Vum 1. Januar un ass d’Reform vun der Fleegeversécherung a Kraaft. Dëst bréngt eng Rei Nodeeler mat, esouwuel fir déi Persounen, déi op déi Versécherung mussen zréckgräifen, wéi och fir dat betraffent Personal.

Nodeems de Gast Gibéryen dës Verschlechterung schonns an der Chamber bemängelt hat, bei der Debatt zum Vott vum Gesetz, hat de Fernand Kartheiser iwwert de Wee vun der parlamentarescher Fro de Problem vun der Hëllef beim Akafen a fir administrativ Demarchen no der Refrom vun der Fleegeversécherung uegeschnidden. A senger Äntwert op Lëtzebuergesch kommunizéiert den zoustännege Minister Romain Schneider, wéi och schonn an de leschten Deeg an der Press, op e puer Schinnen. Iergendwéi sollen och nom 1. Januar déi Betraffen kënne mam Fleegepersonal eegestänneg akafe goen. Dës Méiglechkeet schéint opzebleiwen fir Leit, déi dat bis den 31. Dezember 2017 an hirem Fleegeplang haten. Ganz iwwerzeegt schéint awer och de Ministär net vun dëser Erklärung ze sinn, well an der Äntwert heescht et och d’Regierung hätt ” nach e spezifeschen Kredit virgesinn, fir de Fall wou dës Dispositiounen net gräife sollten”.

 

Fir vill Leit ass awer “dat Akafen a frëndlecher Begleedung de Liichtbléck an hirer Woch”, wéi et an engem Lieserbréif ausgedréckt gëtt. Vläicht hätt esou en Thema jo emol eng Äntwert ouni “Wenn” an “Aber” verdéngt?