Wéi eng Bürokratie fir Staateloser?

Et ass bekannt, datt Lëtzebuerg e Problem mat onkontrolléierter, illegaler Immigratioun huet. Een Aspekt, deen dobäi manner bekannt ass, läit am Ëmgang mat der Staatelosegkeet. An enger Zäit, wou (quasi) all globale Quadratzentimeter Landfläch zu engem Staat gehéiert, e Phenomeen, deen eigentlech just an absolut kloer dokumentéierten an novollzéibaren Ausnamefäll dierft virkommen. En zweestellege Prozentsaz vu Leit, déi zu Lëtzebuerg am Prisong sëtzen, kënnen awer tatsächlech kengem Staat vun der Welt zougeuerdent ginn. Falls sech nom Enn vun hirer Prisongsstrof weiderhin net feststelle léisst, wou si hierkommen, kënnen si och net méi am Centre de Rétention ënnerbruecht ginn. Et stellt sech d’Fro, wéi si hiren Alldag sollen organiséieren. Schliisslech brauch jiddereen deen sech zu Lëtzebuerg un d’Recht an d’Gesetz wëll halen, eng Hellewull u Paperassen, fir kënnen iergendeppes ze ënnerschreiwen. Wéi soll dat ouni iwwerpréifbar Identitéit funktionéieren? Bleift dem Staat näischt anescht iwwereg, wéi zwee Aen zouzedrécken, wouduerch all déi éierlech Bierger naturgeméiss benodeelegt géifen?

Hannergrond – d’ADR gëtt net déi éischte Kéier an deem Dossier aktiv

Deel dëse Post: