Den Auto iwwerwaacht säi Proprietär

Autoe mussen zukünfteg d’Fuerweis vun hirem Chauffer iwwerwaachen, wat dacks duerch eng extra Kamera geschitt. Wéi kann d’Regierung de Maschinnen souvills méi trauen, wéi den eegene Bierger, vun deenen se gewielt gouf an nees gär gewielt gëtt?

Eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Här President,

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Verkéiersminister weiderzeleeden.

Am Artikel “Vom Airbag-Sensor zur fühlenden Beinprothese”, deen den 10. Februar am Lëtzebuerger Wort publizéiert gouf, heescht et, datt an den nächste Jore schrëttweis sämtlech Autoen an der EU d’Opmierksamkeet vum Chauffer mussen iwwerwaachen. Vun 2024 u ka kee Gefier méi ouni entspriechend Iwwerwaachungsinstrumenter nei immatrikuléiert ginn a bis 2026 musse sämtlech Gefierer nogerüst ginn.

An deem Zesummenhang géif ech dem Här Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

1) Kann den Här Minister matdeelen, ënnert wéi enger Rechtsform dës Moossnam zu Lëtzebuerg gereegelt gëtt a wéi d’Recht op Privatsphär hei geschützt gëtt?

2) Fir de Fall wou esou Donnéeë sollten archivéiert ginn, kann den Här Minister matdeelen, bei wéi enger Institutioun déi Donnéeë gespäichert ginn, wéi eng Institutioun Zougang dorop huet a wéi laang se konservéiert ginn? Huet de Bierger eng Méiglechkeet, fir sech géint d’Konservéierung vu sou Donnéeën ze wieren?

3) Kann den Här Minister matdeelen, ob Proprietären, déi hir Gefierer norüste mussen, dës Sue vum Staat rembourséiert kréien oder ersatzweis steierlech ofsetze kënnen?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: