gesellschaft“ (Vie et société) oder an engem Reliounscours anzeschreiwen, dëst an der Primärschoul an esouwäit ewéi méiglech och am Secondaire. All Reliounen, déi vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn, däerfen duerzou Reliounscoursen ubidden.

D’ADR hëlt déi néideg Moossnamen (Personal, Material, Reglementer, disziplinaresch Moossnamen ass.), fir géint d’Gewalt an der Schoul virzegoen. Weder d’Léierpersonal nach d’Schüler däerfe vu Gewalt an der Schoul betraff sinn. D’Disziplin an d’Autoritéit gi gestäerkt.

Léierpersonal

D’Léierpersonal mécht eng ganz wäertvoll Aarbecht fir eis Gesellschaft a ganz besonnesch fir d’Integratioun an engem esou schwieregen, heterogenen Ëmfeld, wéi mir et zu Lëtzebuerg hunn. Dem Léierpersonal seng Roll muss erëm méi valoriséiert ginn, a si mussen och déi néideg Autonomie an Autoritéit hunn.

D’Schoul brauch Stabilitéit a Kontinuitéit a kann net mat ëmmer neie Reformen effikass funktionéieren. Esou sollen d’Enseignanten nees Zäit kréien, fir Schoul ze halen, amplaz an enger onnëtzer Bürokratie ze erstécken.

Iwwert dëse Wee muss de Beruff erëm méi attraktiv ginn, fir och méi fäerdeg forméiert Léierpersonal an d’Schoul ze kréien a manner Chargéë mussen ze engagéieren.

Schoulsport

De Schoulsport muss nees méi eng grouss Bedeitung kréien, nom Motto: „Mens sana in corpore sano“ (E gesonde Geescht an engem gesonde Kierper). D’ADR wäert dowéinst schonn an der Primärschoul qualifizéiert Sportsproffe fir de Sportunterrecht asetzen. Dëst gëllt och fir de Schwammunterrecht.

D’ADR wäert och eng Reform vum Sportunterrecht am Postprimär duerchféieren, dëst an enker Koordinatioun mat de Sportprofesseren an de Sportsassociatiounen. Zil vun deene Reforme soll et sinn, de Sport opzewäerten, deene Jonke méi Freed um Sport ze ginn, méi jonk Leit an d’Sportsveräiner ze bréngen an de Sportprofessere méi Méiglechkeeten ze ginn, fir hire Beruff ze gestalten. Dofir soll den Unterrecht méi flexibel ginn. De Sport an der Schoul kann op fräiwëlleger Basis zum Deel reduzéiert ginn, wann  d’Schüler, baussent der Schoul, zousätzlech an engem Veräi systematesch méi Sport bedreiwen. D’Veräiner zertifiéieren déi néideg Stonnen (Training, Kompetitioun), déi net bannent der Schoulzäit musse stattfannen,  a mussen dofir qualifizéiert Traineren astellen, déi vum Staat subventionéiert ginn. Fir dës Sportstonne kënnen d’Veräiner, do wou et si gëtt, op d’Infrastrukture vun de Lycéeën zréckgräifen, oder si gi vun den zoustännege Ministèren ënnerstëtzt, fir hir Infrastrukturen unzepassen an ze ënnerhalen. D’Sportprofessere kënne sech domat ënnert anerem méi op déi Schüler konzentréieren, déi manner oder kee Sport wëllen an engem Veräin maachen an och méi Aktivitéiten organiséieren, déi net am Ëmfeld vun hirem Lycée ugebuede ginn. D’Organisatioun an d’Koordinatioun vum System läit bei de Sportprofesseren, déi dofir suergen, datt all Schüler sportlech aktiv ass, ob exklusiv oder nëmme partiell an der Schoul selwer, an datt een e méiglechst breet Wëssen iwwert de Sport matkritt.  

Och eng effikass Ënnerstëtzung vun de Sportslycéeë muss vum Educatiouns- a Sportsministère garantéiert ginn.

Precoce

D’ADR ënnerstëtzt grondsätzlech d’Méiglechkeeten, déi de Precoce de Kanner an hire Familljen ubitt. Dës éischt Phas vun der „Formalbildung“ muss awer weider op fräiwëlleger Basis berouen. Dat bedeit, datt d’Elteren eleng a fräi entscheeden, ob si hiert Kand an de Precoce aschreiwen oder net.

Am Precoce muss Lëtzebuergesch d’eenzeg Ëmgangssprooch sinn. Donieft ginn d’Kanner, hirem Alter gerecht, an allen néidegen Domänen (z.B. Motorik, sozial Kompetenzen asw.) op d’Primärschoul virbereet. Déi éischt Aufgab vum Precoce muss d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch bleiwen – esou ewéi et bei der Aféierung och virgesi war. D’ADR wäert d’Experimenter u klenge Kanner, déi schonn an der Crèche an am Precoce  Franséisch léiere sollen, ënnerbannen.

Spillschoul (aktuell Cycle 1 vun der Grondschoul)

Nach méi ewéi am Precoce gëllt et an der Spillschoul d’Kanner op d’Primärschoul virzebereeden. Dëst betrëfft ganz besonnesch d’Lëtzebuergeschkenntnesser. Dat bitt eng gutt Basis fir d’Alphabetiséierung op Däitsch.

Nieft der Sprooch soll d’Spillschoul och weider Kompetenze vun de Kanner fërderen: d’Kognitioun, d’Motorik an d’Koordinatioun an d’Sozialverhalen.

Fir d’ADR steet och fest, datt wa méiglech schonn an der Spillschoul Defiziter vun de Kanner sollen entdeckt ginn. Dorops soll mat der Hëllef vu spezialiséierten Institutioune Programmer ausgeschafft ginn, fir dem Kand eng méiglechst normal Schoulausbildung ze garantéieren. D’Léierpersonal muss dofir spezifesch forméiert ginn, fir esou Defiziter ze entdecken.

Primärschoul (aktuell Cycle 2 bis 4 vun der Grondschoul)

D’Primärschoul ass de Pilier fir de weidere Schoulparcours, an domadder och dacks fir dat spéidert Beruffsliewen. Fir d’ADR musse grouss Efforte gemaach ginn, fir datt queesch duerch d’Land qualitativ héichwäerteg Coursen an de Schoule gehale ginn. Mir wäerten nees Rou an d’Primärschoul bréngen. Et däerf net all Joer mat neien Experimenter ugefaange ginn – Kanner si keng Testpersounen.

D’ADR ass sech de ville Problemer (z.B. de komplexe Sproochenhannergrond vun de Kanner), mat deenen d’Primärschoul konfrontéiert ass, bewosst. Mir besti weider op d’Alphabetiséierung op Däitsch. D’Klasseneffektiver solle progressiv erofgesat ginn, mat der Prioritéit fir déi Schoulen, an deenen de sozioekonomeschen Index méi déif läit. Et sief hei och op d’Kapitel iwwert d’Evaluatioun higewisen: d’ADR wäert fir d’Bewäertung an der Primärschoul nees Punkten an Zensuren aféieren.

Am Interessi vum Familljeliewen sollen d’Kanner, wann d’Elteren dëst wënschen, weider kënne mëttes doheem iessen, ouni datt d’Horairen oder den Transport dat verhënneren.

Klassesche Lycée

D’ADR ass der Iwwerzeegung, datt d’Haaptzil vum klassesche Lycée doranner leie muss, d’Schüler beschtméiglech virzebereeden, fir weider Studien op enger Universitéit oder aneren Héichschoulen ze absolvéieren. Eng weider Missioun vun de Lycéeën ass, de Schüler eng gutt Allgemengbildung ze vermëttelen. Grondsätzlech soll och de Premièresexame säin eegene Wäert behalen an en Antrëtt an d’Beruffsliewen erméiglechen.

Mat der ADR wäert et keng Gesamtschoul („tronc commun“) ginn.

D’Lycéeën sollen d’Fräiheet hunn, sech méi ze spezialiséieren. Dobäi ass et d’Aufgab vum Ministère, dofir ze suergen, datt déi allgemeng Sektioune flächendeckend ugebuede ginn, an datt all Schüler d’Méiglechkeet kritt, déi spezifesch Formatioun ze besichen, déi sengem Wonsch a senge Fäegkeeten entsprécht. D’Exame sinn dobäi awer national standardiséiert Prüfungen.

D’ADR wäert op alle Sektiounen op d’mannst eng Stonn pro Woch fir d’Lëtzebuerger Sprooch a Kultur aféieren. Op der A-Sektioun, gëtt d’Lëtzebuerger Sprooch, Literatur, Geschicht a Kultur op héijem Niveau als eegestänneg Optioun proposéiert.

Allgemenge Lycée (fréier: technesche Lycée)

Fir d’ADR ass déi éischt Aufgab vum allgemenge Lycée (fréiere Lycée technique) d’Schüler op d’Beruffsliewen (am Handwierk, am Commerce, am Gesondheetssecteur, an technesche Beruffer asw.) virzebereeden.

Mir suergen dofir, datt d’Beruffswelt, iwwer d’Handwierkerkummer an d’Handelskummer, besser an de Beruffsunterrecht agebonne gëtt. Dobäi sollen d’Betriber hir Diere fir d’Schüler grouss opmaachen, dëst a Form vu Schnuppercoursë bis hin zu längere Stagen.

Grouss Betriber, déi ganz oder gréisstendeels Deel an ëffentlecher Hand sinn (Eisebunn, Tram, Luxair, Cargolux, asw.) sollen nees „Léierbuden“ opmaachen oder ausbauen, fir datt Jugendlecher, déi eng 5e gepackt hunn (fréier 9e am „technique“ a „modulaire“) méiglechst fréi hirem Beruffswonsch kënnen nokommen. Och Privatbetriber mussen encouragéiert ginn, eng Léier iwwert de Wee vun der dualer Ausbildung (filière concommitante oder filière mixte) unzebidden. Déi dual Ausbildung soll no folgendem Modell oflafen: 6 Woche an der Schoul, duerno 6 Woche beim Patron.

D’Orientatioun vun de Schüler vun der 7e u muss vill méi systematesch organiséiert ginn, esou datt de Beruffswonsch vum Schüler esouwäit ewéi méiglech respektéiert gëtt. D’ADR wäert de Beruff vum Handwierker esou opwäerten, datt d’Schüler an hir Elteren dësen nees als positiv Optioun ugesinn.

Weiderbildung

D’ADR begréisst de Prinzip vum „Life long learning“, am Beruff ewéi och bei anere Formatiounen (z.B. am Rettungswiesen).

Mir ënnerstëtzen déi aktuell Programmer an der Weiderbildung a baue si bei Bedarf  aus. Déi aktuell Bestëmmunge vum Bildungscongé bleiwen, esouwuel de Salarié ewéi och de Patron gi besser heiriwwer informéiert.

Och de Programm vun der Schoul fir déi zweet Chance gëtt der Nofro entspriechend ausgebaut. Och fir dëse Programm muss d’Informatioun bei allen Interesséierten intensivéiert ginn. Jugendlecher, och ënner 25 Joer, déi hei seriö léieren, solle kënnen de Revis kréien.

 

7.  Urgence fir d’Gesondheet 

Fir d’ADR muss den Accès op all d’Gesondheetsservicer eng Prioritéit vum Lëtzebuerger Staat sinn. Dat ass leider net méi garantéiert: vill ze laang Waardezäiten an den „Urgencen“, méintlaangt Waarden op e Rendez-vous fir an den IRM a vill aner spezifesch Ënnersichungen, Analysen, déi net méi bezuelt ginn, Ofbau vu Spidolsbetter bei wuessender Populatioun, asw.

Der ADR hir Prioritéit ass, datt jiddereen zu all Moment Accès op déi néideg Gesondheetsservicer huet. Dobäi ass et wichteg, datt dësen Accès och op Letzebuergesch ginn ass, esou datt d’Sprooch hei keng Barrière schaaft och net bei de Broschüren zu Gesondheetsfroen.

D’ADR steet fir en eenzegen nationale Gesondheetssystem. An dësem ass all Salarié an all Independant automatesch an obligatoresch affiliéiert a verséchert, an all Dokter, deen zu Lëtzebuerg praktizéiert, ass obligatoresch konventionéiert.

Mir gesi fir Leit, déi net am nationale Gesondheetssystem affiliéiert sinn (z.B. international Beamten), d’Méiglechkeet vir, der Fleegeversécherung op fräiwëlleger Basis bäizetrieden. Allerdéngs geet dëst nëmmen ënnert dee Konditiounen, datt si hiert Akommes zu Lëtzebuerg kréien a mat enger Karenzzäit vun 10 Joer.

Präventioun

Déi beschte Medezin ass déi, déi een net brauch. D’ADR wäert dofir méi Mëttelen, finanziell a personell, fir d’Präventioun vu Krankheeten asetzen. Duerzou gehéieren eng gutt Schoulmedezin, gesond Loft a gesond Iessen (Kuckt och d’Kapitel Landwirtschaft), kierperlech Beweegung, Impfungen op fräiwëlleger Basis, Opklärungs- an Informatiounscampagnen.

D’ADR plangt och, d’gratis Berodung bei Gesondheetsrisiken, bis zur Iwwerweisung bei en Dokter, auszebauen. Hei geet et drëms, de Leit eng éierlech an objektiv Informatioun ze ginn, ouni hinnen dobäi e Liewensstil opzezwéngen.

D’ADR ännert d’Nomenclature, fir datt jiddereen op eegene Wonsch reegelméisseg de Gesondheetscheck duerchféiere loosse kann, deen integral vun der Gesondheetskeess rembourséiert gëtt. Esou e Gesondheetscheck kann och am Kader vun der Erneierung vum Führerschäi gemaach ginn a gëtt an deem Fall och vun der Gesondheetskeess iwwerholl.

Nieft dësem allgemenge Service fir d’Präventioun gëtt och d’Schoulmedezin weider ausgebaut.

Den Dokter

Fir d’ADR bleift den Hausdokter den zentrale Pilier vum Gesondheetssystem. D’Politik muss generell jonke Leit, déi sech dofir beruff fillen, de Wee an e Medezinstudium erméiglechen. Lëtzebuerg muss sech, wann néideg iwwer bilateral Verträg mat anere Länner, dofir asetzen, datt Lëtzebuerger Studente weider kënnen am Ausland Medezin studéieren. Eng medezinesch Fakultéit op der Uni Lëtzebuerg, wier e wichtege Beitrag fir eist Gesondheetswiesen.

De Staat soll jonken Dokteren e selbstännege Beruffsstart  vereinfachen, eventuell duerch gemeinschaftlech Gesondheetszentre mat e puer Dokteren a ländleche Géigenden. Hei soll och eng vereinfacht juristesch Struktur proposéiert ginn, fir datt e puer Doktere kooperéiere kënnen.

De Staat soll zesumme mat den zoustännegen Organisatiounen eng onofhängeg an neutral „App“ entwéckele loossen, iwwert déi de Patienten en Dokter fannen an eventuell direkt e Rendez-vous wiele kann. Fir de Fall vun enger Urgence (Maison médicale, Spidol vun Déngscht, asw.) soll dës App och op Servicer hiweisen.

D’ADR wäert och dofir suergen, datt Lëtzebuerg, an engem Ëmfeld vun ëmmer méi grousser Konkurrenz tëschent de „räiche“ Länner, attraktiv bleift fir Spezialisten aus alle Sparte vun der Medezin an der Zännmedezin.

 

Tiers payant

D’ADR wäert d’Aféierung vum „Tiers payant (généralisé)“ vun enger Rei vu Konditiounen ofhängeg maachen.

Prinzipiell ass d’ADR fir eng Generaliséierung vum Tiers payant. Mir géingen domat ufänken, de sozialen Tiers payant administrativ ze vereinfachen an esou ze organiséieren, datt déi Leit, déi dovu profitéieren, net stigmatiséiert ginn.

D’ADR ass weider der Meenung, datt et zu Lëtzebuerg keng Zwouklassemedezin däerf ginn an datt d’Dokteren hir Onofhängegkeet vun der Krankekeess behale mussen an net an hirer Entscheedungsfräiheet däerfen ageschränkt ginn. vun der Gesondheetskeess musse behalen. Den Dokter muss och an Zukunft e liberale Beruff exerzéieren, fir mam Patient zesummen déi beschtméiglech Behandlung an enger bestëmmter Situatioun kënnen ze wielen.

Dowéinst ass et der ADR wichteg, datt d’Dokteren als gläichberechtegte Partner an alle Gremien, besonnesch an der Gesondheetskeess, vertruede sinn. Dëst soll verhënneren, datt d’Qualitéit vun der Medezin d’Affer vu reng finanziellen Approchë gëtt. D’Meenung an den institutionell ofgesécherten Afloss vun den Dokteren, ewéi och d’Reform vun der Nomenclature am Gesondheetswiesen, musse Garante fir eng exzellent Medezin zu Lëtzebuerg sinn.

D’Aféierung vum Tiers payant däerf den Doktere keng zousätzlech Käschte verursaachen. Déi néideg informatesch Plattforme mussen hinne gratis zur Verfügung gestallt ginn an d’Remboursementer mussen a vernënftegen Delaie geschéien.

Der ADR ass et besonnesch wichteg, datt de Beruff vum Dokter attraktiv bleift. Eist Land brauch genuch, motivéiert an héichqualifizéiert Dokteren. Den Tiers payant ass eng Sozialmoossnam an eng administrativ Vereinfachung. Hien däerf awer keng Nodeeler fir den Dokter oder d’Qualitéit vun der medezinescher Betreiung mat sech bréngen.

Fir eng Zwouklassemedezin ze evitéieren, fuerdert d’ADR ausserdeem nach, datt en (ambulanten) Akt, deen am Ausland gemaach gëtt, oder e Medikament, dat am Ausland verschriwwen a vun der Lëtzebuerger CNS rembourséiert gëtt, ënnert deeneselwechte Bedéngungen och zu Lëtzebuerg muss kënne gemaach oder verschriwwen a rembourséiert ginn. Et däerf keng Diskriminéierung vun de Lëtzebuerger Dokteren oder de Lëtzebuerger Patiente ginn. Beispiller fir esou Akte sinn ënnert anerem d’Mammographie, den IRM, de Scanner, d’Endoskopie, asw.

Apdikten a Medikamenter

D’Apdikten hunn als éischt Aufgab, dem Patient déi néideg Berodung an Informatiounen iwwer Medikamenter ze ginn. Et gëtt op d’Posologie, d’Niewewierkungen a Konterindikatiounen opmierksam gemaach. Den Apdikter dréit d’Verantwortung bei engem eventuelle Litige.

D’Zuel vun den Apdikte gëtt der Unzuel vun den Awunner reegelméisseg ugepasst.

Op Uweisung vum Gesondheetsministère ginn aus ekonomesche Grënn ëmmer méi Generika-Medikamenter vum Dokter verschriwwen. Net all Generika huet genee déiselwecht Wierkung ewéi d’Original, an eng Rei Patiente sinn duerch de Wiessel op de Generika och veronséchert. E weidere Problem ass deen, datt et vill ze dacks zu Liwwerschwieregkeete kënnt. D’ADR fuerdert dowéinst méi Fräiheet fir den Dokter an den Apdikter, amplaz op de Präis vum Medikament ze kucken.

Am ganze Land ginn Dag an Nuecht Garde vun Apdikten assuréiert. Dobäi däerf besonnesch am Norden an am Osten dem Patient säi Wee bei d’Apdikt net ze laang ginn.

Dokteren, déi Hausvisitte maachen, kënnen e Stock vun heefeg verschriwwene Medikamenter bei sech hunn, fir dem Patient auszehëllefen an de Wee an d’Apdikt ze erspueren.

D’ADR setzt sech dofir an, datt zu Lëtzebuerg d’Versuergung mat héichwäertegen an innovative Medikamenter garantéiert bleift an d’Ofhängegkeet vun Importateuren aus der Belsch reduzéiert gëtt. Fir d’ADR ass d’APL (Association pharmaceutique luxembourgeoise) e wichtegen Acteur am Lëtzebuerger Gesondheetssecteur, dee bei Verhandlungen iwwert d’Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg mat um Dësch sëtze muss.

D’Urgence an d’Maison médicale

Vill Leit gi bei enger liichter Erkrankung oder Verletzung schonn an d’Urgence. D’Spideeler musse kapabel sinn, fir all Patient esou séier ewéi méiglech ze behandelen. Si brauchen an der Urgence méi Personal (Dokteren, Infirmieren, Sekretariat) a besser Raimlechkeeten.

D’ADR versprécht, d’Netz vu Maisons médicales, nuets an de Weekend verstäerken. Mir wäerten esou séier ewéi méiglech eng Maison médicale am Osten an eng Maison médicale fir Kanner am Norden opmaachen. Et muss Reklamm fir d’Maison médicale gemaach ginn, déi d’Urgence entlaaschte kënnen. Dëst däerf awer keen Alibi sinn, fir den Ausbau vun den Urgencen an de Spideeler ze verschleefen.

Desweidere gëtt de Service fir Noutfäll an der Zännmedezin iwwert de Weekend an d’Feierdeeg besser un d’Besoinen ugepasst.

D’Spideeler, Kannerklinik, d’Maternitéen

D’ADR wäert d’Entwécklung vun de Spideeler, dorënner d’Zuel vun de Better, kontinuéierlech un d’Entwécklung an d’Besoine vun der Populatioun upassen. Dobäi ginn net blannemännerches international Normen ugewannt, mee et gëtt op de Standard vun der medezinescher Versuergung zu Lëtzebuerg gekuckt. Mir begréissen d’Initiativ vun ambulanten Operatiounen. Hei däerfen awer net eleng ekonomesch Iwwerleeungen eng Roll spillen.

Wat d’Zuel vun de Better an vum Personal betrëfft, mussen d’Spideeler iwwert déi néideg Reserve verfügen, fir bei Noutfäll (Katastrophe mat ville Verletzten, Epidemien, asw.) effikass hëllefen ze kënnen. D’ADR verlaangt Ee-Bett-Zëmmeren als Norm fir all Patient.

Beim Personalschlëssel däerf net weider op de Modell vum PNR (Programm Nursing Research) opgebaut ginn.

D’ADR wëll, datt d’Beruffer am medezineschen an am para-medezinesche Beräich weider attraktiv bleiwen. De Bedarf un neiem Personal am Gesondheetssecteur an am Fleegesecteur muss an engem pluriannuelle Plang festgestallt ginn. Zu engem attraktive Beruff gehéiert och eng exzellent Ausbildung, déi der Wichtegkeet vun deene Beruffer Rechnung dréit an där Verantwortung gerecht gëtt, déi déi Leit dagdeeglech mussen droen. Opgrond dovu mussen d’Lëtzebuerger Lycéeë genuch Mëttele kréien, fir de Gesondheetsberuffer déi néideg Léierplazen zur Verfügung ze stellen. Domat gëtt an engems dofir gesuergt, datt mir genuch Personal an dësem Secteur hunn, dat Lëtzebuergesch kann. D’ADR ënnerstëtzt Campagnen, déi jonk Leit solle fir medezinesch Beruffer begeeschteren.

D’Spideeler solle generéis equipéiert ginn (z.B mat genuch IRMen) an adequat Infrastrukturen hunn. Diagnosen, Behandlungen a Operatioune sollen ouni onnëtz  Verspéidung kënne gemaach ginn. Dëst gëllt beispillsweis och fir Analyse vun der Onkologie. Iwwerweisungen an d’Ausland, déi net op Wonsch vum Patient geschéien, mee op ze vill laange Waardezäite grënnen, sollen et net méi ginn.

Rar Krankheeten oder héichspezialiséiert Operatioune sollen an engem eenzege spezialiséierten Zentrum zu Lëtzebuerg kënne behandelt oder duerchgefouert ginn. Doriwwer eraus wäert d’ADR sech dofir asetzen, datt d’Spideeler an deenen dräi Regioune fir déi allgemeng medezinesch Interventiounen zoustänneg sinn. Domat ginn dem Patient a sengem Begleeder onnëtz laang Weeër erspuert. Et soll och eng gesond Konkurrenz tëschent de verschiddene Spideeler existéieren, ënnert anerem fir de Patienten de fräie Choix vum Dokter ze erméiglechen.

D’ADR wäert dofir suergen, datt den Zougang zur Schmerztherapie méi einfach gëtt an d’Waardezäite gekierzt ginn. Dëst duerch d’Schafe vu Kompetenzzentren an de Spideeler.

An der Kannerklinik musse méi Personal (Kannerdokteren, Fleegepersonal) a méi Equipementer agesat ginn, fir sécherzestellen, datt all Kand, dat ageliwwert gëtt, déi beschtméiglech Behandlung kritt, ouni datt Zäit verluer geet. Och déi aner Spideeler am Land musse kënnen op e Pediater zréckgräifen – ganz besonnesch wa si „Déngscht“ hunn. No der Urgence kënnen d’Kanner, wann néideg, an d’Kannerklinik iwwerwise ginn.

Mat der ADR gëtt de Service de Neonatologie esou ausgebaut, datt all Puppelchen, deen ze fréi kënnt, adequat hei am Land ka versuergt ginn.

D’Psychiatrie

D’ADR ass sech esouwuel der ganzer Problematik ëm psychesche Krankheete bewosst ewéi och dem Ëmstand, datt d’Zuel vun de betraffene Leit nach wäert zouhuelen. D’ADR ass prinzipiell mat der Dezentraliséierung vun dëse Strukturen, den Therapieplazen a betreite Gruppen a klassesche Wunnengen averstanen a wäert dës Politik och weiderféieren.

Och hei mussen d’Effektiver, besonnesch wat d’Betreiungspersonal ugeet, konstant un déi reell Besoinen ugepasst ginn. Et däerf net sinn, datt Personalmangel iwwert den Asaz vu Psychofarmaka ausgeglach gëtt. Och am Prisong muss déi psychiatresch Betreiung garantéiert sinn an dat néidegt Personal zur Verfügung stoen.

Besonnesch bei der Kanner- a Jugendpsychiatrie wäert d’ADR d’Mëttelen, fir de Patienten an hiren Elteren ze hëllefen, verstäerken. Eng Iwwerweisung vu Kanner oder Jugendlechen a speziell Strukturen am Ausland muss déi absolut Ausnam bleiwen.

D’ADR wäert de Service „Suizidpräventioun“ ënnerstëtzen an dofir suergen, datt si genuch Personal hunn, fir de Benevolat ze encadréieren an déi betraffe Familljen ze ënnerstëtzen.

Ëmgang mat der Demenz

Grad bei Demenz ass Opklärung an Informatioun wichteg. D’Gesellschaft muss léieren, mat der Demenz als Krankheet ëmzegoen. Well d’Zuel vun de Betraffenen zouhëlt, mussen d’Strukturen fir dës Leit weider ausgebaut an deene spezifesche Besoinen ugepasst ginn. Dëst gëllt och fir d’Fleegeservicer.

D’Betreiung vun Demenzkranken doheem an hirem gewinnten Ëmfeld, muss d’Prioritéit sinn. D’Solidaritéit an der Famill an tëschent de Generatioune muss dobäi vum Staat gefërdert ginn, esouwuel steierlech ewéi mat direkten Hëllefen. Familljememberen, Frënn oder Bekannter, déi esou Leit ënnerstëtzen (“aidant informel”), musse reegelméisseg entlaascht ginn – dëst stonneweis, mee och wa si an d’Vakanz wëllen.

D’ADR evaluéiert d’Fleegeversécherung a passt si do un, wou et néideg ass. Dat hu mir schonn an eiser Gesetzespropositioun, déi an der Chamber deponéiert ass, zum Ausdrock bruecht. Et geet dorëms, datt déi Betraffen net nëmme solle “versuergt” ginn. Si sollen och hir sozial Kontakter an hirem gewinnten Ëmfeld esou wäit ewéi méiglech kënne bäibehalen. Et ass un der Politik, d’Konditioune fir vernetzte Strukturen an dësem Beräich ze schafen.

Palliativmedezin

All Mënsch soll och seng lescht Méint, Wochen, Deeg oder Momenter kënnen an Dignitéit, a Rou a mat esou mann ewéi méiglech Péng liewen. Dat ass d’Roll vun der Palliativmedezin, déi mir ënnerstëtzen. D’ADR wäert en nationale Plang vun der palliativer Versuergung ausschaffe loossen an och ausféieren. Zur Dignitéit an zur Rou gehéiert och, datt d’Patienten d’Enn vun hirem Liewen an hirem gewinnten Ëmfeld verbrénge kënnen. Dowéinst soll den ambulante Service esou ausgebaut ginn, datt méiglechst vill Mënschen an hirem Doheem kënne versuergt ginn. Dëse Service muss och bis an d’Senioren- a Fleegeheemer funktionéieren.

D’ADR bleift bei hirer Positioun géintiwwer der Euthanasie, déi si an de leschte 15 Joer konsequent vertrueden huet.

D’Alternativmedezin

Ënnert dem Impuls vun der ADR ass schonns 2001 an der Chamber eng Motioun ugeholl ginn, déi fuerdert, datt bestëmmte Forme vun Alternativmedezin gesetzlech encadréiert ginn. Dat ass bis elo eréischt zu engem Deel ëmgesat ginn.

D’Patiente mussen d’Fräiheet behalen, sech no där Method behandelen ze loossen, déi si sech wënschen. Bis op e Gesetz iwwert de Remboursement vu gewëssenen homeopathesche Produkter – wat an der Praxis awer kaum ugewannt gouf – goufen an de leschte 15 Joer keng Fortschrëtter am Beräich vun der Alternativmedezin gemaach.

Am Dialog mat allen Acteuren, ënnerstëtzt d’ADR d’Ëmsetze vun der Motioun iwwer d’Alternativmedezin. D’Gesondheetskeess soll och dës Behandlungen a Medikamenter wéinstens deelweis iwwerhuelen.

D’Gesondheetskeess

D’Gesondheetskeess soll weider paritéitesch vu Salariat, Patronat,  Gesondheetsdéngschtleeschter a Staat gefouert ginn. D’Prioritéite mussen am Intressi vum Patient a vun der allgemenger Gesondheet geholl ginn. Fir dat mat ze garantéieren, kréien d’Dokteren eng adequat Vertriedung an den Instanzen, an deenen d’Aféierung vum „tiers payant“ dat néideg mécht. Et däerf net op Käschte vun der Gesondheet gespuert ginn.

Et däerf zu Lëtzebuerg keng Zwouklassemedezin ginn. Sollt et néideg sinn, och am Kader vum verantwortleche Wuesstem, d’Budgeten unzepassen, da muss dëst virun allem iwwer d’Recettë gemaach ginn.

Eng vun de gesondheetleche Prioritéite muss d’Iwwerschaffe vun der Nomenclature sinn, déi vill Behandlungen net oder net genuch rembourséiert. D’Remboursementer am Beräich vun der Zännmedezin mussen ugepasst ginn, dëst gëllt och fir Brëller an Hörapparater. D’Nomenclature muss an Zukunft reegelméisseg iwwerschafft an un d’Fortschrëtter vun der Medezin ugepasst ginn. Medikamenter fir chronesch Krankheete mussen zu 100% rembourséiert ginn. D’Tester bei Allergië gi vun der Gesondheetskeess iwwerholl, esou ewéi d’Therapie bei der Dyslexie a Legasthenie an der Lipödem-Krankheet.

Et ass dem Patient säi Recht, sech am Ausland behandelen ze loossen. Och dofir mussen d’Prozedure vereinfacht ginn.

D’Patienten hu Rechter

Dem Patient säi wichtegst Recht ass eng mënschewierdeg Fleeg a Behandlung. Dëst gëllt besonnesch bei der stationärer Fleeg – awer net nëmmen do. Dozou gehéieren och en Empfang op Lëtzebuergesch, kuerz Waardezäiten, genuch Personal, dat net permanent am Stress ass, mee och emol Zäit huet fir nozelauschteren, asw.

Sollt et Komplikatioune bei der Behandlung vum Patient ginn, muss hie vun enger  onofhängeger Institutioun gehollef kréien, fir seng Rechter duerchzesetzen. Fir dës Onofhängegkeet ze garantéieren, soll de Service vun der Mediatioun am Gesondheetsberäich net méi dem Gesondheetsminister ënnerstallt sinn, mee un den nationalen Ombudsmann ugebonne ginn.

Fir eventuell Entschiedegunge soll eng Assurance opkommen, an déi d’Dokteren abezuelen, an déi nom Prinzip vun der „responsabilité sans faute“ solle funktionéieren. Trotz der Mediatioun am Gesondheetsberäich an enger gudder Assurance muss de Patient  seng Rechter awer ëmmer nach iwwert de Wee vun der Justiz kënnen akloen.

D’ADR schaaft e Kontrollorgan, an deem all d’Acteure vertruede sinn, fir Qualitéitsstandarden am Gesondheetsberäich opzestellen an ze kontrolléieren. Fir eng gréisstméiglech Onofhängegkeet ze garantéieren, gëtt dëse Gremium dem Ministère fir Verbraucherschutz ugegliddert.

Mir ënnerstëtzen de Konzept vun engem elektronesche Patientendossier (DSP, dossier de soins partagés) ënnert der Oplag, datt gréisstméiglech Sécherheet fir den Dateschutz gëllt an datt de Patient d’Uleeë vu sengem Dossier refuséiere kann („opt-out“).

 

8.  Asylpolitik 

D’ADR setzt op en effikasse Schutz vun de Baussegrenze vun der europäescher Unioun, wann néideg komplettéiert duerch national Moossname fir illegal Immigratioun ze verhënneren. D’ADR applizéiert d’Konventioun vun 1948 iwwert de Schutz vun Zivilpersounen a Konfliktsituatiounen, d’Asylrechtskonventioun vun 1951, d’Schengen-Konventioun an d’Accorde vun Dublin. Wann dës Rechtsinstrumenter op europäeschem Niveau net konsequent an zouverlässeg ugewannt ginn, muss all Land d’Recht hunn, seng national Interessien duerch adequat a proportionéiert Moossnamen, inklusiv Grenzkontrollen, ze schützen.

D’ADR ass averstanen, datt Lëtzebuerg zum Schutz vun den europäesche Baussegrenze bäidréit, inklusiv duerch e Bäitrag zu Frontex. Mir sinn och der Meenung, datt d’Douane muss allzäit iwwer genuch personell an aner Mëttele verfügen, fir kënne Kontrollen  un de  Lëtzebuerger Grenzen duerchzeféieren.

D’ADR wëll eng human Politik, selbstverständlech och am Beräich vum internationale Schutz. Mir si prinzipiell ëmmer bereet, fir Leit ze hëllefen, déi verfollegt ginn. Een Aspekt dovun ass, datt asylberechtegt Persounen am Kader vun enger europäescher Solidaritéit kënnen zu Lëtzebuerg relokaliséiert ginn (z.B. aus Griicheland oder Italien). Dëst muss awer ëmmer opgrond vun enger souveräner, nationaler Decisioun geschéien. Leit, déi vu sech aus iwwer sécher Drëttstaaten op Lëtzebuerg kommen, hunn hei kee Recht op Asyl.

Mat der ADR gëtt et zu Lëtzebuerg kee „Flüchtlingscamp“, keen „Hot-Spot“, keng „Flüchtlings-Sammelplaz“ oder Ähnleches, dat aus enger Decisioun vun der Europäescher Unioun géing ervirgoen.

D’ADR fuerdert eng staark Ënnerstëtzung vun humanitären Organisatiounen am Beräich vun der Flüchtlingsproblematik, besonnesch vum UNHCR (United Nations High Commisioner for Refugees).

Mir toleréiere kee Mëssbrauch vum Asylrecht an erlaabe keng illegal Immigratioun (z.B. aus ekonomesche Grënn). Länner, déi refuséieren hir Ressortissanten zréckzehuelen, musse mat Konsequenze rechnen.

D’ADR ass dofir, datt d’Asylrecht eng national Kompetenz bleift, respektiv nees dozou gëtt. Mir si géint eng Quotereegelung op europäeschem Niveau fir d’Verdeelung vun de Migranten. All Land ka fir sech entscheeden, wéi eng Leit am Land däerfe liewen a wéi eng net.

Mir bestinn op séier an effikass Prozeduren am Asylrecht.

A Konformitéit mam internationale Recht muss et d’Zil sinn, déi Persounen, déi hei am Land als BPI (Bénéficiaire de Protection internationale) oder DPI (Demandeur de Protection internationale) sinn, esou séier ewéi méiglech, dat heescht esoubal d’Konditiounen et erlaben, an hir Länner zréckzeféieren. En internationale Schutzstatus däerf net mat enger permanenter Immigratioun verwiesselt ginn.

D’ADR schwätzt sech dofir aus, eventuell Ufroen op Asyl esouwäit ewéi méiglech baussent dem Gebitt vun der Europäescher Unioun entgéintzehuelen an do ze ënnersichen. Mir si  géint all Politik, déi kriminell Praktike vu Schlepper a Mënschenhändler kéint direkt oder indirekt ënnerstëtzen.

D’ADR verweist och op hir Propositiounen am Kader vun der Entwécklungshëllef an op d’Wichtegkeet vun engem konsequenten Engagement fir den internationale Fridden an d’Sécherheet. Eng gutt Diplomatie mat adequate Mëttelen an eng cibléiert Kooperatiounspolitik kënnen dozou bäidroen, Migratiounsbeweegungen ze verhënneren.

Reform vum Openthaltsrecht

D’ADR ass besuergt, well ëmmer méi Leit ouni Openthaltserlaabnes zu Lëtzebuerg sinn. Dowéinst wäerte mir d’Gesetzer iwwert d’Awanderen an d’Openthaltsrecht zu Lëtzebuerg strikt applizéieren, dëst och nom Kritär vun den „néidege Ressourcen“ (ressources suffisantes). Op där anerer Säit si Lëtzebuerger Entreprisen op Spezialisten aus dem Ausland – iwwer d’Europäesch Unioun eraus – ugewisen. Esou Aarbechtsgeneemegunge mussen op eng einfach, séier an onbürokratesch Aart a Weis ausgestallt ginn.

 

9.  Naturschutz ouni Schikane fir Mënschen a Betriber 

Besonnesch am Zesummenhang mam onkontrolléierte Wuesstem muss den Naturschutz en zentraalt Uleies vun der Politik sinn. Dobäi duerf net vergiess ginn, datt de Mënsch en Deel vun der Natur ass an den Naturschutz – a ganz besonnesch d’Ëmweltverwaltung – net do ass, fir d’Bierger ze schikanéieren.

Naturschutzgesetz nobesseren

Eng Viraussetzung, fir den Naturschutz ze garantéieren, si kloer definéiert Schutzzonen, an deene kloer definéiert Reegelen anzehale sinn. Déi Reegele mussen dann och fir de Staat gëllen. Et kann also net sinn, datt eng Regierung en Tramsschapp an enger geschützter Natura-2000-Zon baut.

D’Schutzzone musse sech ganz genee mat de sektorielle Pläng an de PAGe vun de Gemengen ofdecken, fir datt et net zu Hin an Hier bannent de staatleche Verwaltungen,  respektiv mat de Gemenge, kënnt. Et gëtt gréisser zesummenhängend Zonen, déi net als Gréngzonen an de Pläng agedroe waren an awer ënner Schutz gestallt solle ginn, ewéi de Schëttermarial um Kierchbierg.

D’ADR ass mat Bestëmmunge vum Naturschutzgesetz averstanen an huet et awer net kënne matstëmmen. D’ADR wäert d’Gesetz wéinstens op zwee Punkte verbesseren.

Éischtens mussen d’Kontrolle, bei Verdacht op Gesetzesverstéiss, mat den allgemenge  Reegele vum Strofrecht konform sinn. Esou mussen dës Kontrollen ëmmer a Präsenz vun der Police oder der Douane geschéien, woubäi Spezialiste vun der Ëmweltverwaltung als „Expert“ kënne präsent sinn. Et gëtt, am Kader vun der Police respektiv vun der Douane, eng „Ëmweltpolice“ gegrënnt. D’Membere vun deene verschiddenen Ëmweltverwaltunge verléieren hir Roll als OPJ (officier de police judiciaire). Mat hirer Expertise ënnerstëtze si d’Aarbecht vun der Police an der Douane.

En zweete Grond fir d’Gesetz net matzestëmmen, waren déi onkloer Kompensatiounsmoossnamen. Et muss kloer sinn, wéi eng Heck, e Strauch, e Bam korrekt ze kompenséiere sinn.

Och an de Gréngzone muss et, u strikt Konditioune gebonnen, méiglech sinn, den historesche Patrimoine ze erhalen, respektiv ze restauréieren (z.B. bei ale Millen).

Déiereschutz

D’ADR huet d’Gesetz iwwert den Déiereschutz an der Chamber matgestëmmt. Mir bestinn awer weider dorop, datt d’Propositiounen, déi mir gemaach an an der Chamber deponéiert hunn, och ugeholl ginn. Mir verlaangen, datt den Déiereschutz an d’Verfassung opgeholl  an datt de Code civil geännert gëtt.

Folgende Saz soll an d’Verfassung kommen: „De Staat fërdert de Schutz an d’Wuelbefanne vun den Déieren“. De Code civil soll esou geännert ginn, datt en Déier net méi als eng „Saach“ ugesi gëtt, mee festhält, datt et e „Liewewiese mat Gefiller ass“, deem seng Würd ze respektéieren ass.

D’ADR iwwerschafft d’Bedéngunge vum nationalen an internationalen Transport vu liewegen Déieren, dëst am Sënn vun engem bessere Schutz. Dobäi mussen och déi néideg Kontrolle verschäerft ginn, fir datt op d’mannst déi aktuell Bestëmmungen genee agehale ginn.

D’ADR fuerdert, datt och zu Lëtzebuerg e Crematoire fir Deieren ageriicht gëtt.

Naturparken a Reserven

Déi bestoend Naturparken an d’Naturreserve gi weider ënnerstëtzt an eventuell vergréissert. Dëst geschitt ëmmer am Dialog mat de Gemengen, den Awunner an de Baueren aus de betraffene Regiounen an ouni dës Zone fir all Aktivitéiten ze spären. Et gëtt alles an d’Weeër geleet, fir déi fréier Flächen, wou d’Minett ofgebaut ginn ass, als Patrimoine „biosphère“ vun der Unesco unerkennen ze loossen.

Bësch an Holz

D’ADR wäert Moossnamen huelen, fir datt de Bësch an d’Holzindustrie nees en héije Stellewäert zu Lëtzebuerg kréien, an datt z.B. Betriber aus der Regioun e Virkafsrecht op regionaalt Holz fir de Bau a fir Miwwele kréien. Et ass onsënneg, eis Beem a China ze verschëffen, fir da Miwwelen aus China ze kafen. Fir Lëtzebuerger Seeëreien, Schräinereien an aner Betriber, déi Holz verschaffen, ze ënnerstëtzen, gëtt mat de Leit vum Terrain e Programm ausgeschafft. D’Gemenge ginn encouragéiert an hirem PAG och Haiser ze erlaben, déi aus Holz gebaut ginn.

De Gebrauch vu „Pellets“ an „Holzschnëtt“ fir ze heize gëtt ënnerstëtzt, ouni datt déi Zort vun Heizen zum Standard erhuewe gëtt.

Juegd

D’Juegd gehéiert zu eisen Traditiounen an huet am ländleche Raum och eng wirtschaftlech Bedeitung. D’Juegd muss esou organiséiert ginn, datt d’Biodiversitéit respektéiert a gefërdert gëtt. Dobäi muss dofir gesuergt ginn, datt d’Dicht vum Wëld an de Bestand un d’Gréisst vum Revéier ugepasst bleiwen. D’ADR wäert d’Juegdgesetz vun 2011 iwwerschaffen an nees Rou an d’Verhältnes tëschent dem Jeeërverband, dem Ministère an den Administratioune bréngen.

Fir d’Biodiversitéit an e gesonden Equiliber am Bësch ze erhalen, däerfe Raubdéieren, déi keng natierlech Feinden hunn, vum Jeeër erluecht ginn. Wann de Staat d’Juegd op Raubdéieren (z.B. op de Fuuss oder Wollef) awer verbitt, musse séier, onbürokratesch a gerecht Kompensatiounsmoossname gebuede ginn, déi bei engem Schued gräifen. Och präventiv Moossname géint Raubdéiere musse vum Staat ënnerstëtzt ginn. E Juegdverbuet op Raubdéiere muss all Joer iwwerpréift, justifizéiert an nei decidéiert ginn. Prioritéit huet ëmmer de Schutz vum Mënsch a vu sengen Aktivitéiten.

Fir Spadséiergänger ze schützen, mussen Tafelen an den Zougäng zu Bëscher, an deenen eng Juegd geplangt oder am Gaang ass, déi néideg Warnunge ginn. Aus Sécherheetsgrënn kann d’Betriede vum Bësch während enger Dreifjuegd verbuede ginn.

De Sënn vun enger allgemenger Ännerung vun de Juegdlousen, hire Grenzen a gläichzäiteger Verpachtung, gëtt iwwerpréift.

Waasser

D’ADR setzt sech dofir an, datt schounend mam Drénkwaasser ëmgaange gëtt. Et kann net sinn, datt nei Betriber hei am Land zougelooss ginn, déi grad esou vill Waasser verbrauchen ewéi eng gréisser Gemeng. Et däerf net duerzou kommen, datt mir Waasser aus der Musel opbereede mussen, fir de Bedarf un Drénkwaasser zu Lëtzebuerg ze decken.

Iwwer d’Gemengen an d’Gemengesyndikater hält d’ADR d’Produktioun an d’Distributioun vum Drénkwaasser an ëffentlecher Hand.

Entreprisen, déi gréisser Waasserquantitéite verbrauchen, mussen dëst och op eege Verantwortung a Käschte klären. Dobäi ginn och Norme gesat, fir eng Erhéijung vun der Waassertemperatur ze vermeiden.

Nieft dem Schoune vu de Ressourcë mussen och d’Kapassitéit vun der Opbereedung vu Waasser aus dem Stauséi an d’Erschléisse vu Quelle weider gefërdert ginn. Esou gëtt d’Waasser och a Jore mat wéineg Reen net knapp. D’Bauere musse beim Quelleschutz agebonnen an deementspriechend entschiedegt ginn.

Och d’Qualitéit vun all Fléissgewässer muss op dem beschtméigleche Stand gehale ginn. D’Fësche muss iwwerall méiglech sinn. Vun deene gefaangene Fësch däerf kee gesondheetleche Risiko fir de Mënsch ausgoen. D’Waasserqualitéit vun der Sauer muss nees d’Normen erfëllen, fir datt een am Floss schwammen a Kanu fuere kann.

Kaméidi, Loft- a Liichtverschmotzung

D’Belaaschtung duerch de Kaméidi gëtt ëmmer méi grouss. De Schutz hei virdrun muss dowéinst verbessert ginn. Esou Moossname géint de Kaméidi solle bei Autobunnen, Stroossen, Contournementen an der Eisebunn systematesch a wa méiglech am Viraus  geplangt a realiséiert ginn. Gestrëpp an Hecke laanscht Autobunnen an Schinne gi stoe gelooss esoulaang si keng wierklech Gefor fir de Verkéier duerstellen.

Um Findel ginn d’Reegele fir d’Nuetsflich verschäerft a si musse streng agehale ginn. Nei Approchen op de Findel gi festgeluecht fir de Kaméidi iwwert de bewunnte Quartiere maximal ze vermeiden. De Staat hëlleft do, wou dat vertriedbar a realistesch ass, fir de Schutz géint de Kaméidi reglementaresch a materiell ze ënnerstëtzen.

De Staat muss net nëmmen e Kader setzen, fir Loftverschmotzung ze ënnerbannen, mee och mat guddem Beispill virgoen. D’Flott vun de Staatsgefierer soll esou „propper“ ewéi méiglech ginn. Dëst gëllt och fir d’Autobussen, déi vum Staat an de Gemenge subventionéiert ginn (RGTR, CFL, AVL, TICE, asw.). Et soll mat positive Mëttelen och bewierkt ginn, datt Privat- a Firmeween esou emissiounsaarm ewéi méiglech ginn. D’Proprietäre vun Dieselen – déi dës am gudde Glawe kaf hunn, fir esou manner CO2 auszestoussen – däerfen dobäi net bestrooft ginn.

Och d’Industrie soll sech bei den Emissiounen u streng Normen an den neiste Stand vun der Technik mussen halen.

D’Liichtverschmotzung ass eng weider Erausfuerderung. Mir passen d’Luuchten am ëffentleche Raum an op de Verkéiersweeër un déi neisten Normen un, ouni d’Verkéierssécherheet ze vernoléissegen. Op klenge Stroossen ass eng Beliichtung, déi sech bei Verkéier un- an ausschalt, eng Alternativ.

 

10.Fir eng vernënfteg Klimapolitik
ouni Angscht ze maachen 

D’ADR dréit d’Beméiungen, fir d’Emissioun vun Zäregasen ze reduzéieren, mat. Mir maachen eis awer keng Illusiounen, datt Lëtzebuerg als klengt Land domat vill um Weltklima ännert. Mir sinn iwwerzeegt, datt Lëtzebuerg nëmme mat engem verantwortungsvolle Wuesstem eng responsabel Roll beim Reduzéiere vun Zäregase spille kann. A weidere Verhandlungen op internationalem Plang, wäerte mir keng Verflichtunge agoen, vun deenen am Viraus scho gewosst ass, datt si net kënnen agehale ginn.

D’ADR wäert all Beméiungen, fir den CO2-Ausstouss vu Lëtzebuerg ze reduzéieren, hei am Land konzentréieren, amplaz honnerte vu Millioune fir eng „statistesch“ Besserung vum CO2-Ausstouss, dee Lëtzebuerg zougeschriwwe gëtt, an d’Ausland ze transferéieren. Mir wieren eis och dogéint, datt zu Lëtzebuerg (an dëst misst europawäit gëllen) Industrien zougemaach ginn, fir datt déiselwecht Wueren dann op anere Kontinenter – ouni vill Ëmweltoplagen a mat Sozialdumping – hiergestallt ginn. Dowéinst ass d’ADR och géint d’Verdäiwelung vum Tanktourismus, dee kaum zu den Emissioune bäidréit awer der Staatskeess vill Recetten abréngt.

Mir setzen eis fir eng sachlech a wëssenschaftlech baséiert Diskussioun an. Lëtzebuerg muss sech op de Klimawandel virbereeden a Moossnamen huelen, fir den Impakt ze miniméieren.

Klimawandel gëtt et zënter datt d’Äerd besteet. Den Undeel, deen de Mënsch ze veräntweren huet, muss selbstverständlech reduzéiert ginn. Mee net all Wiederphenomen an all Naturkatastroph sinn d’Resultat vun engem vum Mënsch gemaachte Klimawandel. D’ADR wiert sech géint Campagnen, déi dat behaapten an dacks vun ëffentlecher Hand gesteiert sinn.

Op de Klimawandel virbereeden

Och mat alle Moossnamen, déi hei am Land ëmgesat ginn, ass de Klimawandel net ze stoppen. Mam Klimawiessel wäerten extrem klimatesch Episoden ewéi Dréchent, Stuerm, extrem staarke Reen, vill Schnéi, asw. zouhuelen. Präventiv Moossnamen, déi d’ADR virgesäit, wieren den Ausbau vun de Kapassitéite vum Stauséi, adaptéiert Kanalisatiounen, Mëttelen, fir Héichwaasserschied laanscht déi grouss Flëss ze verhënneren, asw. Domat géing verhënnert ginn, datt ee mat vill Geld de Schued duerch Naturkatastrophe behiewe misst.

E System vun einfache Barragen (Rückhaltedämme) kann Iwwerschwemmungskatastrophen entgéintwierken. Si kënne grouss Quantitéite Waasser zréckhalen an esou den Offloss vum Waasser zäitlech strecken. D’ADR wäert dofir en Accord mat de Proprietäre vu Lännereien, déi entspriechend entschiedegt ginn, landeswäit aushandelen.

Privatstéit, Kleng- a Mëttelbetriber kréie gehollef, fir sech gutt ze versécheren. Et gëtt analyséiert, ob net e klenge Bäitrag op all Hausversécherung obligatoresch gëtt, fir datt jidderee géint Naturkatastrophen ewéi Héichwaasser verséchert ass.

Energieverbrauch reduzéieren

Fir d’Klimaziler ze erreechen, muss de landeswäiten Energieverbrauch reduzéiert ginn.  Dëst kann nëmme mat engem verantwortungsvolle Wuesstem erreecht ginn. Och bei der Reduktioun vum Energieverbrauch mussen d’Ziler realistesch bleiwen. Beispillsweis däerfe Energiespuermoossnamen am Wunnengsbau net d’Präisser esou an d’Luucht dreiwen, datt nëmmen nach eng Minoritéit sech eng eege Wunneng leeschte kann.

D’ADR wäert de Subventiounssystem reforméieren. Hëllefen däerfen net als Steiervergënschtegung ausgeluecht ginn, vun deenen nëmme leit mat déckem Akommes profitéiere kënne. Fir wierksam Moossnamen ewéi z.B. bei der Isolatioun an dem Ersetze vun der Heizung gëtt et Prêten ouni Zënsen. D’Kritären, fir e Klimaprêt ze kréien, ginn erweidert.

D’Industrie, a besonnesch d’Autosindustrie, muss weltwäit Norme gesat kréien, fir méi effizient mat der Energie ëmzegoen.

Erneierbar Energie

Erneierbar Energie muss do agesat ginn, wou si sënnvoll ass. Lëtzebuerg huet Potenzial bei der Fotovoltaik, der Waasserkraaft (z.B. fir Sitte vun alen an nach bestoende Millen nees auszenotzen) a bedéngt och beim Wand. D’ADR ass awer net bereet illusoresch Ziler, ewéi eng 100% erneierbar Energie, ze verfollegen, egal wat et kascht. D’Land soll net mat Wandmillen zougebaut ginn. Biosprit a Biogasanlagen däerfen net a Konkurrenz mat der Liewensmëttelproduktioun stoen. Gréisser Anlage ginn net méi subventionéiert, mee dofir ginn awer kleng Privatinitiative méi staark ënnerstëtzt.

Fir d’ADR gehéiert den Atomstroum weder zur erneierbarer nach zur propperer Energie. Kettenuewen (Cattenom) ass e Risiko fir d’Existenz vum ganze Land. Et muss dowéinst mat alle legale Mëttelen op Frankräich agewierkt ginn, och mat Kloe virun internationale Geriichter, fir datt dës Atomzentral zougemaach gëtt. Lëtzebuerg muss sech international fir de Stopp vun allen Atomzentralen asetzen.

 

11.Agrarpolitik – eis Visioun 

D’ADR steet fir eng nohalteg Lëtzebuerger Liewensmëttelproduktioun, esouwuel an der Landwirtschaft ewéi am Wäin-, Uebst- a Geméisbau. De Gebrauch vu chemesch-syntheteschen Hëllefsmëttele soll lues a lues duerch natierlech Reegel- a Schutzmoossnamen ersat ginn. Dëst erlaabt d’biologesch Aktivitéit vum Bueden ze steigeren duerch Variatiounen an den Notzplanzen (och Leguminosen), eng Direktsaat a verlängert Rotatiounen.

Masterplang fir d’Landwirtschaft

Fir 2050 muss een Haaptzil vun dëser Politik sinn, eng esouwäit ewéi méiglech finanziell onofhängeg a klimafrëndlech Landwirtschaft ze fërderen. Ee Wee dohinner wier d’Hale vu Wiederkäuer (grouss a kleng), wat zu engem däitlech méi planzeräiche Gréngland féiert. Dës Déiere liwweren net nëmme Mëllech a Fleesch, mee och Gelatine, Lieder an natierlechen Dünger fir den Akerbau. D’Landwirtschaft lieft awer net nëmme vu klassesche Produkter, mee och vun nohalteger “Matière Premiere” ewéi Stréi, Hanf a Miscanthus. Dës Landwirtschaft erlaabt et, grouss Quantitéiten u Karbon ze späicheren a Reewaasser opzefänken an ze sammelen. Esou kënne sech eis Insektebevëlkerung an och eis Buedemfauna erhuelen.

D’Zuel vun de Wiederkäuer gëtt un d’Gréngland ugepasst, dat wieren an der Schlussphas bis 2050 nach ongeféier 25.000 Mëllechkéi a 15.000 Mammekéi mat hirer Nozuucht. Doduerch gëtt natierlech d’Mëllechproduktioun reduzéiert (mir exportéieren haut bal 80% vun eiser Mëllech als “Réi”-Mëllech). D’Fleeschproduktioun, aus am Trach produzéierter Mascht, gëtt automatesch reduzéiert an dem verännerte Konsumverhalen ugepasst.

Dëst kann ongeféier 200.000 t CO2 Equivalent op der Plaz hei am Land aspueren. Et ginn doduerch däitlech manner Fuddermëttelen aus Zweet- an Drëttlänner gebraucht. Aus nationalem Akerbau entsti méi Kären, Bounen, a Feldgeméis – lauter Produkter, déi direkt vum Mënsch kënne konsuméiert ginn. Schwäin a Gefligel mussen an dësem Modell erëm esou gefiddert ginn ewéi d’Natur dat virgesinn huet. Déi haut opgezwonge reng vegan Ernierung gëtt lues a lues erëm gewandelt. Déi fir de Mënsch wäertvoll Liewensmëttel ginn dësem erëm direkt zur Verfügung gestallt. Schwäin a Gefligel mussen nees, ewéi schonn esou dacks zënter 7.000 Joer, zum Recycling vun eisen enormen Offäll u Liewensmëttelen agesat ginn. Dës mussen natierlech duerch hygienesch Moossname risikofräi verwäertbar sinn. Esou entsteet aus dem Biooffall vun haut e gutt Liewensmëttel mat héichwäertegen Eewäisser a Fetter vu muer.

Besonnesch duerch deen da méi klengen Input aus der Landwirtschaft gi Loft-, Waasser- a Buedemqualitéit verbessert. Natierlech gi Stéckstoff a Phosphor-Intensitéit am natierlechen Zyklus erhéicht, awer de Verloscht an d’Ëmwelt gëtt däitlech reduzéiert. De Gehalt u Stéckstoffverbindungen (Nitrat, Ammoniak, asw.) an der Loft an am Waasser ginn zréck.

Eis Baueren, Wënzer a Gäertner brauchen dofir eng korrekt Aus- a Weiderbildung als gepréiften a confirméiert Agrarmeeschteren, e gesetzleche Kader an eng effikass Berodung.

Dës Entwécklung an d’Reform vun der Gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) mam verstäerkte Subsidiaritéitsprinzip, erlaabt Lëtzebuerg en eegestännegt Reglement. D’ADR setzt sech fir eng etappeweis an zilorientéierten Ëmsetzung vun dësen Iddien a Visioune bis 2050 an.

Konkret muss all Bauer, Wënzer a Gäertner e Grondakommes erméiglecht kréien. Dëst net an direkter Relatioun mat sengem Produkt an de genotzte Flächen, mee an engem kloer definéierte Kader, dee säi berufflecht Existenzrecht a seng innovativ Kraaft berécksiichtegt. D’Finanzéierung vun der Entschiedegung vum Bauer sengem Opwand iwwer 365 Deeg am Joer baséiert op de Käschten, déi fir eng Sanéierung vun der Ëmwelt am klassesche System ugefall wieren an duerch seng Aarbecht ewechfalen. De Maart deckt, ewéi och haut, nëmmen déi Käschten, déi iwwreg bleiwen. Et ass dann un der Politik, dem Verbraucher kloerzemaachen, datt hien duerch säin Akafsverhale mat iwwert d’Verhältnes vun den direkten an indirekten Hëllefen entscheet.

Neien a jonke Baueren, besonnesch am Uebst- a Geméisbau, gëtt d’Entrée erliichtert. Esou kënnen eng Consumer Supported Agriculture (CSA), den Urban Gardening an d’Permaculture sech entwéckelen a gefërdert ginn, an zwar do, wou dat och ee reelle Sënn mécht.

Erneierbar Energie, ewéi Wand- a Photovoltaik ginn op landwirtschaftleche Flächen do erlaabt respektiv vergréissert a propagéiert, wou si fir Mënsch, Natur an Ëmwelt ouni Problem kënne bedriwwe ginn.

Biogas gëtt nëmmen nach aus net méi anescht ze verwäertenden Offäll gewonnen. Dat direkt Gäre vun Notzplanzen, ewéi z.B. Mais, gëtt fir nei Anlagen net méi zougelooss. Och muss bei der Produktioun vu Stroum d’Reschtwäermt komplett genotzt ginn, fir eng vertrietbar Energieeffizienz ze erreechen.

Als Konterpartie fir säi garantéiert Akommes muss all Liewensmëttel, Réistoffer an Energie hierstellende Betrib (Bauer, Wënzer, Gäertner) d’biologesch Effizienz vu senge Produktiounsprozesser festhalen. Dëst andeem déi betriblech Stoff- an Energieflëss (mat den Zäregasen) dokumentéiert a bilanzéiert ginn. Och gëtt de Betrib op seng Nohaltegkeet gepréift, woubäi déi gutt fachlech Praxis, dat Soziaalt, d’Ëmwelt an d’Ekonomie vum Betrib evaluéiert ginn.

A sechs Fënnefjorespläng ginn d’Ziler vun dëser Ëmsetzung festgehalen. All d’Acteuren si gehalen, Nährstoffverloschter laangfristeg ze miniméieren. D’Benotze vu fossiller Energie gëtt esouwäit ewéi méiglech reduzéiert, an den Asaz vu Pestizide gëtt iwwert dës Period op Null gesat. Ze erwaarde si méi bléiend Landschaften, méi gréng a méi diversifiéiert. Eis Loft gëtt besser, méi reng a frësch, d’Insekten, a besonnesch d’Beie liewen op, den Hunneg ass manner belaascht mat frieme Stoffer. Am Wanter sinn onbegréngt Felder d’Ausnam. Doduerch entfale mëttel- an laangfristeg Waasserschutzzonen. Natierlech Biotopen an eng räich Kulturlandschaft mat ville Facetten entstinn.

Am Nation Branding fënnt dës Entwécklung hiren Impakt. Am ganze Land kënnen erëm Feldfriichten, Uebst a Champignone gepléckt a kultivéiert ginn. Eis Baachen a Flëss kënnen erëm ouni Handicap fir d’Landwirtschaft genotzt ginn, fir ze schwammen an ze fëschen. Déi blo Algen am Stauséi sinn dann nëmmen nach Geschicht. All zu Lëtzebuerg produzéiert Liewensmëttele si sozial an ëmweltgerecht. Eist Quellewaasser, eng vun eisen eenzegen natierlechen Ressourcen, kann ouni Opbereedung erëm gedronk ginn.

Dëst sollt eis een op 30 Joer ugeluechte Masterplang wäert sinn, dee seng Käschte mat enger onbezuelbarer Liewens- an Ëmweltqualitéit opweit, an dëst Hand an Hand mam Baueren-, Wënzer-, Uebstbaueren- a Gäertnerstand.

Ernährungspolitik a staatlechen Institutiounen

A Restauranten a Kantinnen, déi ënnert der Responsabilitéit vun der ëffentlecher Hand fonctionnéieren (Crèchen, Maison relais, Lycéeën, Spideeler, Alters- a Fleegeheemer, asw.), sollen déi hei verschafften Iesswueren esou vill ewéi méiglech aus dem „kuerze Kreeslaf“  – also hei am Land ugebaut – oder dem „fairen Handel“ stamen. Si sollen aus Bio oder „raisonnéierter“ Landwirtschaft sinn. D’Offer soll der Joreszäit ugepasst sinn, fir datt keng Zäreproduiten op den Dësch kommen. De Cahier des charges fir d’Entreprisen an d’Kiche gëtt deementspriechend ugepasst. Zu dëser gesonder Ernährungspolitik gehéiert och, datt déi néideg finanziell Mëttelen erhéicht ginn.

Wäibau

De Wäibau ass e wichtege Secteur fir d’Ekonomie, den Tourismus an d’Kultur. Dëse Secteur muss also weiderhin déi néideg Ënnerstëtzung kréien. Mir setzen eis an, fir datt de Lëtzebuerger Wäibau mat all senge Spezifizitéiten vun europäescher Iwwerreglementéierung verschount gëtt.

All d’Acteuren aus dem Wäibau, sief dat Privatwënzer oder Kooperativen, sollen un engem Strang zéien. Et geet net duer, ëmmer nëmmen e Strategiepabeier ausschaffen ze loossen: Mir setzen esou Strategië konkret an direkt ëm.

Bei der Promotioun vu Lëtzebuerg am Ausland gëtt de Wäibau mat promovéiert, och doduerch, datt Lëtzebuerger Wäin a Crémant op de Receptiounen zerwéiert gëtt.

Beienziichter

D’Beienzuucht bréngt eis net nëmmen Hunneg, mee och d’Bestäubung vun de Planzen ass wichteg. D’ADR steet fir den Ofbau vu chemesch-syntheteschen Hëllefsmëttelen, déi d’Beien a Gefor bréngen, a wëll fir genuch a gesond Beievëlker zu Lëtzebuerg suergen. Mir ënnerstëtzen de Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht an erkennen d’Beméiunge vun den „Hobby“-Beienziichter un. Fir de Bedarf vun der biologescher Bestäubung an den Hunnegbedarf vum Land laangfristeg ofzedecken, kéint e Grondakommes – ewéi et och fir d’Bauere virgesinn ass – fir eng kleng Unzuel vu professionelle Beienziichter virgesi ginn, respektiv kéint d’Beienzuucht u Betriber aus dem soziale Secteur delegéiert ginn.

D’ADR wäert d’Neonicotinoiden zu Lëtzebuerg direkt ënnerbannen, a mir wäerten Drock maachen, datt dëst Verbuet a ganz Europa soll ëmgesat ginn.

 

12.Sozial Gerechtegkeet 

An den Ae vun der ADR besteet d’sozial Gerechtegkeet net doranner, datt jiddereen „gläich“ si muss. De Staat an d’Gesellschaft musse Solidaritéit géintiwwer deene weisen, deenen et aus munchen Ursaachen vill manner gutt geet, ewéi anere Leit am Land.

Fir D’ADR ass dobäi wichteg, datt och déi sozial Schwaach kënnen e Liewen an Dignitéit féieren. Zur Dignitéit gehéiert, datt d’Leit hir eegen Entscheedungen huelen an zréck an e Liewen ouni speziell Hëllefe vu Staat a Gemeng begleet ginn, et sief dann, si bréichten déi z.B. aus gesondheetleche Grënn.

Nee zur Aarmut!

Am weltwäite Verglach an no internationalen Normen ass Lëtzebuerg eent vun de räichste Länner op der Welt. An dach gëtt et zu Lëtzebuerg Aarmut. D’ADR ass iwwerzeegt, datt d’Aarmut zu Lëtzebuerg net duerch allgemeng Moossnamen a scho guer net duerch nach méi ekonomesche Wuesstem verschwanne wäert. D’Aarmut muss ganz geziilt a mat konkrete Moossname bekämpft ginn. Fir eis gëllt: Jidderee muss vu senger Aarbecht wierdeg liewe kënnen. De Staat muss déi ënnerstëtzen, déi duerch hir Liewensëmstänn zäitweileg oder permanent Hëllef brauchen.

D’héich Wunnpräisser sinn d’Haaptursaach vun der Aarmut zu Lëtzebuerg. Am Kapitel „Bezuelbaart Wunne fir jiddereen“ hu mir eng ganz Rei Virschléi duerzou, déi och de Leit mat klengem Akommes entgéintkommen.

Keng Famill, keen Elterendeel däerf an d’Aarmut falen, well eent oder méi Kanner am Stot sinn. Fir d’ADR däerf d’finanziell Belaaschtung duerch Kanner keen Aarmutsrisiko sinn. Dowéinst hu mir eng Rei Moossnamen ausgeschafft, déi engem Stot oder elengerzéienden Elteren ënnert d’Äerm gräifen. Mir féieren ënnert anerem d’Elteregeld an, dat de Famillje Alternativen bitt, fir hiert Zesummeliewen no hirer Virstellung ze organiséieren. (D’Elteregeld gëtt am Kapitel „Famill“ ausféierlech erkläert.)

Ier d’Elteregeld agefouert gi kann, schléit d’ADR zwou direkt Moossname vir: D’Kannergeld gëtt vum 1. Januar 2019 un erëm nom Barème vu virun der Reform vum 1. August ausbezuelt an indexéiert. D’Ofschafe vun der “allocation d’éducation“ huet déi Famillje benodeelegt, an deenen een Elterendeel bei de Kanner bleift. Fir esou Familljen féiert d’ADR déi Hëllef den 1. Januar 2019 nees an.

Leit mat engem klengen Akommes gi ganz besonnesch belaascht bei Erhéijunge vun Tariffer, Taxen an indirekte Steieren (ewéi d’TVA). D’ADR erënnert dobäi un hir Fuerderung vum Gratistransport fir jiddereen. Mir si generell géint d’Erhéije vun Taxen. Sollt dëst awer net ze ëmgoe sinn, da musse gläichzäiteg och déi kleng Akommes (Mindestloun, ReVis, asw.) erhéicht ginn, fir déi weider Belaaschtung auszegläichen.

D’ADR féiert de reduzéierten TVA-Saz vun 3% op enger ganzer Rei vu Produiten an, déi sech präislech gesinn am Budget vu Leit mat klengem Akommes besonnesch bemierkbar maachen. Duerzou gehéiere Wueren aus dem Beräich vun der Hygiène, Honorairë vum Veterinär a Reparaturen. Wéi an de spezifesche Kapitelen ernimmt, gëtt den TVA-Saz vun 3% och nees am Horeca-Secteur erweidert a beim Bau vu Wunnengen, déi fir d’Locatioun geduecht sinn.

ReVis eleng geet net duer

D’ADR huet d‘Reform vum RMG, deen elo ReVis heescht, an der Chamber matgedroen. Well et ëm Mënsche geet, déi schlecht dru sinn an an enger prekärer Situatioun liewen, verlaangt dëst Thema vill Fangerspëtzegefill. D’Reform muss permanent begleet, evaluéiert a wann néideg ugepasst ginn. Dës Evaluatioun betrëfft net nëmmen d’Beträg déi ausbezuelt ginn, mä och déi eenzel Begleetmoossnamen, déi am Gesetz virgesi sinn.

D’ADR bleift der Iwwerzeegung, datt et mam ReVis eleng net gedoen ass, fir Leit aus der Aarmut ze begleeden. Dat muss d’Haaptzil sinn. Duerzou gehéiert eng adaptéiert Formatioun, den Zougang zu Konscht a Kultur an d’Integratioun an d’Gesellschaft ganz allgemeng. D’ADR ergräift och spezifesch Moossname fir Leit, déi hiert Liewen an Aarmut verbruecht hunn, am Alter ofzesécheren.

 

Eeler Matbierger

Den Undeel un eelere Matbierger an eiser Bevëlkerung wiisst. D’ADR huet sech iwwerluecht mat wat fir Moossnamen de Staat an d’ëffentlech Hand eelere Leit hëllefe kann, esoulaang ewéi méiglech bei sech doheem ze wunnen an en eegestännegt Liewen ze féieren.

D’ADR wäert dofir d’Gesetz iwwer d’Fleegeversécherung upassen, wou et néideg ass. Beispillsweis soll d’„Course sortie“ nees integral agefouert ginn, an dofir hu mir och eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert. D’ADR ass der Meenung, datt eng qualitativ héichwäerteg Fleeg mam aktuelle Finanzéierungsmodell méiglech ass. Mir  wäerten eis awer net géint eng liicht Erhéijung vun de Kotisatioune stäipen, sollt dëst deen eenzege Wee sinn, fir den eelere Matbierger zousätzlech Hëllef ze ginn.

Och eeler Matbierger a Leit mat Behënnerung musse vu sportlechen a kulturelle Manifestatiounen profitéiere kënnen. Et ass der ëffentlecher Hand hir Aufgab, fir an Zesummenaarbecht mat spezialiséierten Associatioune flächendeckend e flexibelen Transport fir dës Leit ze organiséieren.

Et kann net sinn, datt et  zu Lëtzebuerg nees Waardelëschte fir eng Plaz am Altersheem gëtt. D’ADR wëll de mëttel- a laangfristege Bedarf analyséieren. Opgrond vun där detailléierter Etüd plangen a realiséiere mir dann den Aus- an Neibau vum System.

Infrastrukturprojeten, déi d’Chamber schonn autoriséiert huet, musse kuerzfristeg realiséiert ginn. Mat eis verstoppen d’Ministere sech net hannert engem Etablissement public ewéi Servior a loossen de Bau vun neien Heemer net schleefen.

Déi nei Strukture fir eeler Leit gi vun der ADR op zentrale Plazen a Stied an Dierfer gebaut, esou datt hir Awunner de soziale Kontakt kënnen oprecht erhalen. Mir wäerte gemëschten Haiser, jonk an al zesummelieft – nom Modell vum Mierscher Blannenheem – ënnerstëtzen. Kleng Hausdéiere mussen an de Strukturen erlaabt sinn. Modeller vum betreite Wunne fir Senioren (autonoomt Wunnen a klengen Strukture mat Hëllef vun externe Servicer) ginn och ënnerstëtzt.

Et mussen och Strukture geschaf ginn, fir Seniore mat Suchtverhalen adequat ze betreien.

D’ADR wäert gesetzlech reegelen, datt déi Alters- a Fleegeheemer, deenen hir Investitiounen zum gréissten Deel vun der ëffentlecher Hand finanzéiert goufen a ginn, keng Erhéijunge vun den Tariffer a Prestatiounen däerfen erhiewen, déi iwwer d’Erhéijunge vun de Renten erausginn. Wann d’Käschte vun dësen Haiser duerch gesetzlech Reegelungen (z.B. Gehälterrevisioune vum ëffentlechem Déngscht) klammen, da mussen dës Erhéijungen iwwert de Staatsbudget ausgeglach ginn an net um Bockel vun de Pensionnairen.

Iwwert d’Fleegeversécherung an de Bau vun Alters- a Fleegeheemer eraus, mécht d’ADR sech géint all Altersdiskriminatioun staark. Eeler Matbierger, déi sech fit genuch spieren an de Wonsch ausdrécken, sech weider sozial ze engagéieren, gi vun eis ënnerstëtzt. Dobäi mussen esouwuel d’Qualitéit ewéi och d’Präis-Leeschtungs-Verhältnes vu Servicer ewéi z.B. „Iessen op Rieder“ vum Staat encadréiert ginn.

Liewen ouni Barrièrë fir Mënsche mat Behënnerung

D’ADR bréngt neie Schwong an d’Politik fir Mënsche mat Behënnerung a setzt kloer Prioritéiten. Esou wäit ewéi méiglech musse mir hinnen e mënschewierdegt, erfëlltent a selwer bestëmmtent Liewen erméiglechen. Dofir proposéiere mir e Gesamtkonzept, fir hir Integratioun an eiser Gesellschaft.

All Verwaltung kritt e Coordinateur a Saachen „spezifesch Besoinen“, deen zoustänneg ass fir Moossname bannent der Administratioun ewéi och fir de Kontakt mat de Leit an d’Kommunikatioun no baussen.

D’Liewen ouni Barrièren an eiser Gesellschaft gëtt doduerch vereinfacht, datt bei allen ëffentlechen Projeten adaptéiert Moossname beim Bau, breet Liften, Pictogrammen, Blanneschrëft, akustesch Signaler, Texter a „liichter Sprooch“, asw. systematesch berécksiichtegt ginn.

Familljememberen, déi sech ëm e Mënsch mat Behënnerung këmmeren, gi méi staark ënnerstëtzt. Wann Eltere vun engem Kand mat Behënnerung dëst selwer doheem versuergt a fleegt, kréie si d’Elteregeld ausbezuelt, esoulaang d’Kand lieft an doheem an der Fleeg bleift. Dëst Elteregeld brauch ënnert kengen Ëmstänn un de Staat zréckbezuelt ze ginn. De „congé social“ gëtt fir déi Leit méi generéis gereegelt. D’Iddi, datt Kanner manner elterlech Präsenz brauchen, wa si méi al ginn, trëfft bei Mënsche mat Behënnerung dacks net zou.

D’Tutelle muss reforméiert an differenzéiert ginn. Leit, déi ënner Tutelle stinn, sinn dacks capabel, fir villes an eegener Verantwortung ze reegelen. Dowéinst muss d’Institutioun vun der Tutelle eng méi grouss Flexibilitéit erlaben. D’Zuel vun den Tutellesriichter gëtt erhéicht, fir datt si méi Zäit fir den eenzele Fall hunn. Et mussen adaptéiert Modeller ginn, fir Leit mat spezifesche Besoinen – wann nëmme méiglech – méi Rechter ze ginn (z.B. bei der Gestioun vun hire Finanzen). Leit mat spezifesche Besoinen hunn och d’Recht, wielen ze goen a sech ze bestueden.

De Schoultransport vu Kanner a Jonke mat Behënnerung gëtt nieft dem Chauffer nach vun enger spezialiséierter Persoun begleet, wann dëst néideg ass.

D’Integratioun um Aarbechtsmaart vu Mënsche mat Behënnerung gëtt nei geduecht, ouni Récksiicht op d’Kritäre vu Produktivitéit a Gewënn. D’ADR proposéiert och eng vill méi enk Koordinatioun tëschent der ADEM an de Schoulen, fir de Betraffenen hir Ausbildung ze optiméieren. Fir Mënsche mat Behënnerung soll et genuch Aarbechtsméiglechkeete ginn. De Staat huet seng Quoten ze erfëllen a soll de private Secteur encouragéieren – och duerch generéis Hëllefen – fir Leit mat Behënnerung ze engagéieren. D’ADEM finanzéiert dobäi déi néideg materiell Adaptatiounen op der Aarbechtsplaz.

Den Transport op eng Aarbechtsplaz gëtt nei gereegelt. Bei der Zuel vun den autoriséierten Deplacementer ginn och déi berufflech Besoine berécksiichtegt a mat agerechent. D’„Ateliers thérapeutiques et protégés“ kréien d’Méiglechkeet all Betraffenen ouni Waardezäit direkt opzehuelen. Finanziell Iwwerleeungen oder „schwiereg Pathologien“, däerfe keen Ausschlosskritär sinn.

Akommes fir Leit mat Behënnerung a besonnesch och de „Revenu pour personnes gravement handicapées“ gi reforméiert. Den „RPGH“ däerf net méi vum Staat zréckgefuerdert ginn. D’Zil ass, datt all Leit mat Behënnerung kënnen op en adequat Akommes zielen, dat der Präisentwécklung an hirer Liewenssituatioun och ugepasst gëtt.

D’ADR féiert eng nei Gesellschaftsform an, déi vun der „entreprise protégée“. Si soll et Mënsche mat Behënnerung erlaben, sech méi liicht onofhängeg ze maachen.

Mir féieren och e Pensiounsalter fir Mënsche mat Behënnerung an, deen däitlech manner ewéi 40 Joer Cotisatioune verlaangt. Domat gëtt och verhënnert, datt eeler Leit mat Behënnerung ongerecht finanziell Verloschter erleiden.

D’Foyeren an de Modell vum betreite Wunne fir Mënsche mat Behënnerung, virun allem am Alter, ginn ausgebaut. Et sollen hei keng Waardezäite ginn, an et soll méiglech sinn, datt eng Begleetpersoun an/oder en Déier (z.B. e Blannenhond) mat deene Leit an esou eng Struktur kënne wunne kommen.

 

13.Gutt vu senger Aarbecht liewen! 

Zu Lëtzebuerg muss jidderee vu senger Aarbecht liewe kënnen a sech a senger Famill domat erméiglechen, eng mënschewierdeg Existenz opzebauen. D’Aarbecht däerf net krank maachen a muss sech mam Familljeliewen an Aklang brénge loossen. Méiglech Schicksalsschléi (Accident, Krankheet, Faillite, asw.) an den Alter solle keng Zukunftsängscht ausléisen. Aus deem Grond mussen all déi Leit, déi schaffen – ob Salarié oder Independant – ofgeséchert sinn. Och mussen all d’Independanten, och a Beruffer vun der „neier Ekonomie“, iwwer genee déiselwecht sozial Ofsécherungen (Krankheet, Accident, Pensioun, Fleeg) verfügen ewéi d’Salariéen, an dobäi e gerechte Bäitrag dofir leeschten.

Esoulaang ewéi zu Lëtzebuerg all Joer iwwer 13.000 nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn, misst de Chômage eigentlech verschwonne sinn. Dofir musse geziilt Moossname geholl ginn, fir prioritär Residenten am Chômage zu enger Aarbecht ze verhëllefen. Wann nei Aarbechtsplaze geschaaft ginn, sollen dobäi och d’Qualifikatioune vun dëse Leit berécksiichtegt ginn. D’Schafe vun Aarbechtsplazen, déi eng niddereg Qualifikatioun verlaangen a quasi  exklusiv vu Frontaliere besat ginn, soll net gefërdert ginn.

En Akommes, vun deem ee gutt liewe kann

D’ADR ass fir d’fräi Maartwirtschaft. Dat heescht, datt d’Aarbechtsverträg an éischter Linn tëschent de Salariéen an de Patrone solle verhandelt ginn. Dobäi soll de Prinzip vum Kollektivvertrag, ob am Betrib oder fir e ganze Secteur, d’Prioritéit hunn. Fir datt Patron a Salarié op Aenhéicht verhandele kënnen, muss d’Gesetz iwwert de Kollektivvertrag verbessert ginn. D’Positioun vun de Gewerkschafte muss gestäerkt ginn. Well awer en Deel vun de Salariéen net ënnert e Kollektivvertrag fält, muss de Staat weiderhin de Kader a Standarde setzen.

Am Dialog mat de Gewerkschaften an dem Patronat wäert d’ADR de Mindestloun erhéijen a gläichzäiteg steierlech Moossname fir déi kleng Léin (iwwert de Wee vum „crédit d’impôts“) huelen, esou datt den neien netto Mindestloun iwwert der Aarmutsgrenz läit. Dës Moossname mussen och reegelméisseg iwwerpréift ginn, fir datt den Ofstand tëschent netto Mindestloun an Aarmutsgrenz bestoe bleift.

D’ADR hält drop, datt all d’Salairen, d’Pensiounen an d’Kannergeld integral un den Index mussen ugepasst ginn.

Mir ginn net un d’40-Stonne-Woch réckelen. E Reduzéiere vun der Wochenaarbechtszäit géif zu nach méi Problemer féieren (Frontaliere vun nach méi wäit hier, Stau, weideren Drock op de Wunnengsmaart, asw.), ouni déi strukturell Problemer vum Chômage ze léisen. D’ADR wëll Aarbecht a Famill besser ënnert een Hutt bréngen. Dofir wëlle mir, am Dialog mat de Gewerkschaften an dem Patronat, fir méi Congésdeeg suergen.

Fir d’ADR sollen de Sonndeg an d’Feierdeeg prinzipiell fir d’Famill reservéiert sinn. Schaffen um Sonndeg soll och am Commerce d’Ausnam bleiwen an nëmmen do Ausnamen erlaabt sinn, wou et néideg ass. Ofgesi vum Sonndeg, vertrëtt d’ADR d’Positioun, datt d’Geschäfter – bei enger adequater Entschiedegung vun hirem Personal – sollen eng méiglechst grouss Flexibilitéit hunn.

Am Internetzäitalter mussen d’Salariéen e Recht op „Ofschalten“ kréien – och wann déi nei Kommunikatiounsmëttel si 24 Stonnen op 24 mat hire berufflechen Kommunikatioune beliwweren, däerf kee verlaangen, datt si déi dauernd iwwerwaachen. Den Teletravail muss gesetzlech encadréiert ginn. Et däerfen awer keng Experimenter mat Teletravail aus dem Ausland eraus gemaach ginn, déi sech fréier oder spéider negativ op d’Salariée vu Lëtzebuerger Entreprisen auswierken.

Zu Lëtzebuerg muss den Aarbechtskontrakt ouni Frist (C.D.I.) d’Reegel bleiwen. Den Aarbechtskontrakt op Zäit (C.D.D.) muss fir bestëmmten Zwecker (z.B. d’Ersetze beim Congé de Maternité) limitéiert bleiwen.

D’Flexibilitéit bei der Aarbechtszäit fir d’40-Stonne-Woch iwwert e puer Méint ze verdeelen, muss dem Patron an dem Salarié Virdeeler bréngen a kann nëmmen tëschent hinne gereegelt ginn. Dëst gëllt och fir „Zäitspuerkonten“ an de progressiven Antrëtt an d’Pensioun. De Staat soll dobäi de Kader setzen a muss dofir suergen, datt de Salarié Garantien huet, fir seng Uspréch ze realiséieren (z.B. am Fall vun enger Faillite).

De Chômage muss weider erofgoen

D’wirtschaftlecht Ëmfeld vu Lëtzebuerg an eisen direkten Noperen ass am Ablack extrem gënschteg. Eleng Lëtzebuerg schaaft méi ewéi 13.000 nei Aarbechtsplaze pro Joer. De Chômage misst also d’Ausnam sinn.

De Kampf géint de Chômage fänkt schonn u bei der Schoul, der Ausbildung an der Orientéierung. Duerno ass et un der Weiderbildung, fir d’Qualifikatioun vun den Aarbechtslosen an d’Ufuerderunge vun de Betriber méi no beieneen ze bréngen. Wann d’Aussiicht op Erfolleg reell ass, soll d’ADEM och Ausbildunge matfinanzéieren, déi méi laang daueren (Schoul vun der 2. Chance, Coursen an der Informatik, Ausbildung an der Fleeg an am Gesondheetssecteur). D’ADEM soll och d’Käschte fir de Führerschäi virstrecken (B, C, D), wann dohannert eng reell Perspektiv op eng Aarbechtsplaz besteet.

Bei der Sich no neie Betriber oder der Hëllef fir den Ausbau vu bestoende Betriber muss de Staat och dofir suergen, datt dobäi Plaze fir manner Qualifizéierter geschaaft ginn, ouni datt dofir muss op Frontalieren zréckgegraff ginn. Leit, déi méi al ewéi 45 Joer an doduerch schwéier ze vermëttelen sinn, musse vun der ADEM geziilt gehollef kréien (spezifesch Formatiounen). Dofir musse bei der ADEM genuch Placeure schaffen.

D’Haaptmissioun vun der ADEM ass et, tëschent de Bedierfnesser a Kompetenze vun de Leit ouni Aarbecht an de Betriber ze vermëttelen. Eng weider Missioun soll an noer Zukunft d’Hëllefstellung beim Rekrutéiere vun auslännesche Spezialisten ginn. Dat fir Leit mat Kompetenzen, déi hei oder an der EU net ze fanne sinn. Dat gëllt besonnesch, wann esou Rekrutementer zousätzlech manner qualifizéiert Aarbechtsplazen no sech zéien, déi da vu Residenten besat ginn. Dobäi mussen d’Aarbechtsgeneemegungen op eng einfach, séier an onbürokratesch Aart a Weis ausgestallt ginn, an Zesummenaarbecht mam Bausseministère. Déi laang a schwéierfälleg Prozedur verhënnert aktuell dacks, datt esou Spezialisten hei am Land kënnen engagéiert ginn. Dat verursaacht, datt eng Rei Betriber, déi eng héich Plus-value kéinte bréngen, sech hei net etabléieren oder sech esouguer delokaliséieren.

D’ADR ass der Meenung, datt eng Rei Jugendlecher geziilten Hëllef brauchen, fir eng éischte Kéier um Aarbechtsmaart Fouss ze faassen. Mir wäerten dowéinst de Programm „D’Jugendgarantie zu Lëtzebuerg“ nach verstäerken, woubäi jiddereen (Jugendlechen, Betrib, ADEM, ALJ an SNJ) muss responsabiliséiert ginn.

Aner Programmer, déi de Betriber oder Beschäftegungsinitiative finanziell Ureizer ginn, fir Leit ouni Aarbecht ze beschäftegen, wäert d’ADR enger kritescher Analys ënnerzéien.  D’Zil dobäi ass, datt nëmmen déi Moossname weidergefouert ginn, déi Chômeure wierklech dauerhaft um Aarbechtsmaart integréieren.

D’ADR ass sech awer bewosst, datt et och bei allen Ustrengunge weiderhin eng Rei vu Leit gëtt, déi aus verschiddenen Ursaachen net oder nëmme ganz schwéier um éischten Aarbechtsmaart anzegliddere sinn. Fir dës Leit sollen, no engem Bilan vun hire Kompetenzen, eventuell gemeinsam mat den zoustännegen Instanze vum ReVis, aner Servicer an Institutiounen de Relais huelen, dëst ganz besonnesch um „drëtten Aarbechtsmaart“.

All déi zoustänneg Instanzen mussen zesummeschaffen, fir d’Schwaarzaarbecht an de Sozialdumping ze bekämpfen. Et musse Kontrollen duerchgefouert ginn, fir datt d’Bestëmmunge vun der „Directive détachement“ genee agehale ginn. D’Lëtzebuerger Legislatioun, och déi vum Mindestloun, an d’Kollektivverträg, musse vun allen Entreprisen – och vun deenen, déi vu baussen eran an d’Land schaffe kommen – integral agehale ginn. D’ITM muss och konsequent géint de Mënschenhandel um Aarbechtsmaart virgoen. A béide Fäll muss de legislative Kader streng Strofe bei Verstéiss virgesinn.

Mat grousser Suerg verfollegt d’ADR déi rezent Entwécklunge vun der Europäescher Reglementatioun. Frontalieren, déi hei am Land geschafft hunn an an de Chômage geroden, sollen an Zukunft vun der ADEM integral indemniséiert ginn. Doduerch besteet d’Gefor, datt grouss finanziell Transferten an d’Ausland gemaach ginn, ouni datt dës Mëttelen an d’Lëtzebuerger Ekonomie zréckfléisst. Esou eng Indemnisatioun misst undeeleg un d’Gesamtkarriär vum Chômeur a verschiddene Länner gekoppelt ginn.

Finanziell Belaaschtungen duerch eng eventuell europäesch Reglementatioun vum Chômage däerfen net aus dem Rudder lafen. Dofir denkt d’ADR drun, d’Leeschtunge vun der ADEM méi niddereg ze maachen. Residenten, déi hir Aarbecht verléieren sollen awer iwwert aner Hëllefsmoossnamen d’Restriktioune vun den ADEM-Leeschtungen integral  kompenséiert kréien.

Sozial Ofsécherung amplaz vum Grondakommes

D’ADR ass géint e bedéngungslost Grondakommes fir jiddereen. Dëst virun allem, well esou e Modell sozial ongerecht an net ze finanzéieren ass. Rezent Experimenter am Ausland hunn den utopesche Charakter vun esou enger Léisung gewisen. Wëssenschaftlech Berechnungen ënnersträichen, datt e bedéngungslost Grondakommes de Risiko mat sech bréngt, zu engem generelle Veraarme bäizedroen an existent sozial Ënnerscheeder ze festegen.

D’ADR mécht sech staark fir eng solidaresch, gerecht a finanzéierbar sozial Ofsécherung, déi verhënnert, datt Leit an d’Aarmut geroden. An Zäiten, an deenen d’Digitaliséierung an nei ekonomesch Modeller riskéieren, méi breet Schichte vun der Populatioun an eng gewësse Prekaritéit ze bréngen, si mir bereet, Etüden iwwert dee beschtméigleche System maachen ze loossen an d’sozial Sécherheet nei ze iwwerdenken. D’Zil ass eng zouverlässeg Ofsécherung fir all déi, déi si brauchen an déi rechtlech Viraussetzungen dofir erfëllen. Dëst muss op engem Niveau geschéien, deen d’Dignitéit vun de betraffene Leit garantéiert. Gläichzäiteg soll probéiert ginn, esou vill Leit ewéi méiglech fir eng Aarbecht ze qualifizéieren an ze encouragéiere fir schaffen ze goen. Nëmmen op dës Manéier kann e soziaalt Netz laangfristeg finanzéiert ginn.

 

14.De Pensiounssystem laangfristeg ofsécheren 

Den aktuelle Pensiounssystem ass zum Deel op en net nohaltege Schnéiballsystem opgebaut an zwéngt d’Land zu engem onmoossege Wuesstem. De Risiko besteet, datt de Pensiounssystem trotz dem Wirtschaftswuesstem enges Daags zesummebrécht. Den Dag, op deem d’Pensiounen un d’Reserve ginn, kënnt méi no.

Den Asaz vun der ADR an den 1990er Joren huet sech gelount: Aktuell ass de Pensiounssystem vum private Secteur gesond an huet Reserven. De Pensiounsniveau zu Lëtzebuerg ass gutt. Et gi bal keng Hongerrente méi a kaum nach Ënnerscheeder tëschent dem System am ëffentlechen Déngscht an deem am private Secteur.

Aus dem historeschen Asaz vun der ADR ergëtt sech eng besonnesch Verantwortung, fir de Lëtzebuerger Pensiounssystem fir d’Zukunft ofzesécheren. D’ADR verdeedegt den aktuelle System, deen um Ëmlageverfahre berout. Dat heescht, datt déi Leit, déi haut schaffen, déi aktuell Pensioune bezuelen. Den Niveau vun der obligatorescher a solidarescher Pensioun muss héich genuch bleiwen, fir och am Alter e wierdegt Liewe féieren ze kënnen, ouni op Zousazassurancen zréckgräifen ze mussen.

D’ADR erënnert och drun, datt d’Pensiounsreform vun 2013 scho Moossname virgesäit, bei deenen déi Verséchert entweder méi laang musse schaffe goen (bis zu 3 Joer) oder bei gläiche Bedéngunge méi eng kleng Pensioun kréien.

Kleng Korrekturen

D’ADR waart net, bis eise Pensiounssystem sech net méi droe kann. Mir iwwerpréiwen d’Parametere vum Pensiounssystem reegelméisseg, fir de System laangfristeg ofzesécheren. Mat eis ass Folgendes sécher: Et kritt kee seng Pensioun gekierzt an et muss kee méi laang schaffe goen ewéi mat der aktueller Legislatioun.

D’ADR scheit sech net, dës Diskussioun iwwert den Taux vun de Cotisatioun mat Vertrieder vum Salariat a Patronat ze féieren. Dobäi muss den Undeel, jeeweils fir de Salarié, de Patron an de Staat, deeselwechte bleiwen. Den Ajustement vun de Pensioune bleift fir jidderee bestoen, gëtt awer fir deen Deel, deen iwwer 2 Mol dem Mindestloun läit, degressiv zréckgefouert. Dës Moossname gëllen esouwuel fir de privaten ewéi och fir den ëffentleche Secteur.

Etüden an aktuariell Berechnungen

D’ADR wäert déi aktuariell Berechnung iwwert déi genee Belaaschtung vum Pensiounssystem fir de private Secteur a fir den ëffentlechen Déngscht reegelméisseg aktualiséieren.

Weider Etüde sollen oplëschten, wéi eng Ausmoossen a Konsequenzen d’digital Ekonomie an d’Exportatioun vun de Pensioune fir Lëtzebuerg hunn. Dës Etüde sollen och alternativ Finanzéierunge fir de Pensiounssystem analyséieren.

Zousazpensiounen

Nieft der gesetzlecher Pensioun fërdert d’ADR och weider déi fräiwëlleg Zousazpensiounen iwwer gesetzlech a steierlech Moossname. Mir héijen de Plafong vum Fräibetrag vun 3.200 Euro op 4.800 Euro, woubäi déi 1.600 Euro d’Joer als Steierkredit gëlle gelooss ginn. Op dës Manéier profitéieren och Leit mat klengem Akommes vun deene Moossnamen.

 

15.Prioritéit fir Lëtzebuerger Betriber 

Och a grad am Kader vum verantwortungsvolle Wuesstem mussen déi bestoend Lëtzebuerger Betriber wuesse kënnen. Dobäi muss de Staat hinnen déi néideg  Ënnerstëtzung ginn. Dëst gëllt esouwuel bei Investitiounen ewéi bei der Recherche an Entwécklung. Lëtzebuerger Betriber mussen och Plaz an Industrie- an Handwierkszonen ouni gréisser Schwieregkeete fannen.

Bei allen Hëllefe fir Betriber wäert d’ADR de Lëtzebuerger Entreprisen, besonnesch de klengen a mëttelgrousse Firmen, d’Prioritéit ginn. Och grouss Betriber, mat deenen de Lëtzebuerger Wuelstand opgebaut gouf, musse vum Staat ënnerstëtzt ginn. Dëst gëllt och um politesche Plang a bei onsënnege Moossname vun der Europäescher Unioun (ewéi am Fall vum Wierk vun ArcelorMittal zu Diddeleng).

Genau ewéi aner Länner „hir“ Industrie schützen a Lobby fir dës bedreiwen, muss Lëtzebuerg, wann et drop ukënnt, seng Souveränitéit spille loossen, fir déi Betriber um internationale Parquet ze schützen, déi wichteg fir eist Land sinn.

Kleng- a Mëttelbetriber

Nieft der Handwierkerkummer an der Handelskummer mussen och all d’Administratiounen, déi mat de Betriber schaffen, sech grondsätzlech als Déngschtleeschter fir d’Betriber gesinn an net als Kontroller, deen op de klengste Verstouss géint d’Reegele waart, fir da mat Freed ze strofen.

Fir Betriber mat manner ewéi 50 Salariéen,  schaaft d’ADR eng Ulafstell beim Staat  („Guichet unique“), nom englesche Modell vum „Small Business Service“. Do fannen d’Betriber Ënnerstëtzung a Berodung (Commodo-Incommodo, TVA, asw.) duerch Beamte z.B. vum Steieramt, Ëmweltverwaltung, vum Enregistrement, vun der Sozialversécherung an der ITM. Entscheedungen, déi vun dësem Service geholl an dem Betrib matgedeelt ginn, gëlle fir all d’Verwaltungen. Dëse Service koordinéiert sech mat der zoustänneger Gemeng an eventuell anere betraffene Verwaltungen. Och hei gëllen d’Entscheedunge fir sämtlech Administratiounen an d’Gemeng.

Dëse Guichet unique ënnerstëtzt och kleng a Mëttelbetriber am Beräich vum Internet an erlaabt hinnen esou, am internationalem Ëmfeld kompetitiv ze bleiwen. Dës Ënnerstëtzung besteet esouwuel aus Formatioun ewéi och aus konkrete Mëttelen (Internetubannung, Service fir e séchert Bezuelen, Logistik bei Liwwere vun de Wueren, asw.).

D’Grënne vun neie Lëtzebuerger Betriber muss gefërdert ginn. Hëllefe beim Start sinn z.B. Prêten, déi vum Staat garantéiert ginn. E frëndlecht  Ëmfeld fir Entrepreneuren kann een awer schonn an der Schoul virbereeden, fir datt jonk Leit mat enger gudder Iddi net zécken, fir dës ëmzesetzen. Nieft de Patronatskummere muss och de Staat, ënnert anerem mat engem adequate steierlechen Ëmfeld, positiv awierken, wa Betriber vun engem neie Patron mussen iwwerholl ginn.

Horeca

De Secteur vun den Hoteller, Restauranten a Caféë spillt eng wichteg Roll. En ass net  nëmme vu Bedeitung fir d’Ekonomie an d’Aarbechtsplaze fir Leit mat gerénger Qualifikatioun, mee och fir de sozialen Zesummenhalt. Dëst gëllt besonnesch a méi klengen Dierfer. D’ADR wäert dowéinst eng Rei Moossnamen, déi d’ekonomesch Basis vum Horecasecteur geschwächt hunn, nees réckgängeg maachen. Duerzou gehéiert, datt den TVA-Saz fir Iessen a Gedrénks, dat zerwéiert gëtt, erëm op 3% erofgesat gëtt.

Mir bleiwen och weiderhi bei der Ofleenung vum generelle Fëmmverbuet an de Caféen. Hei soll de Wiert selwer entscheeden, op seng Clientë fëmmen däerfen oder net. Dëst muss awer ëmmer ënnert der Viraussetzung geschéien, datt dëst kloer ugekënnegt ass.

D’ADR wäert d’Subventionéierung fir d’Moderniséiere vun Hoteller weiderféieren. Dobäi soll och dofir gesuergt ginn, datt Hoteller aus alle Kategorien zur Verfügung stinn. Et gi speziell Hëllefen agefouert, wann en Hotelsbetrib vun engem neie Proprietär (keng international Chaînen) soll iwwerholl ginn. Mat der ADR gi keng weider Hoteller zweckentfriemt fir Flüchtlingen ënnerzebréngen.

 

D’Handwierk

D’ADR gëtt dem Handwierk zu Lëtzebuerg nees dee Wäert, deen et verdéngt. Duerzou gehéiert eng Revaloriséierung vun der Handwierksaarbecht an d’Vermëttele vun hirem Wäert bei jonke Leit. Bei der Orientéierung vun de Schüler muss vill méi op d’Virdeeler vum Handwierk higewise ginn, och op d’Karriären, déi mat enger Meeschterprüfung an engem eegene Betrib méiglech sinn. Weider musse Weeër fonnt ginn, och iwwert eng finanziell Fërderung, fir jonke Leit mat enger Première de Wee an eng Handwierksléier opzemaachen.

D’ADR iwwerleet fir d’berufflech Formatioun an d’Kompetenz vum Aarbechtsministère ze leeën.

Start-ups an „nei Ekonomie“

Nieft den „traditionellen“ Betriber am Handwierk, Commerce an Horesca däerf Lëtzebuerg  den Zuch vun der neier Ekonomie net verpassen. Och hei muss de rechtlechen a steierleche Kader verbessert ginn, fir deene villen „Start-up“ Entreprisen – déi et scho gëtt, an déi nach gegrënnt ginn – besser ze ënnerstëtzen. D’ADR begréisst déi vill Initiativen, déi et an deem Beräich ginn, fuerdert awer eng vill méi grouss Vernetzung an eng besser Koordinatioun. Et muss eng weider Aufgab vum Staat sinn, esou Entreprisen international (z.B. op grousse Foiren a Kongresser) ze begleeden.

Och déi bestoend Entreprisen, besonnesch déi kleng, mussen Hëllef kréien, fir sech an der „neier Ekonomie“ ze behaapten, a vum Internethandel ze profitéieren. Hei musse Clusteren opgebaut ginn, mam Zil, Lëtzebuerg als Qualitéitslabel ze vermaarten. Wa grouss international Firmen an deem Beräich op Lëtzebuerg gezu ginn, soll och d’Interaktioun mat Lëtzebuerger Betriber bei de Verhandlungen eng Roll spillen.

D’Konsumente schützen

D’ADR leet grousse Wäert op de Konsumenteschutz. Engersäits gëtt d’ULC weider ënnerstëtzt, op där anerer Säit muss de Staat och seng Verantwortung droen, woufir d’ADR en eegene Ressort (Staatssekretär) fir de Konsumenteschutz virgesäit. Et soll beim Konsumenteschutz net dorëms goen, all klenge Geschäftsmann ze dirängelen, dofir mussen awer d’Strofen am Fall vun engem offensichtleche Bedruch (ewéi z.B. bei der Manipulatioun vun den Dieselmotoren) dissuasiv sinn.

Esouwuel d’ULC ewéi och déi ëffentlech Regulatiounsinstituter mussen dem Bierger Vergläichsméiglechkeeten proposéiere fir eng Rei Déngschtleeschtungen, ewéi Elektresch, Gas, Waasser, Telefon oder Fraise vun de Banken.

Bei Iesswueren soll eng kloer an einfach Informatioun op d’Verpackung kommen, wou de Konsument iwwer Faarwen erkennt, wéi héich de Gehalt vu Salz, Zocker a Fett ass.

Sozial a Solidarwirtschaft

D’Sozial- a Solidarwirtschaft gëtt ëmmer méi wichteg. An deem Zesummenhang ass d’SIS (société d’impact sociétal) eng Hëllef, fir kleng, sozial engagéiert Vereenegungen ouni Gewënnzweck ze professionaliséieren an hinnen an der Lëtzebuerger Ekonomie Aarbechtsméiglechkeeten ze offréieren. Si kënnen d’Friichte vun hirer Aarbecht esou nees investéieren, fir datt si deenen zegutt kommen, déi d’Hëllef brauchen. Dofir wëll d’ADR dëse Modell promouvéieren.

Industrie

D’Land gouf op der Industrie opgebaut an ass weiderhin op d’Industrie ugewisen. Haaptgrënn dofir sinn d’Diversifizéierung vun eiser Ekonomie, déi scho vill vun de Finanzen ofhänkt, an d’Aarbechtsplaze mat ville verschiddene Qualifikatiounen.

Dowéinst begleet d’ADR d’Präsenz an den Ausbau vu bestoenden Industrien zu Lëtzebuerg a verdeedegt dës och bei internationale Verhandlungen, esou datt si weider kompetitiv bleiwen.

Am Kader vum verantwortungsvolle Wuesstem muss awer ganz genee opgepasst ginn, wann nei Industrië sech zu Lëtzebuerg etabléiere wëllen. Fir all nei Industrie muss eng exakt an transparent Etüd opgestallt ginn, fir d’Virdeeler an d’Nodeeler ofzeweien, ier eng Entscheedung getraff gëtt.

Finanzplaz

D’Finanzplaz ass e wichtege Pilier vun der Lëtzebuerger Ekonomie a muss dat och bleiwen. D’Finanzplaz steet viru groussen Erausfuerderungen, sief dat op regulatoreschem Plang oder mat der séierer Evolutioun vun der Informatik (dorënner och d’Opkomme vun der kënschtlecher Intelligenz). De Staat huet d’Aufgab, dës Mutatiounen um legislativen a reglementaresche Plang ze begleeden. D’ADR wäert och um internationale Plang d’Lëtzebuerger Finanzplaz konsequent verdeedegen an net bei all „Leak“ op d’Knéie falen. Et däerf net nëmme vun engem „level playing field“ geschwat ginn. Et muss dofir gesuergt ginn, datt Lëtzebuerg déiselwecht gutt Bedéngungen offréiert, ewéi déi aner grouss Finanzplaze ronderëm d’Welt.

„Niewe“-Beschäftegungen

Nieft dem renge Benevolat, ginn et zu Lëtzebuerg vill Beschäftegungen, déi fir eng kleng Bezuelung als Niewenjob ausgefouert ginn (ewéi z.B. Sportstrainer, Presse-Korrespondent, Membere vu Gemengekommissiounen, Touristeguide, Assurancen-Agent, ass.). Dës Beschäftegunge sinn insgesamt ganz nëtzlech fir d’Gesellschaft.

D’ADR wäert nom belsche Modell „zousätzlech Revenuen“ bis 500 Euro de Mount vun de Steieren an de Beiträg zur Sozialversécherung befreien. Fir eng méi reegelméisseg Niewebeschäftegung mat engem Joresakommes iwwer 6000 Euro kënne vereinfacht Deklaratioune gemaach ginn, mat enger forfaitairer Besteierung a Cotisatiounen, op de Modell vun der Beschäftegung vun enger Persoun an engem Privatstot.

D’ADR féiert och e Statut mat de Rechter a Flichte fir Assurancen-Agenten an.

Sozial Verantwortung

Betriber, déi sech zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn, mussen hirer sozialer Verantwortung gerecht ginn. Dëst gëllt selbstverständlech och fir Firmen, déi international agéieren.

D’Entreprisë mussen d’Mënscherechter, d’Sozial- an d’Aarbechtsnormen an och d’Ëmweltstandarden esou respektéieren, ewéi si vun de Vereenten Natioune festgehale ginn. Bei hire Fournisseuren a Zouliwwerer solle si sech och esouwäit ewéi méiglech zum Affekot vun de Mënscherechter an engem verantwortungsvollen Handel maachen.

D’ADR géing et begréissen, wann d’Entreprisë sech géife fräiwëlleg déi néideg Deontologie ginn. Fir Mënscherechtsverstéiss entgéintzewierken, kann e Gesetz geschaf ginn, dat den Entreprisen hëllefe géing, sech déi néideg Deontologie ze ginn.

Faillitten

D’ADR bréngt de Gesetzesprojet iwwer d’Faillitten, dee scho 5 Joer laang a parlamentaresche Kommissiounen debattéiert gëtt, endlech virun d’Chamber. Wichteg sinn hei d’Erhale vun den Aarbechtsplazen an d’Preventiounsaarbecht. De Staat muss awer och op eng Rei vu senge Privileegie verzichten, fir datt d’Faillite vun engem Betrib net eng Kaskad vun aner Faillitten ausléist.

Dëst Gesetz däerf net duerzou féieren, datt Leit, déi eng Kéier eng Faillite gemaach hunn, net méi däerfen e Betrib opmaachen. Ausser an esou Fäll, an deenen et e kloren Noweis vu  Bedruch gëtt, oder wann offensichtlech mat der „faillite en cascade“ geschafft gouf, däerf et net automatesch duerzou kommen, datt e Gerant oder Administrateur perséinlech fir all Scholde géintiwwer dem Staat (Steieren, TVA, CCSS, asw.) opkomme muss an esou de Prinzip vun der limitéierter Responsabilitéit ausgehielegt gëtt.

D’ADR ass och géint d’Aféiere vun der „faute de gestion“, déi en Entrepreneur, deen e Mësserfolleg erlieft, perséinlech ruinéiere géif. Esou Bestëmmunge stinn de Beméiungen, fir den Entrepreneursgeescht zu Lëtzebuerg ze fërderen, diametral entgéint – sief dat fir nei Firmen ze grënnen oder fir bestoend Entreprisen ze iwwerhuelen. D’Gesetz iwwer d’Faillite soll de Beruff vum Curateur opwäerten a professionaliséieren. D’Gestioun oder d’Opléisung vu Betriber, déi Faillite gemaach hunn, solle gerecht („à tour de rôle“) op déi eenzel Curateure verdeelt ginn, fir all Gemauschels ze verhënneren.

16.Wëssen a Fuerschung:
Wëssenschaftler eng nei Heemecht ginn 

D’Uni Lëtzebuerg huet der ADR hir Ënnerstëtzung. Lëtzebuerg ka sech net méi op Eisenäerz oder seng Nischepolitik verloossen. Eis Wirtschaft brauch Experten a Fuerscher, déi innovativ Iddien entwéckelen, verstinn an opgräifen, fir si ze kommerzialiséieren. Och a  Kooperatioun mat der Lëtzebuerger Wirtschaft kann d’Uni wichteg Impulser an der Fuerschung an Entwécklung (R & D) ginn – e Prozess, dee mir ënnerstëtzen. D’Universitéit a Fuerschungsinstituter mussen doriwwer eraus progressiv och méi a Grondlagefuerschung investéieren, ouni datt sech dovunner kuerzfristeg kommerziell oder finanziell Dividenden erwaart ginn.

Uni Lëtzebuerg

D’ADR ënnerstëtzt grondsätzlech d’Uni Lëtzebuerg, déi méiglechst autonom vu Staat a Regierung funktionéiere soll. De Staat muss dobäi de gréissten Deel vum Finanzement droen. Mee private Subventiounen (z.B. vun Entreprisen) si wëllkomm, esoulaang si d’Autonomie vun der Uni net a Fro stellen. D’Studiegebühren sollen am symbolesche Beräich leien.

D’Uni ass e wichtege Baustee fir d’Entwécklung vu Lëtzebuerg, dëst esouwuel fir d’Ekonomie ewéi och fir d’Ausbildung vun deenen, déi an Zukunft d’Verantwortung vum Land matdroen. Nieft dem Léieroptrag huet d’Uni och eng wichteg Roll an der Fuerschung ze spillen, dëst an enkem Zesummespill mat Fuerschungsinstituter.

D’Lëtzebuerger Uni deckt net all Fakultéiten a Fächer of. D’Entscheedung, wéi eng Fakultéiten a Fächer op der Uni enseignéiert ginn, muss am Kader vun der Autonomie a mat Bléck op d’Qualitéit am internationalen Ëmfeld entscheet ginn.

Mir ënnerstëtzen d’Grënnung vun enger medezinescher Fakultéit op der Uni Lëtzebuerg. Dobäi mussen onbedéngt d’Kooperatioune mat villen auslänneschen Universitéite verstäerkt ginn. De Studiegang soll och progressiv ausgebaut ginn. Eist Land eegent sech ganz besonnesch fir e multilingualen héichqualitative Studiegang an dësem Beräich, deen esouwuel den eegenen Nowuess un Dokteren a medezineschem Fachpersonal garantéiere géif, ewei och héichqualifizéiert Fuerscher unzéie kéint an eisem Land an dësem Beräich zu enger internationaler Renommée verhëllefe kéint.

Mir sinn och fir d’Schafe vun enger Fakultéit an der Biochimie (molecular life sciences), fir dat medezinescht Standbeen um Lëtzebuerger Fuerschungsfeld ze stäerken an déi Betriber a Fuerschungszentren ze ënnerstëtzen, déi sech an deem Domän hei am Land nidderloossen.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Mir freeën eis iwwert d’Entwécklung vun der Fuerschung an hiren aktuellen Niveau – 30 Joer no den éischte Gesetzer.

D’ëffentlech Fuerschung zu Lëtzebuerg soll weider ënnerstëtzt an hir Mëttelen am Laf vun der Legislatur progressiv bis op 2% vum PIB eropgesat ginn. D’Viraussetzung dofir ass awer, datt genuch Projeten eragereecht ginn, déi qualitativ héichwäerteg sinn. Dobäi kann ee sech op déi Beräicher konzentréieren, an deene Lëtzebuerg sech bis elo international ervirgedoen huet.

De private Secteur soll encouragéiert ginn, eege Mëttele fir d’Fuerschung zur Verfügung ze stellen, déi ongeféier d’Halschent vun den ëffentleche Mëttelen duerstellen. Déi privat Fuerschung gëtt weider iwwert de Wee vu Steiererliichterunge gefërdert, esou ewéi d’Gesetz vum 15. Dezember 2017 et virgesäit.

D’ADR ënnerstëtzt de Modell, bei deem ëffentlech Fuerschungsgelder iwwert den FNR (Fonds National de la Recherche) geréiert ginn. Mir fuerderen, datt dëse Fong a gréisster politescher Neutralitéit schaffe kann. Mir wéckele sämtlech ëffentlech Fuerschungsgelder iwwert den FNR of. Déi politesch Tutelle vum Fong soll eenzeg an eleng beim Ministère fir héijer Educatioun a Fuerschung sinn, an net méi zum Deel dem Ministère fir Ekonomie ënnerleien.

Den FNR verdeelt d’Fuerschungsgelder no strenge Kritären un d’Fuerschungsinstituter (UNI.LU, LIST, LIH, LISER, MPI) an un d’Betriber déi Fuerschung bedreiwen. E klengen Deel vun de Gelder gëtt och an d’Promotioun vun der Fuerschung gestach, déi sech un e breede Publikum riicht. Dobäi fuerdert d’ADR den FNR op, gréisser Efforten ze maachen, fir d’Kanner an der Primärschoul an am Secondaire fir d’Fuerschung ze begeeschteren.

Mir ënnerstëtzten d’Installatioun vun engem Héichleeschtungscomputer (HPC) zu Lëtzebuerg, a begréissen, datt den europäesche Sëtz vun HPC hei am Land etabléiert gëtt.

D’ADR steet fir d’Anhale vu strengen etheschen Normen am Beräich vun der Fuerschung. Dëst gëllt besonnesch fir all Fuerschung mat an u Mënschen (egal a wéi engem Stadium vun hirem Liewen), Fuerschung a Versich un Déieren, Fuerschung am Beräich vun der Genetik oder den (embryonalen) Stammzellen, Fuerschungsfelder, déi d’Ëmwelt kënne belaaschten oder Krankheete provozéieren, a Fuerschungen am militäresche Beräich. Mir wäerten dat néidegt gesetzlech a reglementarescht Ëmfeld dofir schafen. D’ADR ënnerstëtzt keng Fuerschung am Beräich vun Ideologien (z.B. d’Genderideologie).

 

17.De Staat: Jo zur konstitutioneller Monarchie 

D’ADR bekennt sech zur parlamentarescher Demokratie an zur konstitutioneller Monarchie, déi dem Lëtzebuerger Land an senge Bierger Fräiheet a Prosperitéit garantéiert hunn. Mat der ADR gëtt d’Prerogative vum Grand-Duc net weider ageschränkt. Mir sti fir méi Matsproocherecht vun de Bierger, net nëmme bei de Walen, a wäerten dowéinst d’Wieler méi dacks un de politeschen Entscheedungen iwwert de Wee vum Referendum bedeelegen.

Verfassung: De Wieler soll entscheeden!

D’Lëtzebuerger Chamber schafft zënter 2009 un enger „neier Verfassung“ an huet schonn dausende vu Säite produzéiert. De Rapport gouf an der Kommissioun ofgestëmmt awer net an der Plenière debattéiert an och net an engem éischte Vott ofgestëmmt.

D’Verfassung ass dem Land säi wichtegste legislativen Text, well e fir d’Stabilitéit vun den Institutioune suergt an de Bierger virun der Willkür vum Staat schützt.

Sollt an der Chamber eng Majoritéit vun Zweedrëttel dofir sinn, datt déi nei Verfassung a Kraaft triede soll, verlaangt d’ADR en nationale Referendum, fir dëst vum Vollek ratifizéieren ze loossen. Dobäi soll de Bierger net nëmmen iwwert de Gesamttext kënnen ofstëmmen, mee och iwwert eenzel Artikelen a Kapitelen.

D’Verfassung muss déi lëtzebuergesch Souveränitéit festschreiwen a konsequent schützen.

D’Bestëmmungen aus der Verfassung solle mat gréisster Virsiicht behandelt ginn. Déi vill Diskussiounen an der Chamberkommissioun hunn och grouss Verbesserungen vum aktuellen Text bruecht.

D’ADR distanzéiert sech vun enger Rei Punkten aus dem Text, deen aktuell virläit. Beispillsweis ass d’Wuert „Groussherzogtum“ (Grand-Duché) gréisstendeels aus dem Text gestrach ginn, besonnesch am éischten Artikel. Den Titel „Groussherzog“ (Grand-Duc) ass gréisstendeels duerch de Begrëff „Staatschef“ (Chef de l’État) ersat ginn. Eng Verfassung oder Verfassungsännerung muss sech, an den Ae vun der ADR, ëmmer kloer an däitlech zur Monarchie bekennen. Dat wichtegst Mënscherecht feelt ganz an där neier Verfassung: d’Recht op Liewen. Weider bedauert d’ADR, datt d’Rechter vun der Famill an där neier Verfassung sollen ofgeschaaft ginn. An der Verfassung muss och weider festgehale ginn, datt déi zivil Hochzäit virun der reliéiser Hochzäit muss zelebréiert ginn. Dëst gëllt selbstverständlech fir all d’Reliounen.

D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Resultat vum Referendum respektéiert gëtt, an datt an der neier Verfassung, esou ewéi ursprénglech virgesinn, d’Chamber d’Natioun representéiert an net d’Land. Den Eed op de Groussherzog muss weider bestoe bleiwen.

Mir verlaangen, datt an der neier Verfassung den Accès fir all Bierger zum Verfassungsgeriicht vereinfacht gëtt.

Déi aktuell Verfassung gesäit vir, datt souverän Pouvoire just zäitweis („temporairement“) un international Institutioune kënnen iwwerdroe ginn. Den Artikel 5 vum neien Text gesäit awer vir, datt eist Land dës Pouvoiren endgülteg, ouni Zäitlimitt, un d’Europäesch Unioun an un aner international Institutiounen oftriede kann. Mat der ADR gëtt eis Souveränitéit net op d’Spill gesat an un Europäesch Institutioune bradéiert.

D’Recht op Wunne gëtt an der Verfassung verankert. D’ADR erënnert och un hir Fuerderungen, fir d’Lëtzebuerger Sprooch an den Déiereschutz an der Verfassung ze verankeren. Propositiounen heifir si scho laang an der Chamber deponéiert.

Et ass keng nei Verfassung néideg, fir datt d’Lëtzebuerger Sprooch doran opgeholl gëtt! D’ADR huet dës Propositioun eragereecht, fir déi aktuell Verfassung mat folgender Formuléierung ze änneren: D’Sprooch vu Lëtzebuerg ass d’Lëtzebuergescht. D’Gesetz reegelt de Gebrauch vun der Lëtzebuerger, franséischer an däitscher Sprooch. Enger direkter Ofstëmmung an der Chamber doriwwer steet näischt am Wee.

D’ADR léisst eng offiziell Iwwersetzung vun der Verfassung op Lëtzebuergesch schreiwen.

 

D’Regierung

Als Exekutiv muss d’Regierung fir d’éischt d’Verfassung an déi bestoend Gesetzer respektéieren a fir hir korrekt Applikatioun suergen. Zesumme mat der Chamber hëlt d’Regierung d’Initiativ, fir nei Gesetzer ze schafen. D’Ministeren (an d’Staatssekretären) sollen – ewéi et der Etymologie entsprécht – „am Déngscht“ vum Land an senge Bierger stoen. De Minister dréit déi politesch Verantwortung fir säi Kompetenzberäich.

D’ADR schwätzt sech fir eng kompakt Regierung aus a wäert iwwerflësseg Ministèren (z.B. dee vun der Chancëgläichheet) ofschafen. Lëtzebuerger Sprooch, Integratioun a Kultur; Tourismus; Konsumenteschutz; Finanzplaz (dës net a Personalunioun mam Finanzminister) sollen eege Ressorten ënnert engem Minister oder Staatssekretär ginn.

Mir suerge fir e „Ministergesetz“, dat d’Rechter an d’Flichte vun de Ministere genee definéiert. Dëst Gesetz reegelt och d’Benotze vun de Regierungsautoen, d’Recht op Persouneschutz an d’Auslandsreesen, déi net direkt am Déngscht vun der Regierungsaarbecht stinn (z.B. international Parteikongresser, Participatioun un auslänneschen Televisiounsemissiounen, asw.). Och d’Karenzzäite vun de Ministeren an héije Beamten („Conseiller de Gouvernement“) no hirer Regierungskarriär ginn hei festgeluecht.

D’Chamber

Fir datt d’Chamber d’Parlament vun de Lëtzebuerger bleift, däerfen och weiderhin nëmme Wieler mat Lëtzebuerger Nationalitéit un de Chamberwalen deelhuelen. Fir all politesch Rechter an och dat aktiivt an dat passiivt Walrecht ze kréien, kann all Auslänner, deen hei am Land wunnt, d’Lëtzebuerger Nationalitéit ufroen. An eisen Aen ass eng gelongen Integratioun d’Viraussetzung, fir déi politesch Rechter ze kréien.

D’Chamber muss dat eenzegt Parlament bleiwen. D’Iddi vun enger direkt gewielter Vertriedung vun den auslännesche Matbierger zu Lëtzebuerg, kann d’ADR ënner kengen Ëmstänn akzeptéieren. Esou en Organ géif sech ewéi eng „zweet Kummer“ nieft der Chamber fillen an entwéckelen.

Am Kader vun enger Verfassungsreform wäert d’ADR d’Chamberwalen an engem eenzege Walbezierk organiséieren.

An der Chamber solle Parteien, déi wéinstens 5% vun de Stëmme kritt hunn, eng Fraktioun mat allen domat verbonnene Rechter däerfe bilden. Fir datt d’Chamber hirer Roll als Kontrollorgan vun der Regierung besser ka gerecht ginn, sollen d’Rechter vun den eenzelen Deputéierten erweidert ginn (z.B. bei Froestonnen an Interpellatiounen). Dofir soll och eng Minoritéit vu méi ewéi engem Véierel vun der Chamber (16 Deputéierten) kënnen eng Enquêtëkommissioun an d’Liewe ruffen.

A Berodung mam Syvicol fënnt d’ADR eng Reegelung, fir d’Duebelmandat vun Deputéierten a Buergermeeschteren oder Schäffen ofzeschafen.

D’Chamber däerf Gesetzer, déi d’Lëtzebuerger Souveränitéit beréieren – och déi, bei deenen d’Souveränitéit un d’Europäesch Unioun iwwerdroe gëtt, a sief et nëmmen temporär –, nëmme mat qualifizéierter Majoritéit (op d’mannst 40 Deputéiertestëmmen) unhuelen. Genee ewéi den Artikel 114 vun der Verfassung et virgesäit, kann den zweete Vott duerch e Referendum ersat ginn.

Et däerf net sinn, datt jonk Leit, déi politesch aktiv sinn a sech am Jugendparlament demokratesch engagéieren, op d’Erlaabnes vum Regent oder Direkter vun hirer Schoul ugewise sinn.  Dowéinst suergt d’ADR fir e klore gesetzleche Kader fir d’Jugendparlament, deen der Realitéit vun de Jonken, déi an d’Schoul ginn, entsprécht.

De Staatsrot

D’ADR ass net zefridde mam aktuelle Gesetz iwwert de Staatsrot. An enger Reform stelle mir kloer Reegelen op, fir datt d’Zesummesetzung vum Staatsrot déi vun der Chamber erëmspigelt. D’Membere sollen exklusiv vun der Chamber ernannt ginn. Mir si géint Geschlechterquote a schafen des Dispositiounen of.

D’Reform soll och kloerstellen, datt de Staatsrot e berodend Organ vun der Chamber ass an net vun der Regierung. Wéinst dem Prinzip vun der Gewaltentrennung däerfe Regierungsbeamten oder Magistraten net Member vum Staatsrot sinn. Et däerf een och net gläichzäiteg Member vum Staatsrot a Buergermeeschter oder Schäffen an enger Gemeng sinn.

Fir eng besser a méi séier legislativ Aarbecht ze garantéieren, misst d’Zuel vun de Membere vum Staatsrot an hirem administrative Personal erhéicht ginn.

 Referenden a Volleksinitiativen

Iwwert den direkte Wee vum Referendum suergt d’ADR dofir, datt de Wieler u wichtegen nationalen Entscheedunge deelhëlt. Weider fuerdere mir en obligatoresche Referendum bei Ännerungen um europäeschem Traité, beim Ophuele vun neie Memberen an d’Europäesch Unioun, beim Oftriede vu gréissere Souveränitéitsrechter un d’Europäesch Unioun a bei wichtegen Ännerunge vun der Lëtzebuerger Verfassung.

Fir iwwert de Wee vun der Volleksinitiativ e Referendum kënnen an d’Weeër ze leeden, muss déi néideg Zuel vu Wieler, déi dat fuerderen, op 5% erofgesat ginn – aktuell wieren et da ronn 12.500 Leit. Gëlteg sinn nëmmen d’Stëmme vu Bierger mat Lëtzebuerger Nationalitéit, déi an der Wielerlëscht agedroe sinn. D’Prozedur gëtt vereinfacht: D’Wieler musse sech net méi op d’Gemeng deplacéieren, fir sech an d’Wielerlëscht androen ze loossen. Alternativ kënne si dat och iwwer Internet maachen.

Bei enger Referendumsfro mussen déi verschidde Positiounen equivalent Méiglechkeeten hunn, fir sech auszedrécken. Aus dësem Grond féiere mir en allgemengt Referendumsgesetz an, dat fir gerecht an ausgeglache Campagne suergt.

D’Gemengen

En direkt politescht Matsproocherecht huet de Bierger am einfachsten an der Gemeng. An de berodende Kommissioune vum Gemengerot an och an de Lokalsektioune vun de politesche Parteie geschitt e groussen Deel vun eisem politesche Gemengeliewen. D’ADR setzt sech an, fir déi direkt politesch Participatioun an Transparenz an der Gemeng ze erhalen an auszebauen.

Aus deem Grond si mir och fir eng méi direkt Demokratie op kommunalem Niveau, dëst z.B. duerch méi Entscheedungen iwwert de Wee vum Referendum. D’Modalitéiten, fir e lokale Referendum ze erméiglechen, musse vereinfacht ginn. Dat  kéint ee maachen, andeems ee beispillsweis d’Méiglechkeet gëtt, Ënnerschrëften och elektronesch ze sammelen.

Mir verdeedegen de Prinzip vun enger staarker Gemengenautonomie. Ganz am Sënn vum Subsidiaritéitsprinzip soll de Staat sech just ëm déi Aufgabe këmmeren, déi net besser um Gemengenniveau ze erleedege sinn.

D’ADR begréisst Gemengefusiounen, wann dës dem Bierger eppes bréngen. Dës Fusioune mussen awer ëmmer op fräiem Wëlle berouen, woubäi d’Bierger hiren Accord iwwert de Wee vum Referendum ginn. De Referendum gëtt an deene Gemengen organiséiert, déi vun der Fusioun betraff sinn, an net iwwert en nationale Referendum.

 

18.De mëndege Bierger 

De Staat huet sech esou wéineg ewéi méiglech an d’Liewe vum Bierger anzemëschen. Mëndeg Bierger droen d’Verantwortung fir sech selwer, huelen hir Entscheedunge selbstänneg a brauche keng Erzéiungsdiktatur duerch d’Politik.

Et ass net dem Staat seng Aufgab, fir d’Bierger ze kontrolléieren. D’Bierger dogéint mussen awer de Staat kontrolléieren.

Keng politesch Erzéiungsdiktatur

Fir op gewësse Geforen (Gesondheet, Verkéierssécherheet, Wichtegkeet vum Naturschutz, asw.) opmierksam ze maachen, däerf a soll de Staat mat senge Verwaltungen an iwwer d’Ënnerstëtzung vun ONGen Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnen duerchzéien. Dobäi däerf de Bierger awer net engem Zwang ausgesat ginn. Hie soll seng eege Meenung  hunn an déi vertrieden däerfen.

D’ADR respektéiert dem Bierger seng Privatsphär. Mir akzeptéiere keng Froebéi, déi un all Stot ginn, a bei deenen d’Zuel vu perséinleche Géigestänn am Stot erhuewe gëtt (ewéi z.B. bei der Vollekszielung, der PISA-Etüd, asw.).

Den Asaz vun neien technologeschen Iwwerwaachungsméiglechkeeten (Smartphone, Computer, Staatstrojaner, asw.) mussen op Fäll vu gréisserer Kriminalitéit an Terrorismus ageschränkt ginn a ganz enk encadréiert ginn.

Mir sinn eis bewosst, datt den Terrorismus an d’organiséiert Kriminalitéit d’Fräiheete vun den demokratesche Gesellschaften ausnotzen. Terroristen a schwéier Krimineller mussen dofir mat aller Häert bekämpft ginn. Bei Gesetzer fir de Kampf géint Terrorismus muss genee op d’Gläichgewiicht tëschent den néidege Restriktiounen an de Fräiheete vum Eenzele geuecht ginn. Am Zweiwelsfall muss zu Gonschte vum Bierger senge Fräiheeten entscheet ginn.

Déi sougenannten „intelligent Compteuren“ (Smartmeter) fir Elektresch a Gas ginn d’Méiglechkeet, de Bierger ze iwwerwaachen. Dës Technologie däerf net ausgenotzt ginn, fir d’Gewunnechte vum Bierger auszespionéieren, a scho guer net, fir him Virschrëften iwwert seng Liewensweis ze maachen. Ausserdeem kann dës Technologie mat Gesondheetsrisike verbonne sinn. D’ADR hält gesetzlech fest, datt nëmmen de Verbrauch  iwwer länger Zäitraim (eng Woch oder e Mount) ofgelies gëtt. Et sief dann, den eenzele Verbraucher gëtt seng Awëllegung bewosst, opgekläert  a fräiwëlleg, fir d’Iwwermëttele vu weideren Donnéeë. Prinzipiell sollen d’Leit d’Méiglechkeet hunn, d’Installatioun vun engem Smartmeter ze refuséieren an en analoge Compteur ze behalen.

Meenungsfräiheet

Fir d’ADR ass d’Meenungsfräiheet eng vun de wichtegste Viraussetzunge fir eng demokratesche Gesellschaft.

D’Press gëtt als véiert Muecht an der Demokratie ugesinn. D’Pressefräiheet ass deemno eng Viraussetzung vun der Demokratie a vun der perséinlecher Fräiheet.

D’Gesetz iwwert d’Pressehëllef muss an déi Richtung verbessert ginn, datt nees fir méi Pluralitéit gesuergt ass an d’elektronesch Medie nach besser berécksiichtegt ginn.

D’ADR iwwerdenkt d’Opportunitéit an d’Ausmooss fir berufflech Zouloossungskritäre vu Journalisten an engem liberale Geescht, dëst no Consultatioun vun de Beruffsverbänn.

Mir verlaangen awer, datt d’Press sech net zum Porte-parole vun der Regierung maache léisst an net just „Mainstream“-Iddie verbreet. An der Press soll all Denkrichtung hiren Ausdrock fannen, ouni datt mir engem Presseorgan d’Recht op eng redaktionnell Linn ofstreiden. Medien, déi eng staatlech Pressehëllef kréien, sollen och esou Meenungen eng Plaz ginn, déi net hirer eegener “ligne éditoriale” entspriechen.

Nom Virbild vun den ëffentlech-rechtleche Bestëmmungen an Däitschland muss bei den audiovisuelle Medien, déi vum Staat iwwert e Konzessiounsvertrag oder eng direkt Finanzéierung ënnerstëtzt ginn, en „Cahier des Charges“ fir politesch Reportagen opgestallt ginn.

De Quelleschutz muss vun alle respektéiert ginn, och vun der Lëtzebuerger Justiz.

D’ADR féiert den Accès op ëffentlech Informatiounen, fir d’Press a fir all Bierger, an. Mir maachen déi indirekt Zensur vun der Presse, déi duerch d’Gesetz vum 19. Juni 2012 agefouert gouf, nees réckgängeg.

Mir si géint d’Zensur um Internet. Wéi bei all Fräiheet ginn et sécher och am Internet Grenzen, fir d’Aart a Weis, ewéi ee sech an de sozialen Netzer ausdréckt. Dës Grenze riichte sech awer no klore Kritären (z.B. Opruff zur Gewalt, Kannerpornographie, asw.), déi aus bestoende Gesetzer ervirginn. Politesch Meenungen, och wa si sech net mam „Mainstream“ decken, däerfe weder um Internet nach op anere Plazen zenséiert ginn.

D’ADR ass géint e Staat, deen zum Denunzéieren oprifft. D’Méiglechkeete, fir Leit beim Staat wéinst Meenungsäusserungen unzekloen, ginn op d’Police an op de Parquet limitéiert. Penal Strofe wéinst „Diskriminatioun” am Sënn vun engem „Meenungsverbriechen” ginn ofgeschaaft.

Et gëtt keng staatlech Instanz an d’Liewe geruff, fir ze entscheeden, wat „fake news“ sinn a wat net.

D’ADR wäert e Gesetz iwwer d’Ëmfroe schafen, dat fir méi Transparenz suergt a kloer deontologesch Reegele festleet. Nieft der renger Kommunikatioun an dem Resumé vun esou Erhiewunge mussen d’Froen an d’Äntwerten, och als net verschafften Donnéeën, fir jiddereen zougänglech sinn. D’Publikatioun vun Ëmfroe ginn 30 Deeg viru Walen a Referende verbueden.

Tubak, Alkohol, Drogen an…

Och beim Konsum vun Tubak, Alkohol, Drogen a Medikamenter ass d’ADR der Meenung, datt all Mënsch an éischter Linn fir sech selwer verantwortlech ass. D’Konsumente vun esou Mëttele mussen dobäi kloer iwwer d’Konsequenzen informéiert a virdru gewarnt ginn. Dës Informatioune sollen a musse schonn an der Schoul vermëttelt ginn an iwwer reegelméisseg Campagnen an Erënnerung geruff ginn.

D’ADR begréisst ausdrécklech d’Liberalisatioun vu Cannabis fir medezinesch Zwecker. Wat de Konsum vu Cannabis als Drog ugeet, stelle mir fest, datt Fuerschungen ëmmer nees d’Geforen an d’gesondheetlech Schied gewisen hunn, déi esou een net geziilt medezinesche Konsum verursaacht. Et besteet awer och weiderhin nach e grousse Fuerschungsbedarf, well eng Rei vu rezenten Erkenntnesser aktuell diskutéiert ginn.  Dat gëllt besonnesch fir spezifesch, laangfristeg Schied bei jonke Konsumenten, och am  neuropsychiatreschen an emotionale Beräich. Dowéinst ënnerstëtze mir d’medezinesch Fuerschung iwwert d’Konsequenze vum Drogekonsum, besonnesch och vum Cannabis, deen dacks als „Astigsdrog“ ugesi gëtt.

Mir ënnerstëtzen Opklärungscampagnen, déi besonnesch jonk Leit iwwert gesondheetlech an aner Risiken vum Cannabiskonsum als Drog objektiv an ëmfaassend informéieren. Besonnesch bei deene jonke Leit ass et wichteg, datt si dat néidegt Wëssen hunn.

D’Police an d’Justiz kréie konsequent all Mëttelen, fir wierksam géint den Drogenhandel virzegoen. D’ADR wëll keen Drogentourismus zu Lëtzebuerg. Aus deem Grond ënnerstëtze mir keng Politik, déi esou e Phenomen ervirrifft oder begënschtegt.

D’Drogepolitik hänkt och vun den Entwécklungen an den Nopeschregiounen an am Ausland of. Ideal wier dowéinst eng koordinéiert Strategie op internationalem Niveau. Esoulaang dat net de Fall ass, gesi mir keng Noutwendegkeet fir eng unilateral Verännerung vun der aktueller Rechtslag.

Mir verschléissen eis awer net fir aner Therapieformen an der Suchtbekämpfung unzegoen, ewéi z.B de Pilotprojet „TANDIAM“(traitement Assisté à la Diacétilmorphine) eng ass. Dëst ass eng kontrolléiert Ausgab vu pharmazeuteschen Drogen (Substitutioun).

Eng kontrolléiert Ausgab verréngert d’Beschafungskriminalitéit ewéi de Weiderverkaf vun Drogen an d’Prostitutioun. Och de Gesondheetssystem gëtt dobäi entlaascht. Schwéier Suchtkranker kréien esou d’Chance op eng Therapie, déi si aus der Ofhängegkeet erausféiere soll.

Méi strikt Aschränkunge musse gemaach ginn, wou d’Konsumenten d’Liewe vun anere Leit (Famill, Ëmfeld, asw.) a Gefor bréngen. Duerzou gehéiert eng kloer Begrenzung bei Alkohol um Steier an eng Null-Toleranz wat d’Fueren ënner Afloss vun Drogen ugeet.

De Staat muss all Méiglechkeeten zur Verfügung stellen, fir deenen ze hëllefen, déi aus hirem Suchtverhalen eraus wëllen. Dëst gëllt fir all Suchtverhalen, esou z.B. och fir d’Spillsucht an d’Sucht virum Bildschierm (Tablett, Smartphone, asw.).

De generelle Verbuet vum Fëmmen an de Wiertschafte wäert d’ADR ophiewen. Et soll eleng d’Entscheedung vum Proprietär an/oder vum Exploitant vum Café sinn, ob a senger Raimlechkeet däerf gefëmmt ginn oder net. An der Entrée vum Café muss dann awer kloer op d’Erlaabnes oder de Verbuet higewise ginn.

Relioun: Fir de Choix!

D’ADR respektéiert déi reliéis a philosophesch Iwwerzeegung vun all Bierger, ënnert der Bedéngung, datt si net an Oppositioun zu de Prinzipie vum Rechtsstaat stinn. Mir bleiwen der Meenung, datt d’Kierchen a reliéis Gemeinschaften institutionell getrennt vum Staat solle fonctionnéieren. Dobäi sief un d’Propos erënnert, unerkannte reliéis Gemeinschaften iwwert de Prinzip vum „otto per mille“ ze finanzéieren.

Mir bedaueren d’Manéier, ewéi bei der Trennung vu Kierch a Staat aus reng ideologesche Grënn verfuer gouf. Hei ass sech iwwer d’Käpp vu ville Verantwortlechen aus de Poren ewech gesat ginn, ouni den Akkord vun Deeler vun anere reliéise Gemeinschaften. D’ADR waart déi definitiv Uerteeler vun der Justiz op d’Kloe vun der SYFEL of, fir duerno a faire Verhandlungen d’Relatiounen tëschent dem Staat, de Kierchen an de reliéise Gemeinschaften ze reegelen.

D’Kierchegebaier, Kierchen a Kapellen, esou ewéi hiert Mobiliar hunn nieft hirem reliéise Charakter e Wäert als kulturelle Patrimoine. Dowéinst däerf a soll d’Allgemengheet weiderhi fir hiren Ënnerhalt opkommen, esou ewéi dëst och fir aneren historeschen a kulturelle Patrimoine de Fall ass. Generell soll all Kierch a Kapell ënnert d’Bestëmmunge vum Denkmalschutz falen.

Fir d’ADR gehéiert de Reliounsunterrecht an d’Schoul. Dat léisst dem Staat an dem Schoulministère d’Méiglechkeet vun enger Kontroll vun de Programmer an deem, wat d’Enseignanten soen. D’ADR organiséiert dowéinst an der Grondschoul nees e Reliounscours bannent dem normalen Horaire. Nieft dëse Coursë gëtt alternativ weider de Cours „Liewen a Gesellschaft“ ugebueden.

Am Secondaire soll de Reliounscours als Optioun nees proposéiert ginn.

De Staat respektéiert d’Reliounen awer wëll och vun dëse respektéiert ginn. D’Reliounsfräiheet däerf net alles justifizéieren, a muss sech de grousse Prinzipie vun de Mënscherechter an de Gesetzer vum Staat ënneruerdnen, z.B. der Gläichberechtegung vu Fra a Mann.

De Staat muss och verhënneren, datt Relioune sech am zivilrechtleche Raum eegestänneg maachen, z.B. mat pseudo-juristeschen Uerteeler, déi sech op d’Sharia oder aner reliéis Texter bezéien. Dofir besti mir drop, datt an der Verfassung muss festgehale ginn, datt déi zivil Hochzäit virun der reliéiser Hochzäit muss zelebréiert ginn, an datt eenzeg an eleng déi zivil Hochzäit rechtlech (a steierlech) Konsequenzen däerf hunn.

D’Kannerhochzäiten, egal ob zivil oder reliéis an ob hei am Land oder am Ausland zelebréiert si verbueden. Geschlechtsverkéier tëschent engem Erwuessenen an engem Kand ënner 16 Joer – och ënnert dem Deckmantel vum „Bestietnes“ – gëtt juristesch als Viol behandelt.

 

19.Fra a Mann 

Chancëgläichheet

D’ADR setzt sech a fir eng gerecht a pragmatesch Politik a Saache Chancëgläichheet tëschent Fra a Mann.

Fir eis ass et selbstverständlech, datt Fra a Mann déiselwecht Rechter a Flichten hunn. Dëst gëllt an allen Domänen, déi vum Rechtsstaat ofgedeckt ginn, also och an der Famill, der Beruffswelt an der Politik. De Staat däerf sech awer net an d’Famill amëschen.

Jidderee muss déiselwecht Chancen hunn, fir e Beruff auszeüben, wann en déi néideg Kompetenzen dofir matbréngt. De Staat huet sech net an d’Beruffswiel anzemëschen. Loungläichheet bei Mann a Fra – bei nämmlechter Aarbecht – sinn eng Selbstverständlechkeet.

E Mënsch däerf net opgrond vu sengem Geschlecht benodeelegt ginn. Ëmgedréint heescht dat awer, datt Virdeeler oder eng „positiv” Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht grad esou inakzeptabel sinn. Dowéinst ass d’ADR géint Quoten, ob an der Politik, an der Ekonomie oder anerwäerts.

Och bei der Gewalt am Stot a beim Ariichte vu Foyere fir Leit, déi hire Stot hu musse verloossen, däerf de Staat keng eesäiteg Politik fir oder géint ee Geschlecht féieren. All Affer muss ënnerstëtzt ginn. Dowéinst muss et och Foyere fir Männer ginn.

Och tëschent Mamm a Papp muss d’Chancëgläichheet gëllen. Dëst betrëfft beispillsweis den Accès an d’Schoul – wann d’Kand krank ass oder him soss eppes feelt – a ganz besonnesch d’Suergerecht esou ewéi och aner Rechter no enger Scheedung. D’Scheedung verännert zwar d’Bezéiung tëschent den Erwuessenen, mee si soll awer net der Relatioun tëschent den Elteren an hire Kanner schueden.

D’ADR steet ausdrécklech fir eng méiglechst ëmfaassend Meenungs- a Riedefräiheet. Dowéinst wiere mir eis géint all Versuch, fir op Basis vu Kritären, déi mam Geschlecht ze dinn hunn, Medien ze zenséieren oder d’Sprooch nei ze reegelen.

D’Burqa, den Niqab an ähnlech Kleedungsstécker ginn zu Lëtzebuerg verbueden. Eng ënnerschiddlech Behandlung vu Fra a Mann däerf och dann net akzeptéiert ginn, wa si op reliéise Kritäre grënnt. Et sief dann, et handelt sech ëm Dispositiounen, déi direkt mat der Ausübung vu reliéisen Handlungen ze dinn hunn an déi all unerkannte Relioun fir sech festleet. Dowéinst wäert d’ADR d’Vermummungsverbuet dohin erweideren, datt et der Gesetzespropositioun gerecht gëtt, déi d’Partei schonn am Summer 2014 deponéiert hat, fir d’Burqa am ëffentlechem Raum („espace public“) ze verbidden.

D’Chancëgläichheet vun de Geschlechter däerf awer net mat Gläichmaacherei verwiesselt ginn. Selbstverständlech erkenne mir un, datt et vun Natur aus Ënnerscheeder tëschent Fra a Mann gëtt. Esou muss zum Beispill déi, fir d’Mënschheet immens wäertvoll Aufgab, fir Kanner op d’Welt ze sëtzen a si ze erzéien vun der Gesellschaft unerkannt a belount ginn, dëst zum Beispill iwwer spezifesche Congé a Reegelen, déi eventuell Nodeeler am Beruffsliewen a bei der Pensioun esou wäit ewéi méiglech ausgläichen.

Sexuell Identitéit

D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Wäerter vu Famill a Gesellschaft net virun där sougenannter „Genderideologie“ kapituléieren. Generell gëllt, datt d’Geschlecht vum Mënsch duerch déi  biologesch Grondlage vu sengem Kierper definéiert ass. Fir eis steet fest, datt e Geschlechtswiessel beim Zivilstan ganz kloer op enger medezinescher Grondlag baséiere muss.

Et gëtt seele Fäll vun Intersexualitéit, wat bedeit, datt eng Persoun gläichzäiteg biologesch Eegenaarte vu Fra a Mann opweist. Fir esou Fäll sollen awer spezifesch Méiglechkeete geschafe ginn, fir deene Betraffenen ze hëllefen.

Prostitutioun

D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Prostitutioun vollstänneg legaliséiert gëtt. Dëst bedeit, datt groussjäreg Persounen, déi Prostitutioun aus eegener Entscheedung eraus bedreiwen, also ouni Zwäng duerch Mënschenhandel an Zuhälter, berufflech unerkannt ginn, sech sozial versécheren a Steiere bezuele mussen. D’Rechter an d’Flichte vu Prostituéierten an hire Cliente gi gesetzlech gereegelt, esou ewéi dat schonn a verschiddene Nopeschstaaten praktizéiert gëtt.

Mir si géint e Modell, bei deem de Client bestrooft gëtt (“schwedesche Modell”). Dëst ass de Grond, firwat mir géint dat neit Gesetz gestëmmt hunn. An der nächster Legislaturperiod wäerte mir och en iwwerschaffte Gesetzestext zur Prostitutioun proposéieren.

Mir setzen eis dofir an, datt d’Kriminalitéit am Kader vun der Prostitutioun, ganz besonnesch d’Zuhälterei an de Mënschenhandel, staark verfollegt an haart bestrooft ginn.

Persounen, déi vun der Prostitutioun liewen, sollen d’Méiglechkeet hunn, aus deem Milieu nees erauszekommen, wa si dat wëllen. Dowéinst ënnerstëtzt d’ADR Moossnamen, déi genee dofir suergen. Besonnesch den Affer vum Mënschenhandel esou ewéi och mannerjäregen an drogenofhängege Prostituéierte wëlle mir hëllefen.

Schutz vum Liewen

D’ADR steet fir de Schutz vum Liewen. Schwangere Fraen a Meedercher muss all Hëllef bei der Gebuert vum Kand opstoen. Si solle sech beispillsweis net aus materiellen oder finanzielle Grënn fir eng Ofdreiwung entscheeden. Dowéinst ënnerstëtze mir Organisatiounen, déi genee dës Hëllef bidden. Mir sinn der Meenung, datt d’Gesetz keng Fristeléisung mee eng Indikatiounsléisung sollt virgesinn.

Esoulaang d’Legislatioun nach eng Fristeléisung virgesäit, setzt d’ADR sech dofir an, datt enger schwangerer Fra, déi iwwert eng Ofdreiwung nodenkt, eng zweet Berodung ugebuede gëtt. Hei sollen hir besonnesch déi sozial, psychologesch a materiell Hëllefs- an Ënnerstëtzungsméiglechkeeten erkläert ginn, déi si kréie kann, wa si sech fir d’Liewe vum Kand entscheede wëll. Dës fräiwëlleg zweet Berodung soll awer net direkt no der medezinescher Berodung sinn, fir datt d’Fra oder d’Meedchen Zäit huet, fir a Rou ze iwwerleeën. De rechtlechen Delai fir d’Optioun vun enger Ofdreiwung däerf duerch esou eng zweet Berodung awer net a Fro gestallt ginn.

Generell mussen d’sexuell Opklärung an e gratis Zougang zu Verhiddungsmëttele  garantéiert sinn.

Eng Ofdreiwung opgrond vum ongebuerene Kand sengem Geschlecht gëtt explizit verbueden. Datselwecht gëllt fir all Ofdreiwungsmethoden, déi dem ongebuerene Kand vill Péng bereeden. Et muss séchergestallt sinn, datt keng Klinik a kee Member vum medezineschen oder para-medezinesche Personal muss un enger Ofdreiwung deelhuelen oder direkt oder indirekt muss Reklamm dofir maachen.

Sexualerzéiung

D’Sexualerzéiung an d’Vermëttlung vu Wäerter an der Sexualitéit sinn eleng den Elteren hir Aufgab. D’Schoul soll – nëmmen am Kader vum Science- oder Biologieunterrecht – en altersgerecht, objektiivt, biologescht Wëssen iwwer d’Sexualitéit vermëttelen. Et däerf ënner kengen Ëmstänn eng Fréisexualiséierung vun de Kanner ginn. Och e staatleche Versuch deene jonke Leit aus ideologesche Grënn sexuell Verhalensweisen nozeleeën, däerf op kee Fall stattfannen.

Scheedungsgesetz a Familljerecht

D’ADR reforméiert dat neit Scheedungsgesetz méiglechst séier, fir déi wesentlech Schwaachstellen ze eliminéieren. D’Scheedung am géigesäitegen Averständnes soll bannent engem Mount no der Convocatioun duerch béid Parteie gesprach ginn. Déi zweet Ënnerschrëft bannent 6 Méint fält dann ewech.

Et däerf net méi méiglech sinn, Dispositioune vun der Konventioun (Liquidatioun vun der Gemeinschaft) ze änneren, nodeems dës beim Notaire gemaach ginn ass.

D’Scheedung „pour faute“ gëtt nees agefouert. D’Scheedung „pour faute“, déi wéinst dem Zerrüttungsprinzip an déi wéinst laangem Getrenntliewen (no engem Joer) gëtt obligatoresch duerch eng Assignatioun vum Dierwiechter zougestallt, fir sécher ze sinn, datt déi zwou Persounen iwwert de Prozess vun der Scheedung informéiert sinn.

D’ADR begréisst d’Aféierung vum Familljeriichter (JAF, Juge aux affaires familliales). Kanner sollen, ewéi elo schonn, vum Riichter kënne gehéiert ginn. Wann e Kand beispillsweis mat der Organisatioun vum Besuchsrecht oder vun der Garde net zefridden ass, soll et dem Riichter dat och matdeele kënnen. D’Kand soll seng Elteren awer dowéinst net viru Geriicht usiche kënnen.

20.Justiz: fir méi Gerechtegkeet 

Recht hunn a Recht kréien ass bekanntlech zweeërlee. Fir d’ADR musse Bierger, déi Recht hunn, dëst och wann néideg virun der Justiz verdeedege kënnen.

D’Justiz muss d’Gesellschaft virun deenen ze schützen, déi d’Gesetzer net respektéieren. Si huet dës Aufgab – mat Hëllef vun der Police –  a verstännegen Delaien ze erfëllen. Eng Iwwerlaaschtung vun der Justiz däerf net dozou féieren, datt Stroffälleger „lafe“ gelooss ginn, wann anerer wéinst Klengegkeeten veruerteelt ginn.

Méi Mëttele fir d’Justiz

D’Justiz muss – qualitativ an quantitativ – déi néideg Mëttele kréien, fir hiren Aufgabe gerecht ze ginn an Entscheedungen a verstännegen Delaien ze treffen. Dës Mëttele muss dem Wuesstem vun der Populatioun, den neie Forme vu Kriminalitéit an den Ännerunge vun der Legislatioun ugepasst ginn.

D’Gesetzer gi vun der Chamber gemaach a ratifizéiert. Dofir läit et an hirer Verantwortung, datt d’Gesetzer esou geschriwwe ginn, datt si liicht ze verstoe sinn an um Terrain och wierklech kënnen ëmgesat ginn. Weider däerf et am Strofrecht („le tout-judiciaire et le tout-pénal“) net zu enger Flut vun neie Virschrëfte kommen, déi d’Bierger schikanéieren an d’Geriichter iwwerlaaschten.

D’ADR steet zur Gewaltentrennung, awer kee Pouvoir däerf ouni Kontroll ausgeüübt ginn, weder d’Legislativ (Chamber, Staatsrot) nach d’Exekutiv (Grand-Duc, Regierung) oder  d’Justiz. Dowéinst setze mir d’Virschléi vum Ombudsmann zur Justizreform ëm. Dobäi schafe mir an Zesummenaarbecht mat de Riichteren, de Magistraten an den Affekoten de „Conseil supérieur de la Justice“. Dëse Conseil huet als wesentlech Aufgab, d’Onofhängegkeet vun der Justiz ze garantéieren. Doriwwer eraus muss de Conseil dofir suergen, datt Abusen, Inkompetenz a Feelverhale sanktionéiert ginn. D’Kompositioun vun deem Conseil däerf net zu enger Politiséierung vun der Justiz féieren a si däerf keen Afloss op d’Nominatiounen an der Justiz hunn.

D’ADR fuerdert d’Ofschafe vum Parquet als “Magistrature debout”. Dëse gëtt ersat duerch eng Staatsanwaltschaft, déi net der Magistratur ugehéiert.

D’Bierger mussen a verständlecher Form iwwer d’Prozedure bannent Justiz a Geriicht informéiert ginn. Ganz besonnesch musse si, grad wa si keen Affekot hunn, iwwert de Fortschrëtt vun hirer Affär (z.B. bei enger Plainte) informéiert ginn, och wann et zu engem „classement sans suite“ kënnt.

Generell sollen Uerteeler, déi e gewëssene Jurisprudenzcharakter hunn, an anonymiséierter Form op elektroneschem Wee als „open Data“ publizéiert ginn.

All Bierger muss seng Rechter akloen oder sech viru Gericht mat der Hëllef vun engem Affekot verdeedege kënnen. Dofir ass d’„Assistance judiciaire“ fir Leit mat klengem Akommes do. Aus deem Grond sträiche mir och d’Klausel, déi dës aschränkt a seet, datt Proprietären oder Chauffeure vu Gefierer kee Recht op déi Hëllef hunn.

Op där anerer Säit muss d’Klausel, déi keng Hëllef erlaabt, wann d’Affär offensichtlech irrecevabel oder disproportionéiert ass, méi streng ugewannt ginn. Dëst zielt och an Asylfroen.

Jugendrecht

Kanner a Jugendlecher fale fir eis net ënnert d’Strofrecht, mee ënner d’Bestëmmunge vum Schutz vun de Kanner. D’Interessie vun de Kanner musse virun all aner Iwwerleeung gëllen. Esou gehéiert kee Mannerjäregen an de Prisong fir Erwuessener. Fir verschidde méi schlëmm Delikter vu Jugendlechen féiere mir awer e Jugendstrofrecht an.

D’Gewalt duerch Jugendlecher – och an neie Formen – hëlt zou. Dowéinst muss d’Jugendgesetz un dës nei Ëmstänn ugepasst ginn, genee ewéi d’Mëttelen, déi dem Jugendriichter zur Verfügung stinn.

D’ADR bedauert, datt ze vill Kanner ze séier placéiert ginn an dann nach meeschtens ausserhalb vun der Famill. Dës Praxis muss iwwerpréift (an nei gereegelt) ginn. Sollt e Placement wierklech noutwenneg sinn, muss gekuckt ginn, ob net z.B. Grousselteren do sinn, déi bereet a fäeg sinn, d’Kand bei sech opzehuelen. Ass dëst de Fall, däerf et prinzipiell net zu engem Placement an e Foyer oder bei friem Leit kommen.

De Prisong

De Projet fir en zweete Prisong zu Suessem ze bauen, huet d’ADR matgedroen. Nach ier dëse Prisong a Betrib geholl gëtt, wäerte mir eng Analys duerchféiere loossen, ob de Suessemer Prisong net besser fir veruerteelt Persoune genotzt gi sollt a Schraasseg fir Persounen an Untersuchungshaft. De Sënn dobäi ass, fir d’Transferten tëschent Prisong a Justiz ze vereinfachen. Och d’Méiglechkeet, speziell Säll fir d’Instruktioun bannent dem Prisong ze installéieren oder d’Méiglechkeet vun der Videokonferenz muss dobäi a Betruecht gezu ginn.

Entscheedungen ëm eng fréizäiteg Entloossung oder eng limitéiert Autonomie vum Gefaangenen, déi e Magistrat trëfft, musse bannent dem Prisong kënne geholl ginn. Déi aktuell Prozedur, déi et erlaabt, all puer Deeg eng Demande fir d’fréizäiteg Entloossung ze stellen, gëtt ersat duerch eng reegelméisseg an „automatesch“ Prozedur vun der „Haftprüfung“.

De Prisong muss eng seriö Resozialiséierung maachen, fir  Réckfäll esouwäit ewéi méiglech ze verhënneren. Dowéinst muss de Prisong déi néideg Infrastrukturen a genuch Fachpersonal hunn, fir beispillsweis Formatioun, Weiderbildung an Aarbecht ze sécheren. Wat d’physesch oder d’psychesch Gesondheet ugeet, muss de Prisong akzeptabel Konditioune bidden. Allerdéngs muss dës Institutioun ëmmer nach e Prisong bleiwen an däerf net mat engem Hotel verwiesselt ginn.

D’ADR steet fir en humane Strofvollzuch. Et sollen alternativ Méiglechkeeten zur Prisongsstrof agefouert ginn. Dëst gëllt haaptsächlech fir Veruerteelter, déi keng Gefor fir d’Allgemengheet duerstellen.

D’Verwaltung vum Prisong an d’Opsiicht vun de Prisonéier mussen an eisen Ae vu Staatsbeamten mat Lëtzebuerger Nationalitéit ausgefouert ginn – dat gëllt also och fir Giischtercher.

D’ADR fänkt direkt mam Rekrutement a mat der Formatioun vun de Giischtercher un, déi fir d’Personal, dat a Pensioun geet, oder fir den neie Prisong gebraucht ginn. Eventuell Schwieregkeete beim Rekrutement si keng Ursaach, fir Leit aus dem Ausland am Prisong anzestellen. D’Karriär vum Giischtje muss méi attraktiv gemaach ginn. D’Giischtercher sollen all néideg legal a materiell Mëttele hunn, fir d’Disziplin an de Prisongen ze assuréieren.

Den Transport vu Prisonéier soll weider tëschent der Police an de Giischtercher opgedeelt bleiwen, woubäi z.B. d’Geféierlechkeet vum Gefaangenen als Kritär mat erugezu gëtt. D’Police suergt fir den Transport tëschent dem Prisong an der Justiz, an d’Giischtercher iwwerhuelen d’Iwwerweisung an d’Spidol.

Ombudsmann a Mediatioun

D’ADR steet weider hannert der Institutioun vum „Ombudsmann“, deen der Chamber ënnersteet. Mir begréissen allgemeng d’Fortschrëtter am Versteesdemech tëschent dem Bierger an de Verwaltungen, déi den Ombudsmann am Laf vun de Joren erméiglecht huet.

D’ADR wëll dës Institutioun, no 15 Joer Existenz, zesumme mat alle betraffene Partner (Chamber, Ombudsmann, Verwaltungen, Bierger déi sech un den Ombudsmann gewannt hunn) evaluéieren.  Mir leeden, wann néideg, Reformen an, fir dës Institutioun nach méi no un de Bierger ze bréngen.

Bei dëser Reform muss och iwwerluecht ginn, ob net déi verschidde Servicer vu Mediatioun (Ombudsmann fir Kanner, Mediatioun am medezinesche Beräich, Mediatioun vun der Justiz…) kënnen zesummegeluecht ginn, a ewéi wäit d’Kompetenzen vum Ombudsmann eventuell op ëffentlech Servicer kënnen erweidert ginn. Dat wieren z.B. den ëffentlechen Transport, d’Post, d’Stroum- , d’Gas a Waasserversuergung, och wann esou Servicer am Optrag vum Staat duerch Entreprisen duerchgefouert ginn.

 

21.De Bierger schützen 

Zënter de „Staat“ existéiert, huet dësen als prioritär Aufgab, seng Bierger ze schützen. Fir d’ADR muss dëst och haut nach ëmmer déi éischt Prioritéit vum Rechtsstaat sinn! Mir wäerten dofir suergen, datt d’Police, d’Douane, d’Arméi, de SREL an d’Giischtercher iwwert déi néideg Mëttelen (Effektiver, Finanzen, Material) verfügen, fir dem Bierger en optimale Schutz ze garantéieren. Dozou mussen dës Organer, ewéi och aner Servicer am Déngscht vun der Allgemengheet (Rettungsdéngschter, CFL Beamten a Buschaufferen, asw.), den néidege Respekt vum Bierger a vun den Autoritéiten entgéintbruecht kréien. Dobäi muss de rechtleche Kader dëser Aufgab gerecht ginn. Police a Justiz mussen Hand an Hand schaffen, woubäi d’Rechter vum Bierger op kee Fall däerfe vernoléissegt ginn. Och de Kampf géint den Terrorismus a géint de Mënschenhandel gehéiert zu de prioritären Aufgabe vun den ëffentleche Sécherheetsorganer.

D’Police

Virun allem an Zäite vun Terrorismus stellt een e méi grousst Onsécherheetsgefill an eiser Gesellschaft fest. An deene leschte Jore gouf dat nach duerch eng Rei vu Gewaltverbriechen, besonnesch a verschiddene Quartiere vun eise Stied, verstäerkt.

D’Sécherheet am Land muss vun der ëffentlecher Gewalt, an éischter Linn vun der Police, garantéiert sinn. D’ADR steet dowéinst voll hannert der Police, där hir Wichtegkeet net däerf ugezweiwelt ginn.

All Polizist verdéngt et, vum Staat geschützt an ënnerstëtzt ze ginn. D’ADR suergt dowéinst fir besser Reegele bei der „Protection du fonctionnaire“ (assistance juridique) a bei der Rebellioun géint d’Police. Dëst dréit och zur Verbesserung vun der Motivatioun an der Police bäi.

D’Police muss genuch Personal an dat beschtméiglecht Equipement hunn. Si brauch och genuch Spezialisten am Beräich Wirtschafts- a Cyberkriminalitéit. Hir Spezialunitéite mussen effikass schaffe kënnen. Si musse visibel sinn, besonnesch um Fluchhafen an op de Garen, respektiv an deene fir Kriminalitéit méi ufällege Quartieren.

Fir ëmmer genuch Leit ze hunn, muss d’Police punktuell och op Reserven zréckgräife kënnen.

Am Kader vun der Police gëtt eng Ëmweltpolice gegrënnt. Doduerch fält d’Noutwennegkeet ewech, datt Membere vun den Ëmweltverwaltungen d’Funktioun vum OPJ (Officier de police judiciaire) hunn.

Fir d’ADR ass de Polizist e biergernoe Mënsch am Déngscht vu Recht a Gerechtegkeet.  Bei Bagatellë muss hien e  méi grousse perséinlechen Ermiessensspillraum kréien, fir déi richteg Entscheedungen mat Fangerspëtzegefill treffen ze kënnen.

Am Beräich vun där sougenannter „administrativer Police“ ginn déi eegestänneg Kompetenze vun der Police däitlech vergréissert. De Plazverweis an eng méi liicht Identitéitskontroll gehéieren zu deene Moossnamen, déi d’ADR géing aféieren. Och bei der internationaler Zesummenaarbecht kritt d’Police méi eegestänneg Kompetenzen.

Zesumme mat der Douane soll d’Police méi Méiglechkeete kréien, fir Grenzkontrollen ze maachen, dëst besonnesch fir déi grenziwwerschreidend Kriminalitéit effikass ze bekämpfen. Andeems si d’Beweegungsfräiheet an der Europäescher Unioun mëssbrauchen, operéieren déi organiséiert Heeschebanden och hei am Land. Esou Aktivitéite ginn ënnerbonnen.

D’ADR ass fir eng strikt Gewaltentrennung, besonnesch tëschent dem „Pouvoir exécutif“ an den „autorités judiciaires“. D’Justiz huet dowéinst kee Matsproocherecht an der interner Organisatioun vun der Police. D’IGP gëtt an Zukunft nees vun engem Policeoffizéier geféiert. Och de SREL soll net méi vun engem Magistrat geféiert ginn. D’Kompetenzen, d’Organisatioun an d’Verwaltung vum SREL ginn esou modifizéiert, datt hie seng Aufgaben effikass erfëlle kann.

De Rekrutement vun der Police gëtt verbessert. An där ganzer ëffentlecher Force muss den Ausbildungsniveau mat der Komplexitéit an de Schwieregkeete vum Beruff mathalen. Dowéinst sollen Iddien ewéi déi vun engem Ofschloss („Premiere policière“) – eventuell am Kader vun engem Militärlycée, gepréift ginn.

D’ADR ass grondsätzlech géint d’Aféiere vun enger zweeter Police, déi aus de Pecherten (Agents municipaux) bestoe géif. Bei enger eventueller Erweiderung vun de Pecherten hire Befugnisser muss mat grousser Virsiicht gehandelt ginn. Als Alternativ proposéiere mir, den ënneschte Kader vun der Police ze erweideren an en Deel mam Encadrement als Police vun de Quartieren („police de proximité“) anzesetzen.

D’Police gëtt duerch eng Rei vu Moossnamen an hirer Aarbecht entlaascht. Bei der Gewalt doheem soll e „Samu social“ den éischten Intervenant sinn. De Gefaangenentransport gëtt zesumme mat de Giischtercher organiséiert. Fir veruerteelt auslännesch Krimineller gëtt nees eng „interdiction de territoire“ ageféiert.

D’ADR steet fir Objektivitéit an Transparenz. Dëst gëllt och bei Statistiken an Täterbeschreiwunge vun der Police. Et gëtt näischt verheemlecht an näischt schéi gemoolt. D’Bierger hunn d’Recht, d’Wourecht ze kennen.

All Bierger kritt méi Rechter, fir sech selwer ze wieren. Dozou gehéiert och eng legal Méiglechkeet, fir Pefferspray bei sech ze hunn. Coursen, fir sech selwer ze verdeedegen, gi vum Staat ënnerstëtzt.

D’Douane

Nieft der Police huet d’Douane eng wichteg Roll, fir d’Anhale vu Gesetzer ze iwwerwaachen, dëst ënnert anerem bei der Wirtschaftskriminalitéit, dem Stroossentransport an dem Aarbechtsrecht. D’ADR wäert der Douane och nees méi Kompetenzen a Saachen Auslännerrecht ginn.

Mir sinn der Meenung, datt et genuch Douaniere musse ginn, fir zu all Moment – sollt den internationale Kontext dëst verlaangen – systematesch Kontrollen op de Grenzen organiséieren ze kënnen. Generell solle Stéchprouwen op de Grenze méiglech sinn, dëst z.B. fir de Mënscheschmuggel vun illegalen Immigranten ze ënnerbannen, respektiv fir festzestellen, aus wéi engem Nopeschland si komm sinn.

Op de Grenze bleiwen déi materiell Viraussetzungen erhalen, fir datt Grenzkontrolle méiglech sinn. D’Douane gëtt besonnesch gutt op de Kampf géint den Drogenhandel an d’Proliferatioun vu Massevernichtungswaffe virbereet.

D’Arméi

Mir ënnerstëtzen traditionell d’Lëtzebuerger Arméi a suergen dofir, datt si déi néideg Mëttele huet, fir all Missiounen, déi hir vun der Politik uvertraut ginn, ënner beschte Konditiounen ze erfëllen.

D’ADR wëll déi reell Mannstäerkt vun der Arméi an alle Karriären un déi duerch Gesetz festgeluechten Effektiven upassen. D’Rekrutéiere vu genuch Zaldoten, Kapereel, Ënneroffizéier an Offizéier ass d’Konditioun, fir d’Objektiver vum Arméisgesetz anzehalen, a fir datt Lëtzebuerg sengen nationalen an internationale Verflichtunge kann nokommen. Den Déngscht an der Arméi gëtt als e patrioteschen Engagement vu jonke Leit besonnesch ënnerstëtzt a belount.

D’Méiglechkeet vun der Aféierung vun enger fräiwëlleger Reserv gëtt studéiert. Des Reserv soll ënnert anerem och bei noutwennege Garden am Kader vun terroristesche Menacen („Vigilnat“) kënnen aktiv ginn.

Wéinst der geopolitescher Instabilitéit muss d’Lëtzebuerger Arméi sech konstant op nei Missioune virbereeden. Mir fuerderen, datt den Equipement vun den Zaldoten (Uniformen, Waffen, asw.) genee ewéi dat anert Material dem neiste Stand vun der Technik entsprécht, fir dem Militär en optimale Schutz ze garantéieren. Och d’Installatiounen an der Kasär um Härebierg an d’Trainingsméiglechkeete mussen um leschte Stand sinn, esouwuel fir d’Effizienz vun der Ausbildung ewéi och fir d’Attraktivitéit vum Militärdéngscht ze garantéieren.

Dofir mussen ënnert anerem d’Virbereedungscoursë fir den Exame vun der Arméi (COPRAL) méi attraktiv gestallt ginn.

Ganz besonnesch mussen déi berufflech Perspektiven no der Arméi verbessert ginn. D’ADR setzt sech dofir an, datt d’Recht op Exklusivitéit respektiv op d’Prioritéit fir eng Rei vu Poste beim Staat, bei de Gemengen, asw. strikt respektéiert bezéiungsweis nees ageféiert an erweidert gëtt. Sécherheetsposte bei staatleche Gebaier (z.B. d’Chamber) mussen och, esou wäit ewéi nëmme méiglech, vu fréieren Zaldote besat ginn. D’Bréifdréier bei der Post an d’Giischtercher ginn nees iwwer d’Arméi rekrutéiert. Och am ëffentlechen Transport (duerzou gehéiert och Luxtram) gëtt verstäerkt iwwer d’Arméi rekrutéiert.

Fir d’Zaldoten esou gutt ewéi méiglech op hir Beruffer nom Militärdéngscht virzebereeden, gëtt d’Rekonversioun an d’Virbereedung op Exame weider verbessert. Dofir verstäerkt d’ADR d’Mëttele fir déi spezifesch Klassen am Ettelbrécker Lycée.

An deem Kontext ass d’ADR och bereet, fir de Projet vun engem vollstänneg ausgebaute Militärlycée ze envisagéieren. An esou engem Militärlycée kënnen och Premièren an Ausbildungen ugebuede ginn, déi spezifesch op Karriäre bei der Arméi a bei der Police virbereeden.

D’Noutwennegkeet vun enger Aféierung vun neie Karriären oder enger Reform vun aktuelle Karriären an der Arméi gëtt studéiert. Dëst soll der ëmmer méi grousser Technicitéit vum militäresche Beruff Rechnung droen a gläichzäiteg d’Attraktivitéit vun der Arméi méi grouss maachen.

Fir Studenten op net militäreschen Universitéite ginn extra Ënnerstëtzungen ageféiert, ënnert där Konditioun, datt si sech engagéieren, fir duerno eng Zäit laang als Offizéier an der Arméi ze déngen.

Am Kader vum Ausbau vun der ëffentlecher Fuerschung a Recherche gëtt eng Wëssenschaftssectioun an der Arméi ageféiert, an där Offizéier mat engem Ofschloss a mathemateschen, techneschen, informateschen an naturwëssenschaftleche Fächer e Bäitrag zur nationaler Sécherheet leeschte kënnen.

De Rekrutement vun Auslänner als Offizéier, Ënneroffizéier oder Beruffskaperol schléisst d’ADR aus. Auslänner kënne fir eng gewëssen Zäit als Beroder an technesche Funktiounen engagéiert ginn, bis si duerch Lëtzebuerger kënnen ersat ginn. Lëtzebuergesch bleift déi eenzeg Ëmgangssprooch an der Lëtzebuerger Arméi.

Wéinst de Menacen um internationale Plang, mussen déi europäesch Länner méi Efforte fir hir Verdeedegung maachen a brauchen och Méiglechkeeten, fir a Krisesituatiounen an der Welt intervenéieren ze kënnen. Dës Efforte bedeiten och, datt Lëtzebuerg seng Ausgaben an dësem Domän progressiv an d’Luucht setze muss.

D’Héicht vun de Militärausgabe muss awer de spezifesche Konditioune vum Land Rechnung droen a fair, raisonnabel an ëmsetzbar sinn. Déi spezifesch militäresch Aufgaben, Interessien, Méiglechkeeten a Besoine vun engem klenge Land sinn net mat deene vun engem grousse Land gläichzesetzen. D’Kritären no deenen d’Evaluatioun vum Lëtzebuerger „effort de défense“ gemaach gëtt, mussen deenen Iwwerleeungen ugepasst ginn.

D’ADR setzt sech dobäi och fir Projeten an, déi esouwuel e militäreschen Zweck hunn ewéi och zivillen Zwecker déngen (z.B. an der Medezin). Och d’Weltraumtechnologie am Sécherheetsberäich gëtt weider ausgebaut. D’Sécherheet vum Findel gëtt och mat militäresche Mëttele verbessert.

Mir ënnerstëtzen d’Iddi vun engem Militärspidol, dat op eng ganz Rei vun Erausfuerderungen, och am Zivilschutz a bei Epidemien, kuerzfristeg an effikass reagéiere kann.

Zesumme mat der Police gëtt eng Militärpolice gegrënnt, besonnesch fir den Asaz bei Operatiounen am Ausland fir de Fridden ze erhalen. Dës Unitéit gehéiert zur Arméi an ënnersteet hirem Disziplinargesetz. D’Disziplinargesetz gëtt iwwerschafft, esou datt de Prinzip vun der Rechtsstaatlechkeet an der Militärjustiz am vollen Ëmfank respektéiert gëtt.

D’Militärmusek gëtt progressiv weider ausgebaut.

Am Interessi vun der nationaler Sécherheet gëtt d’Gesetz vum SREL iwwerschafft, fir de Geheimdéngscht nees méi effikass ze maachen.

Déi strategesch Reservë vum Land, besonnesch a Petrolsprodukter, ginn ausgebaut.

Op d’Cyber-Sécherheet an d’Protektioun géint nuklear, chemesch oder biologesch Menacë gëtt méi Gewiicht geluecht. D’Land soll domat och besser op terroristesch Menacen an all méiglech Zorte vun Accidenter oder Noutfäll, speziell am nukleare Beräich, virbereet ginn.

22.En effizienten ëffentlechen Déngscht 

Politesch neutral, schlank a flexibel

D’ADR ass fir eng politesch neutral ëffentlech Funktioun. Fir enger Politiséierung vun de Ministèren entgéintzewierken, si mir der Meenung, datt d’Ministere fir d’Dauer vun hirem Mandat solle Persoune vun hirem Vertrauen an hire Cabinet nenne kënnen. Esou ewéi d’Mandat vum Minister ofleeft, mussen déi vun him politesch nominéiert Persounen den ëffentlechen Déngscht nees verloossen.

Mir si fir e schlanken a flexibele Staat nom Prinzip “esou vill Staat ewéi néideg, mee esou mann Staat ewéi méiglech”. Et ass dobäi eng Selbstverständlechkeet, datt mam Wuesstem vun der Populatioun a mat der Verännerung vun de staatlechen Aufgaben den ëffentlechen Déngscht permanent muss esou ugepasst ginn, datt en all seng Aufgaben zouverlässeg, effikass a séier am Déngscht vum Bierger muss erfëlle kënnen. Mir sinn awer gläichzäiteg der Meenung, datt de Staat sech net an all Aspekter vum Bierger sengem Liewen anzemëschen huet.

Staatsdéngscht fir lëtzebuergesch Staatsbierger

D’ADR ass der Meenung, datt déi ëffentlech Funktioun fir lëtzebuergesch Staatsbierger muss reservéiert sinn. An Ausnamefäll, wann et wierklech net sollt méiglech sinn, fir eng bestëmmte Plaz e qualifizéierte Lëtzebuerger ze fannen, ka punktuell an temporär op Auslänner zréckgegraff ginn. Dës Ausnam gëllt net bei souveräne Funktiounen, ewéi beispillsweis bei der Diplomatie, der Force publique, der Magistratur an nach aneren. Mir erënneren drun, datt mir eis dofir agesat hunn, fir deenen EU-Auslänner, déi an eiser Arméi als Fräiwëlleger déngen, e méi séieren Zougang zu eiser Nationalitéit ze erméiglechen.

Jiddereen, deen an der lëtzebuergescher ëffentlecher Funktioun schafft, muss déi dräi Verwaltungssprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch op héijem Niveau kënnen. Dobäi ass d’perfekt Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch eng onverzichtbar Konditioun fir d’ADR. Auslänner, déi an der ëffentlecher Funktioun schaffen, musse sech verflichten, Lëtzebuergesch ze léieren an iwwert e kontrolléierten an zäitlech festgeluechte Stufesystem hir Sproochkenntnesser konstant ze verbesseren an ze verdéiwen. Dëst gëtt iwwert e Sproochentest gepréift, an nëmme wien dësen Test packt, kann definitiv an d’ëffentlech Funktioun opgeholl ginn.

D’ADR ass géint en Ausgliddere vu souveräne Funktiounen u privat Acteuren, esou ewéi et z.B. mat der Kontroll vum Lëtzebuerger Loftraum um Findel probéiert gouf.

Qualitéit an der ëffentlecher Funktioun

D’ADR ass fir eng qualitativ héichwäerteg ëffentlech Funktioun. De politesch verschëlte Verfall vum Niveau vun de Lëtzebuerger Schoulen, dee sech iwwer déi lescht Joerzéngte konstant verschlëmmert huet, féiert dacks zu schlechte Resultater bei de Staatsexamen. Mir sinn dogéint, den Niveau vum Staatsexamen erofzesetzen, well mir fir gutt Qualitéit am ëffentlechen Déngscht plädéieren. Anscheinend soll de Staatsexame just nach iwwer Computer gemaach ginn. An deem Fall analyséiert mir ob d’Ufuerderunge an d’Wierksamkeet vum Test eisem Qualitéitsusproch un de Staatsdéngscht nach entspriechen.

D’ADR léisst de Rekrutement vun enger Rei Karriären nees iwwert d’Arméi lafen, sief dat iwwert e System vun Exklusivitéit, vu Prioritéit oder vu Quoten. D’Zaldote sollen optimal op déi Karriäre virbereet ginn, wouzou och en ausbaufäege Militärlycée bäidroe kann. Dës Moossnam soll mathëllefen, déi aktuell Rekrutéierungsproblemer bei der Arméi ze reduzéieren.

Neen zum aktuelle Bewäertungssystem

D’ADR ass géint den aktuelle Bewäertungssystem an der ëffentlecher Funktioun. Mir sinn iwwerzeegt, datt dee System a verschiddenen Administratiounen iwwerhaapt net  fonctionnéiere kann, an aneren nëmme ganz schwéier, an datt en allgemeng d’Aarbechtsklima tëschent de Mataarbechter belaaschte kann. Donieft gëtt et och de Risiko vun enger Politiséierung vum ëffentlechen Déngscht.

D’ADR ass géint all iwwerflësseg Bürokratiséiserung vum ëffentlechen Déngscht, z.B. duerch eng „gestion par objectifs”. Mir mengen et eescht mat der administrativer Vereinfachung. De Staatsapparat soll sech ëm den Déngscht um Bierger këmmeren, ouni sech ze vill mat sech selwer mussen ze beschäftegen.

Punktuell Ännerungen am Statut

D’ADR ass fir e staarke Statut, deen de Fonctionnaire effikass schützt an d’Neutralitéit vum ëffentlechen Déngscht garantéiert. D’Méiglechkeet vun der Entloossung „ad nutum” vu verschiddene Beamten – baussent dem droit commun” – ass net akzeptabel. Et muss zu enger méi generéiser Handhabung vun der protection du fonctionnaire” kommen.

Mir sinn ëmmer bereet, Ongerechtegkeeten oder sougenannte Härtefäll“ ze verbesseren, egal ob dat Eenzelfäll betrëfft oder Karriären. Eng Zwangsharmoniséierung vun alle Karriäre beim Staat, beispillsweis beim Stage, ass weder sënnvoll nach néideg.

D’ADR ass dowéinst och bereet, déi aktuell Reegelung vum „Stage” ze iwwerdenken, an de Stage deene reelle Besoinen an deene verschiddene Karriären unzepassen. D’Qualitéit vun der Ausbildung ass dobäi eng vun den éischte Prioritéiten.

Den ëffentlechen Déngscht muss och finanziell attraktiv bleiwen. Dëst gesi mir am Kader vun enger méi genereller Approche, an där ëmmer och déi budgetär Méiglechkeeten an d’Interessie vun der Allgemengheet mat berécksiichtegt ginn.

Ëffentlech a privat mateneen

D’ADR ass fir e Matenee vum ëffentlechen a private Secteur an net fir e Géinteneen. Déi zwee Secteuren droe jiddereen zum gudde Fonctionnement an zur allgemenger Entwécklung vun eisem Land bäi. De Problem vun der héijer Attraktivitéit vum Staat – a verschiddene Karriären, Beruffer an Alterskategorien – am Verglach zum private Secteur, ass reell. Et kann an eisen Aen net sinn, datt Leit, déi de private Secteur mat vill Méi an héijem personellen a finanziellen Asaz ausgebilt huet, duerno léiwer beim Staat an dacks och nach a manner qualifizéierte Beruffer schaffen. Dëse Problem huet vill Facetten, vun deenen d’Akommes vun de Stagiairen eng ass. Och muss een déi reell Responsabilitéiten an d’Tâchë vun de Stagiairë mat berécksiichtegen.

Fir hei zu enger Léisung ze kommen, wäert d’ADR dëse Problem an all senge Facettë mat béide Secteuren diskutéieren. Dobäi mussen déi wuelverstanen Intressie vu béide Säite berécksiichtegt ginn.

 

23.Gesond Staatsfinanzen 

Als eent vun de klenge Länner aus der Eurozon ass Lëtzebuerg op gesond Staatsfinanzen ugewisen, fir nëmmen ni an eng Situatioun ze kommen, an där europäesch Institutiounen eis Wirtschafts- a Sozialpolitik diktéieren. Mee de Budget vun eisem Zentralstaat weist och a Jore mat strammem Wuesstem Defiziter op. D’Investissementer, déi de Wuesstem no sech zitt, si bei wäitem méi héich ewéi d’Recetten, déi dëse Wuesstem dem Land bréngt.

De Budget am Gläichgewiicht

Bei enger gudder wirtschaftlecher Konjunktur, stellt d’ADR nëmmen equilibréiert Staatsbudgeten op a mécht keng nei Schold. Dofir ginn ënnert anerem op onsënneg Ausgaben an d’Ausland verzicht. Dorënner falen z.B. Iwwerweisungen, fir „statistesch“ eisen CO2-Ausstouss ze verklengeren oder un allerhand international „Institutiounen“, un déi Lëtzebuerg proportional, an zum Deel an absoluten Zuelen, vill méi bezilt ewéi aner räich a méi grouss Länner.

D’ADR finanzéiert den „Zukunftsfong“ och net iwwert Emprunte, wat souwisou kee Sënn mécht. Den Zukunftsfong gëtt bäibehalen, awer exklusiv mat eventuellen Iwwerschëss vun de Konte finanzéiert, esou ewéi mat aussergewéinleche Recettë vum Staat (z.B. wa Fiat oder Amazon hir Steiere missten nobezuelen, beim Verkaf vu staatleche Bedeelegungen u Firmen, asw.).

Den ordinäre Budget muss prioritär op de Beräich vun der Sécherheet, der Schoul an der Gesondheet konzentréiert ginn. D’ADR hält d’Fonctionnementskäschten an den anere Beräicher op engem nidderegen awer gesonden Niveau a gräift d’Méiglechkeete vun der Digitaliséierung op, fir de Staat méi effikass ze maachen.

D’Investissementer gi prioritär fir d’Beräicher Logement, Mobilitéit, Schoul a Gesondheet agesat. Bei gréisseren Ausgaben, fir déi e Spezialgesetz verlaangt ass, kann de Rechnungshaff sech selwer saiséieren an e Bericht iwwert d’Käschten-Notzen-Relatioun vum Projet maachen. Esou Berichter ginn ëffentlech gemaach, ouni datt d’Chamber un esou en Avis gebonnen ass.

Keng Steiererhéijungen

Mat der ADR gëtt et weder nei Steieren oder Taxen nach Erhéijunge vun deeneselwechten. Mir féieren och keng Steieren, Taxen oder Accisen an, déi d’Leit „erzéien“ sollen, fir hir Liewensgewunnechten ze änneren (z.B. eng Tax um Zocker a Fett oder um Zocker- a Fettgehalt vun Iesswueren, asw.).

D’Steiertabell gëtt reegelméisseg un d’Inflatioun ugepasst. Den ënneschte Palier vun der Steiertabell gëtt esou festgeluecht, datt keng Steieren um Mindestloun ufalen a gëtt reegelméisseg un d’Erhéijunge vum Mindestloun ugepasst.

D’ADR passt d’Steierklass 1a esou un, datt déi Ongerechtegkeeten ofgeschaaft ginn, déi duerch d’Reklassement vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1 – ënnert anerem fir Wittleit a Leit, déi een oder méi Kanner a Charge hunn – entstane sinn.

Déi verschidde Steierabattemente ginn analyséiert. Grondsätzlech sollen déi Abattementen, déi mat der Mobilitéit, der Kannererzéiung, dem d’Energiespueren, der Haftflicht a mat Zousazassurancë fir Gesondheet an e Steierkredit ëmgewandelt ginn, fir all Bierger gläich ze behandelen a fir och Leit, déi kaum Steiere bezuelen, integral vun deene Begënschtegunge profitéieren ze loossen.

D’ADR hëlt sech der Besteierung vun de „Stock options“ un. D’Modalitéiten heivu mussen iwwerschafft ginn, dëst fir Abusen ze verhënneren, a Revenuen, déi net a Relatioun mat enger Grënnung vun enger Gesellschaft („Start-Up“) stinn, mussen integral besteiert ginn.

D’ADR léisst d’Tauxe vun der Ierfschaftssteier ewéi si sinn, a féiert och keng Ierfschaftssteier an „éischter Linn“ an.

D’ADR schaaft d’Grondsteier (impôt foncier) of an ersetzt dës duerch eng adequat Steier op Bauland dat brooch läit. Terrainen, déi de Proprietär fir seng Kanner „reservéiert“ huet (een Terrain pro Kand), si vun dëser Steier net betraff.

De Formulaire vun der Steiererklärung gëtt vereinfacht, besonnesch den Deel, deen d’Scholdzënse betrëfft.

Bei der Besteierung vu Betriber muss d’Stabilitéit an d’Transparenz op länger Zäit Prioritéit hunn, dëst esouwuel fir d’Tauxen ewéi fir déi verschidde Bestëmmungen (z.B. fir d’Ofschreiwung, d’Investissementer, d’Ofsetze vu Fraise fir R&D, asw.).

Bei der Besteierung muss, am Verglach mam Ausland, op d’Kompetitivitéit vun de Lëtzebuerger Entreprisë geuecht ginn. Dobäi muss opgepasst ginn, datt ze grouss Avantagen net deen onmoossege Wuesstem hei am Land weider fërderen, andeems „auslännesch“ Entreprisen nach méi staark ugezu ginn. Selbstverständlech däerfen dës als nei Betriber och keng gréisser Avantagen op agesiesse Betriber kréien.

Den „Taux d’affichage“ bei der Betribsbesteierung muss dem internationalen a speziell europäesche Kontext Rechnung droen, fir datt Lëtzebuerg als Standuert konkurrenzfäeg bleift. Déi kommunal Gewerbesteier (impôt commercial communal) gëtt fir d’ganzt Land harmoniséiert a fënnt sech am „normalen“ Steiersaz vun de Betriber erëm. D’Reform vun der Betribsbesteierung gëtt esou ausgeluecht, datt dës Steierrecettë stabel bleiwen.

D’Steierverwaltunge kréien déi néideg Mëttelen, fir eng Rei Virgäng ze automatiséieren, an esou méi Personalressourcen op de Steierbedruch an d’Anzéie vu fällege Steieren ze konzentréieren.

 

24.D’Gemenge stäerken 

Fir d’Bierger ass d’Gemeng den éischten Uspriechpartner am Ëmgang mat den Administratiounen an de politeschen Instanzen. Vill Entscheedungen sinn och am beschten op Gemengenniveau ze huelen. Dowéinst verdeedegt d’ADR d’kommunal Autonomie, esou ewéi si an der Verfassung verankert ass.

Och bei den Themen, déi eng national oder esouguer iwwerregional Bedeitung hunn, ewéi z.B. d’Landesplanung, de Waasserschutz oder d’Mobilitéit, sinn d’Gemenge fir eis e wichtegen, wäertvollen a kompetente Partner, deen an allen Diskussiounsphase muss agebonne ginn.

An enkem Dialog vun de Gemengen mam Staat gëtt en Inventaire gemaach, an deem déi respektiv Kompetenze kloer festgehale ginn. Op dëser Basis vun de respektive Kompetenze ännere mir dat rezent Gesetz iwwer d’Gemengefinanzen, ënnert anerem fir d’Nodeeler vun de klenge Gemengen an de grousse Landgemengen ofzeschafen. D’Gemengefinanze ginn der Kontroll vum Rechnungshaff ënnerstallt, an dëse kritt déi néideg Mëttelen dofir.

D’ADR zwéngt keng Gemengen – besonnesch net déi kleng – zu enger Fusioun, andeems hir finanziell Ressourcen ageschränkt ginn, an ass nëmme fir fräiwëlleg Fusioun tëscht gläichberechtegte Partner. Mir stellen all Gemeng op d’mannst déi Mëttelen zur Verfügung, datt si e Gemengesekretär, e Receveur an e Gemengentechniker Vollzäit beschäftege kann.

Nieft der Fusioun ënnerstëtze mir d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen iwwert de Wee vu Gemengesyndikater an ähnleche Konzepter (nom Beispill vun der Nordstad oder Pro-Sud). Et muss awer sécher gestallt sinn, datt dës Syndikater déi néideg Transparenz géintiwwer dem Bierger garantéieren, an datt all gréisser finanziell Operatioune vun de betraffene Gemengeréit autoriséiert ginn.

D’ADR ass fir méi Biergerbedeelegung an de Gemengen. D’Modalitéite, fir e lokale Referendum op Initiativ vun de Bierger ze organiséieren, gi vereinfacht: de Referendum muss ofgehale ginn, wa 15% vun de Bierger, déi op der Wielerlëscht ageschriwwe sinn, dëst fuerderen. D’Asammele vun den Ënnerschrëften zu deem Zweck wäert iwwer Internet an op Pabierlëschten organiséiert ginn.

 

25.Sport 

Héichleeschtungssport

Lëtzebuerger Héichleeschtungssportler droe vill zum Numm vu Lëtzebuerg am Ausland bäi. Zu enger adequater Fërderung  vum Lëtzebuerger Sport op héijem Niveau, gehéiert fir d’ADR an éischter Linn déi néideg Ënnerstëtzung vum Sportslycée, den Zenter fir héich Performancen an der Coque an d’Weiderféierung vun der Sportsektioun vun der Arméi.

D’ADR ënnerstëtzt d’Lëtzebuerger Participatiounen am Ausland, z.B. un Olympiaden an un de Spiller vun de klenge Länner. Nieft dem Elite-Kader soll de Promotiouns-Kader vum COSL esou ausgebaut ginn, datt de sportlechen Nowuess esou fréi ewéi méiglech ënnerstëtzt gëtt. Et gëtt och e Kader, Fërderung an Trainer fir d’Sportler bei de „Para-Olympics“.

Mir féiere kloer definéiert Kritären an, no deenen eenzel Sportler oder Ekippen, déi international op héijem Niveau untrieden, finanziell gesponsert ginn, z.B. iwwert den nationale Logo.

Fir d’Dopping-Phänomen ze bekämpfen, verlaangt d’ADR datt d’Lëtzebuerger Sportler virbildlech sinn. Wann a leschter Instanz Sanktiounen géint gedoppte Sportler  ausgeschwat ginn, verléieren dës hir staatlech Hëllefen.

Fir der Korruptioun op internationalem Niveau en Enn ze setzen, sollen d’Lëtzebuerger Regierung, de COSL an d’Lëtzebuerger Vertrieder an internationale Verbänn sech dofir asetzen, datt d’olympesch Spiller ëmmer a Griicheland ofgehale ginn.

Breedesport

D’ADR kuckt och op de Breedesport an allen Altersklassen. Dësen ass e wichtege Bestanddeel vun enger gudder Gesondheet an hëlleft besonnesch bei villen Zivilisatiounskrankheeten. Breedesport ass och e gutt Mëttel, fir d’Integratioun vun auslännesche Matbierger ze erliichteren an d’sozial Kohäsioun ze stäerken.

Vun de Crèchen iwwert de Precoce an d’Grondschoul bis hin an de Lycée mussen adequat Programmer ugebuede ginn, déi de Kanner, de Schüler an dem Alter ugepasst sinn. D’Personal – Educateuren an Enseignanten – mussen iwwert déi néideg Formatioune verfügen, fir allgemeng Sport a Beweegung kënnen unzebidden, an et muss och vun der Primärschoul u kënnen op spezialiséiert Personal (Sportseducateur, Turnproff, Schwammeeschter, asw.) kënnen zréckgegraff ginn.

All Lycée muss iwwert déi néideg Infrastrukture verfügen, fir de Sport esouwuel an enger Hal ewéi och dobausse kënnen auszeüben. D’Kanner an d’Schüler sollen an der Schoul an am Kader vun der „non-formaler Bildung“ („Maison relais“, Vakanzenaktivitéiten), och mat méiglechst ville Sportaarten a Kontakt kommen.

Federatiounen a Sportveräiner

All national Federatioun soll wéinstens iwwer eng national Infrastruktur matbestëmmen, an där „hir“ Sportler – och schonn a fréie Joren – ënner optimale Konditiounen trainéiere kënnen. Bei entspriechenden, och international wettbewerbsfäege Leeschtunge subventionéiert de de Sportsministère e professionellen nationalen Trainer. Dëst geschitt nodeems sech mam COSL berode gouf, woubäi och net-olympesch Sportaarte berécksiichtegt ginn.

D’Federatioune ginn och ënnerstëtzt fir Verwaltungspersonal kënnen anzestellen, dëst an engem Ëmfeld, an deem den administrativen Opwand ëmmer méi grouss gëtt.

Mat der ADR kréien d’Federatiounen an d’Veräiner besser Infrastrukturen an e méi generéise staatleche Finanzement fir hiert Engagement, speziell och fir d’Aarbecht mat der Jugend, ze fërderen an ze honoréieren. Déi sozial Dimensioun vum Sport ass net ze ënnerschätzen a verdéngt dowéinst d’Ënnerstëtzung duerch d’ëffentlech Hand.

26.Kultur 

Méi attraktiv duerch Kultur

D’Kultur verbënnt an ass e wesentleche Bestanddeel vun der gesellschaftlecher a sozialer Kohäsioun vun all Land. Si ass domat net nëmmen d’Affär vum Kulturministère, mee och vun enger gesonnter Allgemengbildung, an där eis Geschicht, eis Wuerzelen an eis Wäerter, mee och d’geeschteg Kreatioun vun eisem europäesche Kulturraum net däerfe feelen.

Fir d’ADR ass et eng vun der Kulturpolitik hire prioritären Aufgaben, déi Lëtzebuerger Kultur ze fleegen, ze fërderen, méi bekannt ze maachen a si un déi nächst Generatioune weiderzevermëttelen. Wat kulturell Evenementer ugeet, muss eng héichwäerteg  Offer bestoen, fir d’Attraktivitéit vum Land fir den Tourismus ze vergréisseren a senger Roll als Wirtschaftsmetropol gerecht ze ginn.

D’ADR versprécht eng Verduebelung vum Kulturbudget. Dës Sue sinn net nëmme fir eenzel representativ Evenementer, mee ginn an d’Qualitéit vun der Offer an an Inhalter investéiert. Et geet nämlech net duer, deier Gebaier an Infrastrukturen ze hunn. Et kënnt op d’Inhalter un.

Zu den Zoustännegkeete vum Kulturministère gehéieren awer och d’Konscht an d’Kultur, déi hei am Land geschaf ginn a goufen, an e Kulturbetrib, deen et erlaabt, un nationalen an internationalen Evenementer vu Wäert deelzehuelen. Dofir ënnerstëtzt d’ADR d’Lëtzebuerger Präsenz mat eegenem Pavillon bei internationalen Ausstellungen an och de Projet „Europäesch Kulturhaaptstad Esch 2022“.

Och wann d’Roll vu Lëtzebuerg, eis Wirtschaftskraaft an -ausstralung an den Tourismus no internationalen Evenementer verlaangen, déi d’Opmierksamkeet weider op eist Land zéien, musse Lëtzebuerger Kënschtler an hir Wierker och heiheem kënne präsent sinn. Selbstverständlech engagéiert d’ADR sech, fir hinnen och international mat Tournéeën, Ausstellungen, Stänn asw. méi Präsenz ze sécheren.

Lëtzebuerger Ensembele solle grad ewéi eenzel Kënschtler gefërdert ginn. Eist Aemierk läit do um OPL, dem Orchestre de Chambre (OCL), der Chouermusék an all aner Formatioune mat héijem Niveau aus alle Sparten. D’Jeunesses musicales, fir déi Jonk u klassesch Musek erunzeféieren, ginn an aktualiséierter Form nees agefouert.

D’ADR verbessert och de Statut vum professionelle Kënschtler, fir dëse materiell besser ofzesécheren. De „Congé culturel“, ewéi en am Gesetz vu 1994 stoung, gëtt nees agefouert.

Kultur a Konscht si fir jiddereen. Mir passen op, datt sozial Moossnamen, besonnesch fir Kanner mat engem méi schwaache sozialen Hannergrond, esou wäit ewéi méiglech den Accès zur Kultur (kulturellen Evenementer, Visitten a Coursen) esou einfach ewéi méiglech maachen. Een Deel vum Kulturbudget gëtt dofir virgesinn.

Kultur huet e Wäert, deen net nëmmen a Sue gemooss gi kann. Et kann net sinn, datt de Budget als Ausried geholl gëtt, fir eng historesch Ausstellung, eng grouss Orchestertournée oder d’Existenz  vun engem Ensembel net ze sécheren.

Muséeën

D’ADR proposéiert, d’Muséeslandschaft weider auszebauen. De Policemusée, de Postmusée, de Musée vun de Rettungsdéngschter, vun der Aviatioun an aner Projete falen hei drënner. Et geet net nëmmen ëm adequat Ausstellungsraim a -flächen, mee och ëm konservatoresch Hëllef fir gréisstendeels privat Sammler. Och e Planetarium mat enger Plaz fir Weltraumtechnologie a -wëssenschaft, an Zesummenaarbecht mam Naturhistoresche Musée an dem „Space Cluster”, gehéiert zu eisen Iddien.

Konscht fir jiddereen

Weider ass d’ADR dovun iwwerzeegt, datt Konscht fir jiddereen an all Alter muss zougänglech sinn, esouwuel passiv ewéi och aktiv. Heibäi kënnt de Gemengen eng besonnesch Roll zou, woubäi de Staat regional Institutiounen a Manifestatiounen (z.B. Kulturzentren, Museksschoulen, Konschtakademien, asw.) ënnerstëtzen däerf a soll.

Eng besonnesch Aufgab vun de Gemengen ass et, iwwert hir eege kulturell Offer eraus, de Leit déi grouss national Kulturinstituter méi no ze bréngen an den Transport dohin ze erliichteren. Och Lëtzebuerger Kënschtler, déi sech national an international ervirgedoen hunn, sollen an de Gemengen eng Bühn fannen, fir datt hiert Schafe méi groussen Deeler vun der Bevëlkerung zougänglech gëtt.

Den Accès a Muséeën, op historesch Sitten, a Bibliothéiken an aner kulturell Institutioune soll esou einfach ewéi méiglech sinn. Nieft der „Luxembourg Card“, déi sech an éischter Linn un Touristen adresséiert, fuerdert d’ADR d’Aféiere vun engem kulturelle Pass zu engem verstännege Präis fir all Resident, an deen d’ganzt Joer gülteg ass. Fir Kanner a Jugendlecher bis 25 Joer soll dëse kulturelle Pass gratis sinn.

D’Iwwersetze vun auslännesche Wierker op Lëtzebuergesch gëtt ënnerstëtzt grad ewéi och d’Iwwersetze vu lëtzebuergesche Wierker an aner Sproochen. Internetsitten am kulturelle Beräich, Beschrëftungen, Muséeën asw. ginn ëmmer och op Lëtzebuergesch ugebueden.

Erhale vum historesche Patrimoine

D’ADR hält drop, datt de Staat an d’Gemenge sech nees besser ëm den historesche Patrimoine këmmeren. D’Gesetz vum 18. Juli 1983 iwwert den Erhalt an de Schutz vun de Sitten a Monumenter gëtt iwwerschafft. Dëst, fir méi Kategorië vu schützenswäerte Plazen, Gebaier an Denkmäler ze definéieren, a fir Privatleit an Entreprisë besser ënnert d’Ärem ze hëllefen, wann dës hire Besëtz reegelkonform erhalen. Dat neit Gesetz soll och Prozedure festleeën, fir séier agräifen ze kënnen, wann e schützenswäerten Objet a Gefor kënnt. Esou eng Prozedur muss awer séier a kloer sinn. Si kann net Proprietären hir Projeten ënnerbannen, ouni kloer Verbesserungsvirschléi ze maachen, an e privat Gebai quasi beschlagnamen a fir de Gebrauch onméiglech maachen.

Fir méi e wierksame Schutz ze erreechen, fuerdere mir méi Personal a méi finanziell Mëttelen fir de „Service Sites et Monuments“ an den „Centre National de Recherche Archéologique“. Vereenegungen, déi sech privat fir eise Patrimoine engagéieren, sollen eng berodend Funktioun bei dësen Institutioune kréien. Privat Vereenegungen, déi sech dacks zënter Joerzéngten ëm eise Patrimoine verdéngt maachen, sollen net nëmmen a Berodunge vun deenen zwou Institutiounen hir Meenung kënne soen, mee och déi néideg Mëttele kréien, fir hiert Uleies an hir Aarbecht dem breede Publikum bekannt ze maachen.

Mir fuerderen dozou, datt de breede Publikum reegelméisseg Accès kritt, fir original Artefakte besichtegen ze kënnen. Fir d’ADR ass et kloer, datt an de Muséeën an op aner kulturelle Plazen d’Kopien och als Kopië mussen presentéiert sinn.

D’ADR fuerdert, datt historesch wäertvoll Bicher, Biller, Skulpturen, asw. nom leschte Stand vun der Wëssenschaft erhalen, archivéiert, wa méiglech digitaliséiert, an ënner beschtméigleche Konditioune stockéiert ginn. Dobäi muss den intresséierte Publikum awer den Accès op dës Dokumenter behalen. D’ADR setzt sech dofir an, datt wäertvoll Konschtwierker, déi zu Lëtzebuerg hiergestallt goufen (z.B. Manuskripter aus der Iechternacher Abtei, Biller a Skulpture vu Lëtzebuerger Kënschtler, asw.), opkaaft ginn – sollte si um Konschtmaart ugebuede ginn.

Och historesche Gefierer – vum Privatauto bis zur Dampmaschinn – sinn et derwäert, geschützt an erhalen ze ginn. Mir plangen de Bau vun engem Musée fir „ëffentlech“ Gefierer, Uniformen, asw. vun der Gendarmerie, der Police, der Douane, de Pompjeeën, der Post an dem ëffentlechen Transport.

Zäitzeie vum Zweete Weltkrich ginn ëmmer méi rar. Et gëllt ganz besonnesch d’Erënnerung un d’Schrecke vun der Nazi-Occupatioun an de Widderstand vun de Lëtzebuerger wakereg ze halen. Fir d’ADR steet fest, datt dëst eng Aufgab fir d’ganz Gesellschaft muss sinn, an net op e klenge Grupp vun Akademiker däerf beschränkt ginn. Mir fuerderen, datt dës Erënnerung ganz besonnesch an der Schoul déi néideg Stellung kritt.

 

27.Tourismus 

„… mir wëllen Iech ons Heemecht weisen“

Mat der ADR gëtt den Tourismus net nëmmen nees e Pilier vun eiser Ekonomie, fir Aarbechtsplazen ze schafen. Hien hëlleft och, Lëtzebuerg international méi bekannt ze maachen (Nation Branding).

Fir dat ze erreechen, kritt den Tourismus nees en eegene ministerielle  Ressort. Tourismusbüroen („Luxembourg for Tourism“, ORTen a lokal Syndikater) kréien déi budgetär Mëttelen, déi si brauchen, fir gutt ze funktionéieren.

Si sollen déi vill Schéinheete vum Land besser bekannt maachen, awer och d’Naturparken an d’Sitten, déi vun der Unesco (Unesco World Heritage) besonnesch ausgezeechent gi sinn, also d’Festung Lëtzebuerg an den ale Stadzentrum, d’Fotosausstellung „The Family of Man“ an d’Iechternacher Sprangprëssessioun. D’ADR ënnerstëtzt aktiv d’Bestriewungen, besonnesch d’Naturparken am Süde vum Land, wou fréier Eisenäerz ofgebaut gouf, endlech an den MAB-Programm (Man and the Biosphere) vun der Unesco opgeholl ze kréien.

Hir Aufgab ass et awer och, fir all aner Facette vum Tourismus Reklamm ze maachen an d’Infrastrukturen auszebauen an ze verbesseren. Dobäi solle si Zilgruppen (Sportler, Motorradsfuerer, Leit mat spezielle Bedierfnesser, Reider asw.) definéieren an deenen hir Bedierfnesser berécksiichtegen. Esou kéinte si Weeër ariichten a promouvéieren, wou een am Päerdssuedel d’Land entdecke kann. De Marketing vun eisem Tourismus gehéiert op international Foiren. Mee och eis Ambassaden am Ausland kënnen dozou bäidroen. Dofir soll eist Informatiounsmaterial och an esou vill Sproochen ewéi méiglech iwwersat ginn. Och national musse grouss Plakater verstäerkt op d’Schéinheete vum Land a senge Regiounen hiweisen, schonn do, wou d’Gäscht ukommen, also op Garen, um Findel, op Autobunnstankstellen an op de Grenzen. Den nationalen Tourismusbüro soll um Findel an an der Gare Lëtzebuerg present sinn.

D’ADR féiert och d’Fënnefjorespläng weider, fir d’Hotelsinfrastrukturen ze verbesseren. Hei sinn net nëmme 5-Stären-Haiser wichteg, mee och kleng a méi käschtegënschteg Iwwernuechtungen. Bei zouenen Hoteller soll prioritär gekuckt ginn, fir si nees a Gebrauch ze huelen, amplaz si fir aner Zwecker ze gebrauchen.

Groussprojeten, déi international eis touristesch Attraktivitéit géingen erhéijen, ewéi z.B. e Fräizäitpark, sollen net onnéideg Schwieregkeete gemaach kréien, wa si nohalteg geplangt sinn.

D’ADR reegelt gesetzlech, datt net iwwer Internet-Plattformen, déi Zëmmere verlounen, den Hoteller deloyal Konkurrenz gemaach gëtt.

Tourismus fir een Dag

Vill Touristen op Pauschalreesen oder op der Duerchrees sinn nëmme fir een Dag am Land. Si däerfe besonnesch bei den Infrastrukturen net vergiess ginn (Busparkinger bei Sehenswierdegkeeten, Laangzäitparkinger mat Ariichtunge fir Chaufferen an hir Passagéier (Toiletten, Duschen, kleng Restauratioun asw.). Dës Zilgrupp muss z.B. mat guddem Informatiounsmaterial fir d’Land intresséiert ginn, fir méi laang Vakanz hei ze maachen.

Kultur-, Business- a Kongresstourismus

Professionell top organiséierte Kultur-, Business- a Kongresstourismus ass e weidere Schwéierpunkt, deen d’ADR fërdere wëll. Hei spillt d’kulturell Offer an adaptéiert Begleetprogrammer eng wichteg Roll. „Luxembourg Congrès“ soll dofir déi néideg Mëttele kréien.

… wat „mir esou déif an onsen Hierzer droen“

Eng Zilgrupp däerf net vergiess ginn: d’Lëtzebuerger, d’Residenten an déi Leit, déi hei am Land schaffen. Den Tourismus heiheem muss méi intressant gemaach ginn. Auslännesch Matbierger oder Frontaliere sollen d’Land net op d’„Finanzplaz“ reduzéieren. Si musse besser informéiert ginn. All touristesch Offer mussen och fir si zougänglech sinn, an dëst zu gënschtege Konditiounen. Och Iwwernuechtungen hei am Land, eventuell baussent der Tourismussaison, solle fir Residente bekannt an attraktiv gemaach ginn.

28.Baussepolitik 

Groussregioun

D’ADR ass sech bewosst, datt den ekonomeschen Afloss vu Lëtzebuerg op den Aarbechtsmaart, d’Mobilitéit an deelweis op d’Wunnengspolitik iwwer d’Grenze vum Land erausgeet, an datt dowéinst eng enk Zesummenaarbecht mat eisen Nopeschregiounen immens wichteg ass.

Mir stellen awer fest, datt d’Groussregioun, esou ewéi si haut opgebaut ass, kaum fonctionnéiert, dem Bierger nëmme wéineg Plus-value bréngt a weder am Häerz nach an de Käpp vun de Leit ukomm ass. Dowéinst wäert d’ADR eng grouss Debatt mat allen zoustännegen Institutiounen féieren, fir d’Ziler an de Fonctionnement vun der Groussregioun nei ze definéieren.

D’Groussregioun muss kloer Kompetenze kréien, ganz besonnesch am Beräich vun der Mobilitéit, dem Waasserschutz (Our, Sauer, Musel, Kuer), der Gestioun vun den Offäll, der Energie an dem Amenagement vum Territoire. Mir suergen dofir, datt d’Gemengen iwwer d’Grenze eraus méi enk zesummeschaffe kënnen an interkommunal Syndikater grënnen däerfen.

Europa

An dësem nationale Walprogramm fir d’Chamberwalen 2018 sträiche mir nëmmen déi grondsätzlech Punkten ervir. Am Kader vun den Europawalen 2019 wäert d’ADR awer en detailléierte Programm iwwert d’Europapolitik virleeën

D’ADR ass Member vun der ACRE, d’Allianz vun de Konservativen a Reformisten an Europa, an erkennt d’Prinzipien aus der Deklaratioun vu Reykjavik un. http://www.acreurope.eu/#speaker_info)

Mir bekennen eis zur europäescher Integratioun a begréissen, datt d’Entwécklung vun der Gemeinschaft fir Kuel a Stol zur Europäescher Unioun 28 Länner an hir Awunner zesumme gefouert huet. Dat huet Europa eng laang Period vu Fridden am Respekt vun de Mënscherechter bruecht. Fir d’ADR muss d’Unioun en Zesummespill sinn, bei deem all Memberstaat seng voll Souveränitéit behält, ganz nom Konzept vum „Europa vun den Natiounen“ – ewéi de Generol De Gaulle et ausgedréckt hat.

D’ADR wiert sech mat alle Mëttele géint e federaalt Europa. Lëtzebuerg däerf net zu deem klengste „Bundesland“ vum „Vereenegten Europa“ ginn, mat enger, nom Verhältnes vun der Populatioun, minimaler Representatioun an den Institutiounen. Mir bestinn drop, datt Lëtzebuerg weiderhi vun op d’mannst 6 Deputéierten am Europaparlament representéiert gëtt a vu wéinstens engem Kommissär an der Europäescher Kommissioun. Aus enger vun der Regierung proposéierter Selektioun gëtt de Lëtzebuerger Kommissär iwwert e geheime Vott vun der Chamber gewielt. Mir sinn dogéint, datt d’Europadeputéierten iwwer supranational Lëschte gewielt ginn.

Mir si fir den Euro als gemeinsam Währung vun de Länner, déi dëse fräiwëlleg gewielt hunn an déi d’Kritären, déi als Basis fir dës Währung festgeluecht goufen, och respektéieren. Dobäi mussen déi demokratesch Prozesser an d’Kompetenze vun den nationale Parlamenter och an enger Währungsunioun erhale bleiwen. D’ADR verlaangt, datt fir eng eventuell Erweiderung vun der Eurozon strikt op ekonomesch Kritäre gekuckt gëtt. Et solle Méiglechkeete geschafe ginn, fir datt e Staat definitiv oder temporär aus der Währungsunioun austriede kann.

Fir d’ADR muss Europa eng méi grouss Roll an den Domäne vun der Verdeedegung spillen a seng Baussegrenze wierksam schützen. Et däerf net méi virkommen, datt een eenzegt Land wesentlech europäesch Bestëmmungen ausser Kraaft setzt, ewéi et bei den Accorde vun Dublin iwwer d’Migranten geschitt ass. Well dëst, ewéi déi rezent Vergaangenheet et gewisen huet, trotzdeem passéiere kann, muss och all eenzele Memberstaat d’Recht behalen, seng eege Grenzen ze schützen an ze iwwerwaachen.

D’ADR steet zu de Prinzipie vun den Accorde vun Dublin, déi d’Migratioun reegelen. Dat heescht, datt e Migrant, deen den internationale Schutz ufreet, dëst an deem éischte Land maache muss, dat hie betrëtt. Dobäi soll awer, zum Deel iwwert de Budget vun der Europäescher Unioun an eenzele Staaten, eng gewësse Solidaritéit mat deene Staate bestoen, déi vu staarken Immigratiounswelle betraff sinn. Och bei der Iwwerwaachung vun den europäesche Baussegrenze soll d’Solidaritéit vun alle Memberstaaten matspillen.

Mir ënnerstëtzen och déi europäesch Zesummenaarbecht vu Police a Justiz beim Kampf géint den Terrorismus an d’organiséiert Kriminalitéit.

Subsidiaritéit heescht fir d’ADR, datt all Land – also och Lëtzebuerg – säin eegene Gesellschaftsmodell wielen a behalen däerf (z.B. am Familljerecht, bei ethesch relevante Froen oder bei der Immigratioun asw.). D’ADR wiert sech, datt a wichtege Froen Entscheedungen majoritär géint aner Länner duerchgesat ginn. Mir fuerderen, datt wichteg Entscheedungen an Europa nees nom Modell vum „Kompromëss vu Lëtzebuerg“ geholl ginn, dat heescht mat der Unanimitéit, wann et ëm wesentlech national Interessie geet.

Subsidiaritéit heescht och, datt der Chamber an dem Land manner Gesetzer (europäesch Reglementer an Direktiven) vun uewen erof diktéiert ginn. D’ADR setzt sech dofir an, datt déi europäesch Legislatioun an och Traitéen, déi vun der Europäescher Unioun mat anere Länner a supranationalen Institutiounen ausgehandelt ginn, vun den nationale Parlamenter musse ratifizéiert ginn. D’Rechter vun den nationale Parlamenter musse bannent den europäeschen Institutiounen gestäerkt ginn. Bei der Normsetzung vun europäesche Richtlinne muss ëmmer de Prinzip „toute la directive, mee rien que la directive“ gëllen. Dowéinst wäerte mir virun europäesche Reuniounen déi betraffe Ministeren an d’Chamber ruffen, fir hinnen am Virfeld e kloren Optrag fir Verhandlungen an Entscheedungen ze ginn.

D’ADR ass géint eng ze vill grouss Harmoniséierung op alle Gebidder, ewéi Steier-, Sozial- a Budgetspolitik, well dëst mat der Gefor verbonnen ass, datt d’Steieren an d’Luucht ginn an op sozialem an ekonomeschem Plang no ënne géif nivelléiert ginn, wat ganz besonnesch fir Lëtzebuerg grouss Aschnëtter bedeite géif. Mir si géint eng eegen europäesch Steier, géint en europäeschen (oder en „Euro-“) Finanzminister a géint Finanztransferte bannent der Unioun oder der Eurozon, mat deenen déi „räich“ Länner Defiziter vu wirtschaftlech schwaache Länner ausgläiche missten. D’ADR ass fir Steiergerechtegkeet op internationalem Plang, also iwwer d’Europäesch Unioun eraus. Dëst zur Konditioun, datt et e „level playing field“ gëtt.

Bei weideren Transferte vun der Souveränitéit vum Nationalstaat un d’Europäesch Unioun oder bei Ännerunge vun den europäeschen Traitéë wäerte mir en nationale Referendum an d’Weeër leeden. Och fir eventuell nei Länner an d’Europäesch Unioun opzehuelen, muss iwwert en nationale Referendum ofgestëmmt ginn. Mir bleiwe weiderhi géint de Bäitrëtt vun der Tierkei.

D’ADR besteet drop, datt d’Lëtzebuerger Sprooch als eng vun den offizielle Sprooche vun Europa gëllt.

Mir setzen eis dofir an, datt déi europäesch Institutiounen, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn, an och hir Mataarbechter hei optimal Bedéngunge fannen.

Lëtzebuerg an der Welt

D’ADR strieft eng aktiv Baussepolitik un, fir d’Plaz an de Bäitrag zum Fridden vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an der Welt ze sécheren an ze verstäerken. Nieft dem Bekenntnis zur europäescher Integratioun sti mir zur voller Memberschaft vu Lëtzebuerg ënnert anerem am Europäesche Conseil, an der NATO, an der OSZE, an der UNO an an den Ënnerorganisatiounen vun de Vereenegten Natiounen.

D’Haaptzil vun der Lëtzebuerger Baussepolitik muss doranner bestoen, datt eis national Interessie konsequent a mat Erfolleg an der Welt verdeedegt ginn, dëst esouwuel op bilateralem Plang ewéi an der multilateraler Diplomatie. Mir setzen eis fir eng realistesch a glafwierdeg Baussepolitik an, déi den Dimensiounen, der Awunnerzuel an de Méiglechkeete vum Land ugepasst ass. Duerzou gehéiert d’Implantatioun vun eegenen Ambassaden a Länner, mat deene Lëtzebuerg wichteg Interessien deelt.

De Bausseminister huet an enker Zesummenaarbecht mam groussherzoglechem Haff, mat anere betraffene Ministèren, Promotiounsagencen (ewéi Luxinnovation) an de Beruffskummeren d’Baussepolitik am Déngscht vun der Wirtschaftsfërderung ze leeden. Dës Fërderung muss awer eenzeg an eleng dem „verantwortungsvolle Wuesstem“ déngen. Eng Proliferatioun vun Agencen, déi Lëtzebuerg no bausse vertrieden, wäerte mir vermeiden. Mir ënnerstëtzen d’Präsenz vu Lëtzebuerg mat engem eegene Pavillon op der Weltausstellung.

Doriwwer eraus muss d’Lëtzebuerger Baussepolitik folgend Ziler ënnerstëtzen: d’Stäerkung vun de Mënscherechter op der ganzer Welt; d’Anhale vum Vëlkerrecht; d’Solidaritéit mat den aarme Länner an deenen hiren Awunner; de Kampf géint den Terrorismus; d’Verbuet vun Antipersouneminen; de Kampf géint d’organiséiert Kriminalitéit; de Kampf géint d’Verbreedung vu Massevernichtungswaffen, d’Aféiere vu strenge Reegele fir den Waffenhandel.

Am Kader vun dësen Ziler setzt d’ADR sech a fir eng ausgeglache Baussepolitik mat enger konstruktiver Diplomatie an ouni ideologesch Prägung.

Prinzipiell si mir fir d’Anhale vun de bestoende Grenzen, souwuel an Europa ewéi an der ganzer Welt. D’ADR akzeptéiert de Prinzip vun der Selbstbestëmmung vun de Vëlker, esouwäit dëst ouni Recours op d’Gewalt geschitt. Mir si beonrouegt iwwer d’Instabilitéit am Oste vun Europa a setzen eis dofir an, datt dës Konflikter a Verhandlungen geléist ginn.  Mir sinn awer och der Meenung, datt wirtschaftlech Sanktioune géint Russland keen Erfolleg hunn an dowéinst sollen opgehuewe ginn.

D’ADR ass fir d’„Zweestaate“-Léisung am Konflikt tëschent Israel a Palestina. Dës Léisung muss d’Resultat sinn vun direkte Verhandlungen tëschent den zwou betraffene Parteien. Mir veruerteelen all Recours op d’Gewalt, fir dëse Konflikt ze léisen, sief dat op der Plaz selwer oder an aneren Deeler vun der Welt.

D’ADR ënnerstëtzt all Moossnamen, déi op internationalem Plang geholl ginn, déi zu enger Léisung am Konflikt tëschent de Sunnitten an de Schiiten bäidroen an esou endlech Rou an dës Regioune bréngen. Mir ënnerstëtze Verhandlungen an all Moossnamen, déi doraus ervirginn, fir eng Verbreedung vun Atomwaffen ze verhënneren. Dëst bezitt sech aktuell op Nordkorea an op den Iran.

D’Ressourcen an der Welt sinn net onendlech, an déi mënschlech Aktivitéiten däerfen der Atmosphär an dem Klimaschutz net schueden. Trotzdeem verfält d’ADR net an eng gréng Ideologie. Fir d’ADR ass d’Problematik ëm d’Exploitatioun vun natierleche Ressourcen an d’Reduzéierung vu Gasen, déi dem Klima schueden, eenzeg an eleng op Weltniveau ze léisen.  Mir ënnerstëtzen dowéinst déi international Konferenzen an Traitéen, déi op deenen Treffen ausgehandelt ginn.

Mir setzen eis awer dofir an, datt an esou Accorden, déi weltwäit oder europawäit ausgehandelt ginn, Lëtzebuerg keng Verflichtungen ageet, déi d’Land géigeniwwer anere Länner aus eiser direkter Noperschaft oder déi mat eis a Konkurrenz stinn, benodeelegt.

Nom Prinzip „pacta sunt servanda“ steet d’ADR zu den internationalen Handelsaccorden, déi a Kraaft sinn. Bei Accorden, déi a Verhandlung sinn oder spéider solle verhandelt ginn, besteet d’ADR op Reegele vu Fairness fir all Parteien, woubäi d’Interessie vun de „schwaache Länner“, hirer Ekonomie an hiren Awunner musse gewaart bleiwen. Bei all Accord, dee vun der europäescher Unioun verhandelt gëtt, mussen déi eenzel Memberstaaten agebonne ginn. International Handelsaccorden ënnerleien, nieft dem Accord vum Europaparlament, och  der Kompetenz vun den nationale Parlamenter a mussen dowéinst als Ganzt och der Chamber virgeluecht ginn. Eng provisoresch Applicatioun vun Deeler vun esou engem Accord duerch europäesch Institutiounen verfält, wann ee Memberstaat net d’accord ass.

Lëtzebuerg am Weltall

D’ADR ënnerstëtzt de Projet, an déi national Legislatioun, déi Lëtzebuerg a besonnesch Entreprisen, déi hei etabléiert sinn, et erlaabt, Ressourcen aus dem Weltall an Zukunft ze notzen. Dobäi gëtt sech op eis national Souveränitéit beruff, an et gi Kompetenznische gefërdert. D’ADR verdeedegt och an Zukunft dës Legislatioun weider um internationale Plang konsequent, wann eis Souveränitéit sollt vun anere Länner oder supranationalen Institutiounen a Fro gestallt ginn.

Mir fuerderen awer och, bei de Pläng fir Ressourcen am Weltall ze exploitéieren, datt esouwuel d’Entscheedungen ewéi och de finanzielle Risiko zum gréissten Deel bei der Privatwirtschaft leie muss. Den Asaz vun ëffentleche Gelder, sief et direkt aus dem Staatsbudget oder iwwer Finanzinstituter, déi dem Staat gehéieren, muss mat der néideger Virsiicht geschéien.

 

  1. 29.Entwécklungshëllef mat Häerz a Verstand 

Fir d’ADR ass d’Entwécklungshëllef e positive Wäert, wou et sech lount, datt d’Land a seng Bevëlkerung sech voll a ganz dran engagéiert. D’Entwécklungshëllef däerf dobäi awer net aus engem Katalog vu gudden Absichte bestoen. D’Politik däerf net den Androck entstoe loossen, ewéi wa Lëtzebuerg eleng d’ganz Welt rette kéint, an och an dësem Beräich mussen d’Ausgabe vu Steiergelder mat der néideger Suergfalt geréiert ginn.

D’ADR steet hannert der Fuerderung vum Weltsommet vu Rio aus dem Joer 1992, datt déi „räich“ Länner 0,7% vun hirem nationalem Bruttoakommes (RNB – Revenu national brut) fir déi ëffentlech Entwécklungshëllef (APD – aide publique au développement) asetzen. Mir wäerten all déi aner Industrienatiounen, a ganz besonnesch d’Memberstaaten aus der Europäescher Unioun, un dës Fuerderung erënneren. Um nationale Plang comptabiliséiere mir all déi ëffentlech Gelder, déi an d’Entwécklungshëllef fléissen, reell, fir de Prozentsaz ze rechnen, dëst no de Kritäre vum CAD (Comité d’aide au développement).

D’ADR steet fir eng ganz generéis humanitär Hëllef am Fall vu Katastrophen.

Kooperatiounspolitik

Ewéi schonn am Kapitel iwwer d’Asylfro, ënnersträicht d’ADR nach eemol, datt d’Kooperationspolitik an déi ekonomesch Zesummenaarbecht méiglech Instrumenter bei der Präventioun oder Gestioun vu Migratiounsbeweegunge si kënnen.

Mir féiere grondsätzlech d’Kooperatiounspolitik, esou ewéi si zënter Joerzéngte vun Lëtzebuerg praktizéiert gëtt, weider. Dëst berout ënnert anerem op der Definitioun vun enger Rei „Partnerlänner“ an op d’Subventiounen un ONGen a Veräiner ënnert de Konditiounen, déi vum „Cercle de Coopération des ONG“ opgestallt sinn.

D’ADR ass awer dofir, datt mëttel- a laangfristeg d’Entwécklungspolitik duerch eng fair Handelspolitik ersat gëtt. D’Plaz vun der Ekonomie am Kader vun der Entwécklungshëllef soll dowéinst progressiv méi grouss ginn.

Beim Choix vun de Partnerlänner muss d’Nout vun der Bevëlkerung, op Basis vun de Kritäre vum PNUD (Programme des Nations Unies pour le développement), als éischte Kritär gëllen. Fir d’ADR ass et och wënschenswäert, datt d’Regierunge vun de Partnerlänner d’Prinzipie vun enger gudder Gouvernance anhalen, d’Mënscherechter an déi demokratesch Prinzipie respektéieren.

D’ADR hält dobäi un den Ziler vun der Kooperatiounspolitik fest: Gesondheet, Educatioun a Formatioun, lokal Entwécklung a Microfinance.

Mir bannen d’Chamber vill méi enk an d’Decisiounen ëm d’Kooperatiounspolitik an, dëst och schonn am Virfeld bei Entscheedungen iwwert de Choix vu Partnerlänner a konkrete Projeten. All PICen (Programme indicatif de coopération) musse vun der Chamber ratifizéiert sinn, ier d’Kreditter deblockéiert ginn. D’Chamber gëtt reegelméisseg iwwert de Fortschrëtt vun de PICen informéiert, an et gëtt um Ënn vun der Period, iwwert déi de PIC leeft, e qualitativen a chiffréierte Bilan ënnerbreet.

D’ADR stellt de Rechnungshaff un, all gréisser Kreditter am Kader vun der Entwécklungshëllef ze kontrolléieren, esouwuel am Kader vun de PIDen (Programme indicatif de développement) , ewéi fir Gelder, déi un international Hëllefswierker iwwerwise ginn.

Mir stellen déi bilateral Gelder fir Entwécklungshëllef nëmme fir konkret Projete bereet, a gi keng finanziell Mëttele fir den allgemenge Staatsbudget vun Entwécklungslänner.

Humanitär Hëllef

D’ADR ënnerstëtzt all Hëllef, déi an Noutsituatiounen an anere Länner kann – a muss – geleescht ginn: bei Naturkatastrophen, Epidemien, Hongerkatastrophen, asw. Fir esou Urgencë musse jeeweils déi néideg Kreditter séier an onbürokratesch zur Verfügung gestallt ginn, dëst iwwer zouverlässeg international ONGen, Associatiounen, EU- an UNO-Agencen.

Do, wou et méiglech ass, soll och eng direkt an aktiv Hëllef um Terrain geleescht ginn, dëst mat Hëllef vu Lëtzebuerger Fräiwëllegen, Associatiounen an och Betriber. Mir schafen dofir e legale Kader, fir datt dës Leit iwwert de Staat korrekt verséchert sinn a verbesseren d’Bedingunge fir de Spezialcongé fir esou Missiounen.

D’Associatiounen a Betriber, déi sech hei am Land permanent op esou Asätz virbereeden (wéi zum Beispill d’Hondsstaffel vum Roude-Kräiz, „emergency.lu“), kréien dofir déi néideg Ënnerstëtzung. D’ADR wäert och de Militärfliger, d’Helikopteren, en eventuellen, zukünftege mobille Lazarett vun der Arméi a militäresch Kommunikatiouns- oder Observatiounssatellite fir esou Asätz notzen. Den Asaz vun Unitéite vun der Arméi a vun der Police an humanitären Operatioune soll grondsätzlech méiglech sinn.

Inhalt am Detail

 

D’Andeelung vun eisem Walprogramm

Virwuert vum President

1. Fir e verantwortungsvolle Wuesstem

De Constat

D’Propositiounen

2. Bezuelbaart Wunne fir jiddereen

Sozialwunnenge fir d’Locatioun

Hëllef fir den éischten Accès als Proprietär

D’Offer verbesseren

Normen, Prozeduren, Niewekäschten

3. Mobilitéit, e Ganzt fir jiddereen

Eisebunn

Tram

Bus

Fluchhafen

Stroossen, Autobunnen, Contournementen

Autoen a Motorrieder

Camionen

Duuss Mobilitéit

4. Lëtzebuergesch: d’Sprooch fir Integratioun a sozial Kohäsioun

En eegene Ministère fir Sprooch, Integratioun a Kultur

Fir eng wierklech Méisproochegkeet

D’Lëtzebuerger Sprooch an d’Verfassung

Unerkennung als offiziell Sprooch an Europa

Gutt Kenntnesser vun der Lëtzebuerger Sprooch, eng Konditioun fir d’Nationalitéit

D’Lëtzebuerger Sprooch am ëffentlechen Déngscht

D’Lëtzebuerger Sprooch am Gesondheets- a Fleegesecteur

D’Lëtzebuerger Sprooch op der Aarbecht

D’Lëtzebuerger Sprooch am Enseignement

Méi Lëtzebuergeschcoursen

D’Lëtzebuerger Sprooch an de Gemengen

Nimm vun Uertschaften, Stroossen, Gebaier…

5. FIR d’Famill heescht FIR d’Kanner

Bestietnes

Kanner- an Elteregeld

Crèchen

6. Schoulpolitik: Schluss mam „Nivellement vers le bas“

Méisproochegkeet allgemeng

Evaluatioun

Direktorat

Eng adequat Vertriedung vun Elteren a Schüler

Privat an International Schoulen

Inklusioun

Héichbegaabte Kanner

Schoulofbroch vermeiden

Zesummeliewen, Wäerter, Relioun

Léierpersonal

Schoulsport

Precoce

Spillschoul (aktuell Cycle 1 vun der Grondschoul)

Primärschoul (aktuell Cycle 2 bis 4 vun der Grondschoul)

Klassesche Lycée

Allgemenge Lycée (fréier: technesche Lycée)

Weiderbildung

7. Urgence fir d’Gesondheet

Präventioun

Den Dokter

Tiers payant

Apdikten a Medikamenter

D’Urgence an d’Maison médicale

D’Spideeler, Kannerklinik, d’Maternitéen

D’Psychiatrie

Ëmgang mat der Demenz

Palliativmedezin

D’Alternativmedezin

D’Gesondheetskeess

D’Patienten hu Rechter

8. Asylpolitik

Reform vum Openthaltsrecht

9. Naturschutz ouni Schikane fir Mënschen a Betriber

Naturschutzgesetz nobesseren

Déiereschutz

Naturparken a Reserven

Bësch an Holz

Juegd

Waasser

Kaméidi, Loft- a Liichtverschmotzung

10.Fir eng vernënfteg Klimapolitik ouni Angscht ze maachen

Op de Klimawandel virbereeden

Energieverbrauch reduzéieren

Erneierbar Energie

11.Agrarpolitik – eis Visioun

Masterplang fir d’Landwirtschaft

Ernährungspolitik a staatlechen Institutiounen

Wäibau

Beienziichter

12.Sozial Gerechtegkeet

Nee zur Aarmut!

ReVis eleng geet net duer

Eeler Matbierger

Liewen ouni Barrièrë fir Mënsche mat Behënnerung

13.Gutt vu senger Aarbecht liewen!

En Akommes, vun deem ee gutt liewe kann

De Chômage muss weider erofgoen

Sozial Ofsécherung amplaz vum Grondakommes

14.De Pensiounssystem laangfristeg ofsécheren

Kleng Korrekturen

Etüden an aktuariell Berechnungen

Zousazpensiounen

15.Prioritéit fir Lëtzebuerger Betriber

Kleng- a Mëttelbetriber

Horeca

D’Handwierk

Start-ups an „nei Ekonomie“

D’Konsumente schützen

Sozial a Solidarwirtschaft

Industrie

Finanzplaz

„Niewe“-Beschäftegungen

Sozial Verantwortung

Faillitten

16.Wëssen a Fuerschung: Wëssenschaftler eng nei Heemecht ginn

Uni Lëtzebuerg

Fuerschung zu Lëtzebuerg

17.De Staat: Jo zur konstitutioneller Monarchie

Verfassung: De Wieler soll entscheeden!

D’Regierung

D’Chamber

De Staatsrot

Referenden a Volleksinitiativen

D’Gemengen

18.De mëndege Bierger

Keng politesch Erzéiungsdiktatur

Meenungsfräiheet

Tubak, Alkohol, Drogen an…

Relioun: Fir de Choix!

19.Fra a Mann

Chancëgläichheet

Sexuell Identitéit

Prostitutioun

Schutz vum Liewen

Sexualerzéiung

Scheedungsgesetz a Familljerecht

20.Justiz: fir méi Gerechtegkeet

Méi Mëttele fir d’Justiz

Jugendrecht

De Prisong

Ombudsmann a Mediatioun

21.De Bierger schützen

D’Police

D’Douane

D’Arméi

22.En effizienten ëffentlechen Déngscht

Politesch neutral, schlank a flexibel

Staatsdéngscht fir lëtzebuergesch Staatsbierger

Qualitéit an der ëffentlecher Funktioun

Neen zum aktuelle Bewäertungssystem

Punktuell Ännerungen am Statut

Ëffentlech a privat mateneen

23.Gesond Staatsfinanzen

De Budget am Gläichgewiicht

Keng Steiererhéijungen

24.D’Gemenge stäerken

25.Sport

Héichleeschtungssport

Breedesport

Federatiounen a Sportveräiner

26.Kultur

Méi attraktiv duerch Kultur

Konscht fir jiddereen

Erhale vum historesche Patrimoine

27.Tourismus

„… mir wëllen Iech ons Heemecht weisen“

Tourismus fir een Dag

Kultur-, Business- a Kongresstourismus

… wat „mir esou déif an onsen Hierzer droen“

28.Baussepolitik

Groussregioun

Europa

Lëtzebuerg an der Welt

Lëtzebuerg am Weltall

29.Entwécklungshëllef mat Häerz a Verstand

Kooperatiounspolitik

Humanitär Hëllef

Inhalt am Detail