Afghanistan: sécher genuch fir eis Arméi awer net fir eis Asylanten?

Den Här Asselborn mécht alt nees mat polemeschen an inkoherenten Aussoen zum Thema Afghanistan vu sech schwätzen. Obwuel d’Lëtzebuerger Arméi säit bal 20 Joer do stationéiert ass an den Här Bausseminister dësen Asaz als Erfolleg bezeechent, weigert hien sech, ofgewisen Asylbewerber dohin zeréckzeféieren. Ob säit 2004 oder awer réischt säit 2015 weess e selwer net sou genau. Et ass leider näischt Neies méi, datt hien a senger eegener Welt lieft, mee fir déi Leit, déi all Dag d’Konsequenze vu sengen Decisioune spieren, ass et leider net sou einfach. Wou si mir drun an eiser Asylpolitik Här Bausseminister?

Hannergrond:

Deel dëse Post: