CRF-Denonciatiounen: Liichtfankegen Ëmgang?

Ursprénglech sollten d’CRF-Denonciatiounen eng Moossnam sinn, fir d‘Wäisswäsche vu Suen aus kriminellen Aktivitéiten an d’Finanzement vum Terrorismus ze bekämpfen. D’cellule de renseignement financier (CRF) beim Parquet befaasst sech mat deenen Denonciatiounen, déi duerch Banken, Notairen, Affekoten an nach weider Acteure gemaach ginn.

Wien awer kontrolléiert d’Qualitéit vun der CRF hirer Aarbecht? Wéi vill där Denonciatioune féieren effektiv zu Poursuitten a wat fir Infraktioune stellen de Grond dofir? Wéi huet et sech mat der Anonymitéit vun den Denociateuren, déi falsch Denonciatioune maachen?

Dës an nach vill weider Froen huet den ADR-Deputéierte Roy Reding un d’Madame Justizminister geriicht.

 

Deel dëse Post: