ADR-Gesetzespropositioun wëll Kloerheet bei der Fleegeversécherung

Et gouf vill rëmgepiddelt bei der Reform vun der Fleegeversécherung; d’Acteuren um Terrain sinn allerdéngs net zefridde mam Resultat. Virun allem d’Ofschafe vun de Courses-sorties” – begleete Sortië fir Kommissiounen oder administrativ Demarchen ze maachen – gouf ëffentlech hefteg diskutéiert a kritiséiert – an dat zu Recht: Fir vill vun de Betraffene war nämlech d’Akafen a frëndlecher Begleedung e Liichtbléck vun hirer Woch. Och dem Minister seng Erklärungen, wéi een d’Courses-Sorties duerch aner Leeschtungen ersetze kéint, iwwerzeege wéineg. Et ass fir d’ADR inakzeptabel, datt Aspuerunge grad op Käschte vun de méi Schwaachen an eiser Gesellschaft virgeholl ginn, esou d’ADR-Deputéierten op enger Pressekonferenz vum 20. Februar.

De Fernand Kartheiser huet an deem Kontext de selwechten Dag eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert, fir all Ongerechtegkeet an Onkloerheet bei der Reform vum Gesetz vun der Fleegeversécherung ze behiewen; Zil ass et, Drock op d’Regierung auszeüben, déi, wéi et schéngt, net gewëllt ass, an deem Dossier eppes ze änneren. D’Gesetzespropositioun vum ADR-Deputéierten eliminéiert verschidden Onsécherheeten, déi duerch déi rezent Gesetzesännerung am Beräich vun der Fleegeversécherung opgedaucht sinn a féiert déi al Texter iwwert d’Courses-Sorties” nees an, fir datt d’Liewe vun deene betraffene Persounen esou wierdeg an autonom wéi méiglech ka geféiert ginn. 

D’ADR setzt sech schonns säit laangem fir eng Fleegeversécherung an, déi ouni Kompromësser d’Dignitéit vun de Betraffene garantéiert. Hei fannt dir och eeler Artikel zu deem Thema:

 

 

 

 

Deel dëse Post: