Blockéiert den Ëmweltministère lo och scho Velospisten?

De François Bausch gëtt an Interview am “Lëtzebuerger Land”. Nieft deenen üblechen, inhaltsfräie Spriechblosen mécht hien och eng interessant Niewebemierkung: Beim Bau vun der geplangter Expressvëlospist laanscht d’A3 misst hien nach “e klenge Probleem mam Ëmweltministère” léisen. Als einfache Bierger muss een sech nawell wonneren: Falls et sech ëm sou e “klenge Probleem” handelt, firwat diskutéieren déi zwee gréng Ministeren en net einfach am Regierungsrot aus? Ginn hei méiglecherweis um mediale Plang parteipolitesch Schlammschluechten ausgedroen? A wat géif dat fir den eigentleche Projet bedeiten?

Deel dëse Post: