Hunn d’Medien en Afloss op Schoulen a Kanner?

Hei fannt Dir eng parl. Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.

 

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.

An engem Artikel vun RTL Lëtzebuerg “Alldag an Erausfuerderunge vum Journalismus’”, deen den 22. Januar 2026 publizéiert gouf, gëtt op den Asaz vu Journalisten a Schoulen am Kader vum Projet “Lie Detectors verwisen. An deem Kontext stelle sech verschidde Froen iwwer d’Roll vun dëse privaten Acteuren am nationale Bildungssystem an d’Garantië fir Neutralitéit, Transparenz a Pluralismus, déi domadder verbonne sinn.

Dës Workshoppe riichten sech u mannerjäreg Schüler, déi e kritescht Denken entwéckele sollen,  an et stellt sech d’Fro, a wéiwäit si mam Bildungsoptrag vun den ëffentleche Schoulen a mat gesetzleche Verflichtungen am Beräich vun der Bildung iwwerteneestëmmen.

An deem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi garantéiert d’Regierung, datt d’Interventioune vu Journalisten a Schoulen am Kader vum “Lie Detectors”-Programm sech strikt un déi politesch an ideologesch Neutralitéit am Schoulgesetz halen?
  2. Gëtt et e Kontrollmechanismus, fir ze iwwerpréiwen, ob dës Interventioune keng parteiesch Haltung oder Wäerturteeler iwwer spezifesch Medien oder Denkrichtunge vermëttelen?
  3. Wéi eng Critèrë goufen ugewannt, fir d’Journaliste vun RTL Lëtzebuerg auszewielen, déi an de Klassesäll schwätzen?
  4. Plangt de Ministère, Spriecher vun anere Medien anzebannen, fir e richtege Pluralismus an der Presentatioun vun der journalistescher Aarbecht ze garantéieren?
  5. Kann de Ministère d’Léiermaterialien, déi bei dëse Workshoppe benotzt ginn, zur Verfügung stellen?
  6. Ginn d’Elteren am Viraus iwwer dës Workshoppen informéiert a si si berechtegt, Widdersproch géint si anzeleeën?
  7. Wéi héich ass de geneeë Betrag vun de Finanzéierungsmëttel fir de Programm “Lie Detectors” zu Lëtzebuerg?
  8. Wéi eng Verflichtungen entstinn aus der Participatioun vu Lëtzebuerg un dësem europäesche Programm (EDMO)?
  9. Enthält de Programm Beispiller aus alternativen, onofhängegen oder net-traditionelle Medien, fir d’Diversitéit vun der Medielandschaft ze illustréieren?
  10. Wéi garantéiert de Ministère, datt d’Studenten a Schüler eng ausgeglache Presentatioun vun de verschiddene Forme vu Journalismus an de verschiddene redaktionellen Approchë kréien?
  11. Wéi schätzt d’Regierung de Risiko an, datt Acteuren aus private Medien d’Wahrnehmung vun de Studenten iwwer d’Zouverlässegkeet oder d’Legitimitéit vu bestëmmte Medie beaflosse kéinten?
  12. Gouf eng Analys iwwer d’Auswierkunge vun dëse Workshoppen op d’Entwécklung vum kriteschen Denke vun de Schüler duerchgefouert?

 

Mat déiwem Respekt,

 

Deel dëse Post: