En Artikel an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek erhieft schwéier Virwërf géint d’Regierung. Deemno gëtt d’Gesondheet vun de Beem laanscht d’Strooss an d’Eisebunnslinnen net systematesch erfaasst a si gi bäi Stuerm einfach “ëmfale” gelooss, mat alle Geforen an Aschränkunge fir d’Leit. Wat ass do drun? De Jeff Engelen freet no.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ëmweltminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Am Artikel “Es wird nicht vorbeugend gearbeitet”, deen de 7. Oktober an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek publizéiert gouf, heescht et, datt am Kader vum Stuerm vum 4. Oktober 27 Stroossen hu misse gespaart an den Tram tëschent dem Kierchbierg an dem Findel wéinst Beem déi ëmgefall sinn, huet missen ënnerbrach ginn. Weider heescht et, datt dës Tëschefäll virun allem op krank an ofgestuerwe Beem zeréckzeféiere waren, déi duerch de Stuerm ëmgefall sinn, well se am Virfeld net proaktiv ewechgeholl goufen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi steet d’Regierung zu deenen am Artikel genannten Aussoen?
- Gëtt zu Lëtzebuerg e systematesche Monitoring zu der Gesondheet vun de Beem laanscht d’Staats- a Gemengestroosse souwéi vun deene laanscht d’Eisebunnslinnen an dem Tram virgeholl? Falls jo vu wéi engen Zerwisser, an no wéi enge Modalitéite gi potenziell geféierlech Beem ewechgemaach? Falls net, firwat net?
- Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert wéi dacks am Zäitraum vun 2018 bis 2025 (fir déi Méint, wou d’Zuele virleien), Stroossen hu misse gespaart, respektiv den Eisebunns- an Tramsverkéier huet misse wéinst Beem déi ëmgefall sinn, ënnerbrach ginn an dobäi preziséieren, ëm wéi eng Stroossen/Streckenabschnitter et sech jeeweils gehandelt huet?
- Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi dacks am Zäitraum vun 2018 bis 2025 (fir déi Méint, wou d’Zuele virleien), ëffentlech Buslinne wéinst Beem an der Strooss hu missen ëmgeleet respektiv ausfale gelooss ginn a preziséieren, ëm wéi eng Linnen et sech jeeweils gehandelt huet?