Kritt Kielen endlech eng Ëmgeeungsstrooss?

Am Juni 2024 wollt de Fred Keup vun der Madamm Verkéiersminister wëssen, ob déi am Koalitiounsvertrag festgehalen Ëmgeeungsstrooss vu Kielen géif ëmgesat ginn. Deemools huet d’Madamm Minister grondsätzlech mat “jo” geäntwert, awer op weider Etude verwisen. Zwee Joer duerno gesäit et esou aus, wéi wann nach ëmmer weider Etude misste gemaacht ginn. Grond genuch fir den ADR-Deputéierten, fir nozehaken, wéini déi geploten Awunner dann endlech mat konkrete Resultater rechne kënnen:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 877 iwwert d’Ëmgeeungsstrooss vu Kielen huet d’Madamm Minister ënner anerem dat hei geschriwwen: “Esou analyséiere meng Servicer momentan déi verschidde Constellatioune vun enger Ëmgeeungsstrooss nom Prinzip vun engem “Contournement de proximité […] Well an Ofhängegkeet vun de méigleche Verleef vun enger Ëmgeeungsstrooss den Impakt op d’Ëmwelt, an den Accès op des Ëmwelt vun der Uertschaft aus, ënnerschiddlech ass, mussen des Variante mat deenen zoustännegen Instanzen evaluéiert ginn, éier eng Ausso zum Planning ka gemaach ginn. An deem Kontext wäerte meng Servicer dës Elementer am Hierscht mat der Gemeng Kielen diskutéieren”.

De 17. Juni 2025 huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Kielen matgedeelt, datt d’Regierung bereet wier, d’Ostvariant vun der Ëmgeeungsstrooss ze realiséieren, och wann de Buergermeeschter selwer nach keen Zäitplang fir déi konkret Ëmsetzung konnt nennen. Am Dokument iwwert d’Finanzéierung vun de groussen Infrastrukturprojete vum Staat war du schliisslech ze liesen, datt nach weider Etuden ausstinn.

An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Wéi bewäert d’Madamm Minister déi aktuell Situatioun vun der Kielener Ëmgeeungsstrooss an dem Verkéier an der Gemeng?
  • Wéi eng Etuden zu der Ostvariant vun der Kielener Ëmgeeungsstrooss ginn aktuell ënnerholl? Fir wéini geet d’Madamm Minister vun engem Start vun de Bauaarbechten aus?
  • Gesäit déi aktuell Variant eng Méiglechkeet vir, fir Keespelt un d’Ëmgeeungsstrooss unzeschléissen?
  • Op wéi eng Manéier gëtt d’Kielener Industriezon un d’Ëmgeeungsstrooss ugeschloss?

 

Deel dëse Post: