Säit Joerzéngte gëtt eng Ëmgeeungsstrooss fir Kielen diskutéiert. 2012 war et bal souwäit, en entspriechende Gesetzesprojet war um Instanzewee. Trotzdeem gouf de Projet d’Joer drop duerch déi nei Gambia I. – Regierung dunn nees klasséiert. Déi nei schwaarz-blo Regierung steet am Prinzip nees dozou, wëll awer nach “technesch Detailer” préiwen, iwwerdeems déi betraffe Bierger am Verkéier erstécken. Wéi gesäit de Fuerplang aus?