Autosfuerer kréien d’Liewen ëmmer méi schwéier gemaach

Déi nei EU-Fürerschäinsdirektiv soll den Autoschaufferen an deenen, déi et wëlle ginn, d’Liewen ëmmer méi schwéier maachen. Zukünfteg soll de Bréisseler Wënsch no eng 0,0 Alkoholslimitt fir Stagiaire gëllen. Aktuell gesäit eisen nationale Code de la Route eng Kulanz vun 0,2 vir, fir, datt een zum Beispill ouni missen ze fäerten, seng Medikamenter kann huelen. Eng positiv Propose, fir d’Alterslimitt fir déi éischt Erneierung vum Fürerschäin op 70 Joer unzehiewen, gouf am aktuellen Text allerdéngs gestrach. Dat ausgerechent op Drock vun der Lëtzebuerger Regierung. Hei am Land läit déi Grenz iwwregens bei 60 Joer an domat ënnert dem legale Pensiounsalter vu 65 Joer. Falls de Staat d’Iwwerzeegung vertrëtt, datt d’Leit bis zu deem Alter ouni Probleem kënne schaffe goen, firwat sollen se dann net och fit genuch sinn, fir mam Auto ze fueren?

Deel dëse Post: