Camionstransport: e vitale Wirtschaftssecteur muss gehollef kréien!

Wat scho fir e privaten Autochauffer empfindlech an de Portemonni schléit, ass fir e Betrib mat sëlleche grousse Camionen nach méi schwéier ze verquëssen. Duerch Co2-Steier an déi nei berechent Autosteier komme substantiell Ausgaben op de Speditiounssecteur zou. De Jeff Engelen freet no, wéi dëse ka gehollef kréien.

D’ADR wiert sech systematesch géint all Steierhéijung a géint nei Taxen. Besonnesch d’CO2-Steier ass eis en Dar am A. Déi gréng Lieblingsiddi ass net nëmmen onsozial an ongerecht mee och total onnëtz. Well um Klima ännert eng Steier iwwerhaapt näischt.

Deel dëse Post: