Et ass keng onmëttelbar Katastroph, ma vill laangjäreg Cliente ginn den Androck vun engem schläichende Qualitéitszerfall bäi der Luxair net lass. Et funktionéiert zwar nach iergendwéi, awer ëmmer manner op deem héichwäertegen Niveau, wéi een et gewinnt war. Wéi reagéiert d’Madamm Verkéiersminister als Vertrieder vum Staat als gréissten Aktionär? D’ADR-Deputéierten Dan Hardy a Michel Lemaire leeën de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
D’Luxair, déi national Fluchgesellschaft vum Grand-Duché un där och de Lëtzebuerger Staat bedeelegt ass, spillt eng wichteg wirtschaftlech, strategesch an och symbolesch Roll fir d’Land. D’Qualitéit vum Zerwiss, d’Sécherheet, d’Zouverlässegkeet an d’Gouvernance vun där Gesellschaft sinn domat vun ëffentlechem Interesse. An deene leschte Méint goufen an de Medie reegelméisseg Tëschefäll bäi der Luxair thematiséiert. Gläichzäiteg huelen d’Réckmeldunge vu Clienten zou, déi feststellen, datt d‘Qualitéit vum Zerwiss sech verschlechtert huet: Och bäi der Organisatioun an der Kommunikatioun kënnt et ëmmer méi dacks zu Reklamatiounen. Zousätzlech zirkuléieren och Indikatiounen iwwert eng gewëssen Onzefriddenheet bannent der Luxair selwer.
An deem Zesummenhang wëlle mir der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Wéi evaluéiert de Staat, als Aktionär, d’Entwécklung vun der operationeller Qualitéit a vum Zerwiss um Client bäi der Luxair an de leschte Joren?
- Leien der Madamm Minister Informatiounen aus internen Erhiewungen oder aner Rapporte vir, déi Aussoen iwwer d’Zefriddenheet an de soziale Klima beim Personal vu Luxair erlaben? Falls jo, wéi huet sech déi Situatioun an de leschte Joren entwéckelt?
- Kann d’Madamm Minister an deem Sënn confirméieren, respektiv dementéieren, datt et bäi der Luxair Indikatioune vu verstäerkter interner Onzefriddenheet oder Spannunge gëtt, an de Fall gesat, wéi reagéiert si dorop?
- Am Kontext vu wirtschaftlechem Drock a Käschtereduktiounen stellt sech d’Fro ob an deene leschte Jore Moossnamen ëmgesat goufen, déi sech direkt oder indirekt op d’Qualitéit vum Zerwiss, d’Maintenance, d’Aarbechtskonditiounen oder d’Organisatioun ausgewierkt hunn?
- Wéi gëtt aus Siicht vum Staat als Aktionär séchergestallt, datt d’Gouvernance an d’strategesch Féierung vun der Luxair den Erwaardunge vun de Passagéier, de Mataarbechter an dem ëffentlechen Interessi och an Zukunft gerecht ginn?