Bensinn an Diesel méi deier wéi an Däitschland?

D’Regierung schéngt sech net driwwer opzereegen, datt de Bensinn an den Diesel an Däitschland kinnt méi bëlleg ginn, wéi zu Lëtzebuerg. Dat sot den Transportminister allzäit an der RTL-Emissioun “Dir hutt d’Wuert” vum 30. Mee. Grond fir de Fernand Kartheiser, eng parlamentaresch Fro ze stellen, dréngend, well déi däitsch Moossnamen den 1. Juni a Kraaft getruede sinn. Et ass allerdéngs net fir d’éischt, datt dës evident Drénglechkeet vun der Fro net unerkannt ginn ass …

D’Regierung äntwert gemittlech no engem Mount an enger Woch an hirer Logik. Si ass zwar op d’Sue vun den Akzisen ugewisen, wëll awer – fir d’Klima ze retten – den Tanktourismus eroffueren. An un de Präisser si sowisou d’Russe schold an net d’EU-Sanktiounen.

Fro

Den Här Minister François Bausch huet haut de mueren an der RTL-Emissioun „Dir hutt d’Wuert“ op e puer Sujete geäntwert. Ech wëll mech hei konzentréieren op seng Remarken, wat déi däitsch Subventioune vum Bensinns- (-35 %) an Dieselpräis (- 16 %) ugeet. Hie sot sënngeméiss, datt d’Lëtzebuerger Subventiounen duerginn an och den 31. Juli auslafen. Dozou hätt ech dës Froen:

  1. Wat sinn d’Previsioune vun der Lëtzebuerger Regierung iwwert d’Auswierkungen, vun deem, wat an Däitschland „Tankrabatt“ genannt gëtt. Fält domat den däitsche Bensinnspräis ënnert de Lëtzebuerger Präis un der Pompel?
  2. Wat sinn an deem Fall d’Konsequenze fir Lëtzebuerg? Wéi vill Mannereinnamen u Steieren aus dem Verkaf vu Bensinn an Diesel muss Lëtzebuerg arechnen, wann déi däitsch an eventuell och Lëtzebuerger, franséisch a belsch Clienten un däitsche Pompelen tanken?
  3. Tanktourismus schéngt nëmmen zu Lëtzebuerg negativ gekuckt ze ginn. Ass Tanktourismus e Problem oder ass et eng wëllkomm Steiereinnam an Zäiten, wou d’Sue knapp sinn. Wat mécht Lëtzebuerg fir säi Steiervirdeel bäizebehalen an déi Einnamen ze sécheren?
  4. Wat ka Lëtzebuerg fir d’Kompetitivitéit vu sengem Logistik-Secteur maachen, deen net nëmme géint déi steierlech Subventiounen um Diesel (fir professionell Transporteuren) an der Belsch ze kämpfen huet, mee elo och mat méi engem niddregen Präis an Däitschland?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vun der Madame Finanzminister Yuriko Backes, dem Wirtschaftsminister Franz Fayot, dem Mobilitéitsminister François Bausch an dem Energieminister Claude Turmes op d’parlamentaresch Froen n°6274 an n°6294 vum 31. Mee respektiv dem 2. Juni 2022 vun den éierbaren Deputéierten Fernand Kartheiser, Martine Hansen an Gilles Roth iwwert d’Auswierkungen vum däitschen “Tankrabatt” op de Verkaf vu Bensinn an Diesel zu Lëtzebuerg

 Duerch de Krich an der Ukrain, sinn iwwerall op der Welt d’Bensinns- an Dieselspräisser iwwer déi leschte Méint an d’Luucht gaangen. Fir de Leit an dësen schwéieren Zäiten ënner d’Ärem ze gräifen an d’Präisdeierecht ze bekämpfen, hunn déi meeschten Länner an Europa, an esou och ons Nopeschlänner, gezielt an temporär Mesuren geholl. Des Mesure gläiche sech iwwerall an notamment goufen Subventiounen vum Präis op der Pompel, dacks duerch een Erofsetze vu Steieren oder Accisen, decidéiert. Zu Lëtzebuerg ass esou eng Subventioun am Kader vum Solidaritéitspak schonn am Abrëll a Kraaft getrueden. Esou kritt jiddereen eng direkt Reduktioun vun 7,5 Cent um Liter op der Pompel accordéiert.

Duerch d’Mesuren, déi eis Nopeschlänner geholl hunn, hu sech hir Präisser un der Pompel no ënnen ugepasst. Grad an Däitschland, wou Ufank vum Juni en Tankrabatt agefouert gouf, huet ee Präisser gesinn, déi un déi erukommen, déi een och zu Lëtzebuerg bezilt. Zanter dem 1. Juni huet Däitschland d’Besteierung (Accisen an TVA) um Bensinn ëm 35 Cent pro Liter an beim Diesel ëm 17 Cent pro Liter erof gesat. Et ass dozou ze bemierken, datt anescht wéi zu Lëtzebuerg, wou den Tankrabatt direkt an automatesch gräift, an Däitschland net gewosst ass wat vun dëser Baisse schlussendlech beim Endkonsument ukënnt. D’Praisser un der Pompel an Daitschland fluktuéieren en Fonktioun vun der Plaz an dem Dag wou getankt gëtt. Dofir kann en net generell soen, datt et an der daitscher Grenzregion, iwwerall an ëmmer méi bëlleg wär ze tanken wéi zu Lëtzebuerg. Des weideren ass et och onkloer op den Tankrabatt an Däitschland iwwerhaapt nach wäert weidergefouert ginn.

Wéi d’Finanzministesch den 28. Juni 2022 wärend der „heure d’actualité“ an der Plénière vun der Chamber ennerstrach huet, sinn d’Recetten op de Pëtrolsproduiten haut effektiv eng wichteg Source fir de Finanzement vun eisem Staat, an domadder vum Sozialsystem. Et muss een an deem Kontext verstoen, datt d’Accisen op de Liter gerechent ginn, d.h. datt wann d’Präisser um Marché eropginn, bleiwen dem Staat seng Recetten pro Liter d’selwecht. Fir 2022 sinn ronn 930 Milliounen EUR budgetéiert vu Recetten op den Accisen um Bensinn an Diesel.

Anescht wéi d’Accisen gëtt d’TVA op de Präis gerechent. Wann deen eropgeet, ginn d’TVA Recetten och erop. Bei de Recetten bei der TVA louchen d’Zuelen op den 31. Mee dëst Joer, op engem Niveau vun 43% vun deem Montant, dee fir d’ganzt Joer budgetéiert ginn ass. 2021 louch een em des Zäit bei 46,6% .

Wat d’Evolutioun vun de Venten vum Bensinn op der Pompel ugeet, sou gesäit een, dass déi, op d’mannst bis de Mount Mee nach mat, nach iwwert dem Niveau vun 2021 louchen. Am Juni dogéint konnt ee gewësse Réckgang festgestallt ginn, wat wuel och op den Tankrabatt an Däitschland zréckzeféieren ass. Et ass awer ze fréi, fir heirauser schonn Schlussfolgerungen fir d’ganzt Joer ze zéien.

Nieft dem Krich an der Ukrain, deen an der Aktualitéit elo am Virdergrond steet, gëtt et awer ëmmer nach eng Klimakrise. Fir säin Deel am Kampf géingt de Klimawandel bäizedroen, huet Lëtzebuerg decidéiert, den CO2-Ausstouss bis 2030 em 55% ze reduzéieren. Dozou gehéiert och, de Verkaf vu Bensinn an Diesel progressiv erofzefueren.

D’Zil ass also, dass mëttelfristeg manner Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg tanke kommen, wéi dat haut de Fall ass. D’Venten sinn par rapport zu 2021 tendenziell eropgaange. Et muss een also hei oppasse mat eventuelle Mesuren, déi riskéiere géifen Lëtzebuerg par rapport zum Ausland ze vill attraktiv ze maachen.

Wéi och an der Chamber wärend der “heure d’actualité” vum 28. Juni erkläert gouf, hält d’Regierung d’Situatioun awer weider genau am A, an dat am aktuellen Kontext, deen duerch vill Onsécherheeten marquéiert ass.

Mam Logistik-Secteur mengt den honorabelen Deputéierten Här Kartheiser de Wueren- a Giddertransport iwwer d’Strooss. Do huet d’Regierung am Kader vum Tripartite-Accord vum 31. Mäerz 2022 mat de Sozialpartner ausgemaach, datt net nëmmen Betriber aus deem Beräich, mee och aus der Konstruktioun an dem Liewensmëttelhandwierk di ënner den héijen Transportkäschten leiden, an esouguer dowéinst Perten maachen, eng finanziell Kompensatioun kënne kréien. De Gesetzprojet 80191 deen deemnächst an der Chamber gestëmmt gëtt gesäit fir, datt bis Enn vun dësem Joer all Grupp aus deene Secteuren eng Hëllef vu bis zu 400.000 EURO ka kréien fir déi zousätzlech Käschten ze décken, déi hinnen duerch déi aktuell Spritpräisser entstane sinn. Doriwwer eraus ass d’Regierung den Ament amgaangen ze kucken, wéi dëst am Tripartite- Accord festgehalen gouf, wéi een Betriber encouragéieren kann, fir hir Flott progressiv ze dékarboniséieren.

D‘Iwwerleeungen fir esou eng Hëllef an ze féieren fir Betriber ze encouragéieren fir hire Fuerpark an deem Sënn ze moderniséieren, ass komplementar zum Gesetzprojet 79252. Dëse Projet gesäit fir datt Betriber eng finanziell Hëllef kenne kréien wa se bei sech Infrastrukturen installéieren fir elektresch Gefierer op ze lueden, déi dann entweder vum Betrib selwer, senge Mataarbechter, oder vun aneren, externe Leit fir hir Gefierer kënne benotzt ginn. De Gesetzprojet 7925 gëtt an den nächsten Deeg an der Chamber gestëmmt.

Deel dëse Post: