Biodiversitéit a Gefor: Ëmmer manner Déieren- a Planzenaarten!

D’Biodiversitéit hëlt weider drastesch of zu Lëtzebuerg. Moossname wéi de Monitoring vun den Déieren- a Planzenaarten, an engem Portal wéi dem “iNaturalist”, si wuel begréissenswäert, ma et bleift nach ganz vill ze maache fir dem Aarteschwund am Land entgéintzewierken. An de Naturschutzzonen, déi ëmmerhi 5% vun der Landesfläch ausmaachen, gi guer keng Pestiziden agesat a nëmme ganz wéineg Dünger. Trotzdeem hält sech d’Aartevillfalt an dësen Zonen a Grenzen, freet sech firwat. Déi national Aktiounspläng fir den Aarteschwund opzehalen hunn nëmme wéineg Resultater opweises. Et muss dréngend gehandelt an d’Aktiounspläng iwwerschafft ginn!

 

Deel dëse Post: