Zwou Corona-Suergen!

Zwou Corona-Suergen!

Bei all deenen Diskussioune ronderëm Corona a wéi mir solle mat der Kris ëmgoen, leien der ADR am Abléck zwee Sujete besonnesch um Häerz.

Den éischten ass d’Impfstrategie. Mir sinn als ADR fir Impfungen, awer ëmmer am Respekt vun der Fräiwëllegkeet. Op europäeschem Niveau gëtt et allerdéngs Bestriewungen, fir en indirekten Impfzwang anzeféieren, z.B. iwwer en Impfpass an Aschränkunge vun der Reesfräiheet. D’ADR hat schonn am Dezember virun esou Entwécklunge  gewarnt. Deemools hunn all aner Parteie behaapt, dee Problem géing sech net stellen. Leider hu mir awer Recht behalen. D’ADR verlaangt vun der Regierung, datt si sech dofir asetzt, datt de Prinzip vun der Fräiwëllegkeet weder direkt, nach indirekt kann a Fro gestallt ginn, och net duerch d’EU! Mir bedaueren, datt souwuel d’EU wéi och déi lëtzebuergesch Regierung ze vill lues gehandelt hunn fir genuch Impfstoff ze kréien.

Den anere Sujet ass déi Tatsaach, datt ëmmer méi privat an ëffentlech Instanzen negativ Covid-Tester verlaangen, zum Deel op Uerder vum Staat, fir kënne gewësse Servicer ze benotzen, wéi z.B. Fluchreesen oder Concerten. Dat ass aktuell de Fall bei der Luxair, an der Coque oder och bei der Rockhal, déi jo dem Staat gehéiert.  Vum Prinzip mol ofgesinn, dee mir jo a Fro stellen, ass och nach unzemierken datt déi Schnelladrer nach manner zouverlässeg si wéi déi bekannte PCR-Tester, dat gouf och viru Kuerzem nach vum  däitsche Fuerschungsnetzwierk vun der Universitéitsmedezin zum Covid-19, an engem Positiounspabeier, festgehalen.

Do freet een sech: Bis wouhinner geet dat? Wouhin entwéckelt sech eis Gesellschaft? Gi mir geschwënn op all méiglech Vire geadr, ier mir däerfen an e Restaurant, e Futtballmatch kucke goen oder an e Fliger klammen? Wéi ass et do mam „secret médical“?

Mir als ADR betounen ëmmer nees, datt et net un der Regierung ass, an och net un iergend enger privater Firma, fir de Leit hir Grondrechter ze ginn oder wech ze huelen. Grondrechter huet ee well een e Mënsch ass, an dat gëllt fir gesond Mënschen, genee esou wéi fir Mënsche mat enger Behënnerung oder fir krank Mënschen. Mir sinn net an der Volleksrepublik China an där de Staat déi „Gutt“ belount an déi „Schlecht“ bestrooft. Mir liewen an engem fräie Land, wou de Staat Kengem däerf seng Grondrechter beschneiden!

Fir d’ADR ass et elo wierklech héich Zäit datt alleguerten déi verfassungsméisseg geschützte Rechter vun de Bierger an hire perséinleche Fräiheeten, inklusiv dem Respekt vun der Privatsphär an der Beweegungsfräiheet, voll a ganz nees hiergestallt ginn.

Mat grousser Suerg stelle mir  geféierlech Tendenzen a Richtung totalitär Gesellschaft fest. Mir als ADR wieren eis dogéint, well mir stinn zu enger fräier, demokratescher Gesellschaft, och a COVID-Zäiten!

Dan Hardy  Politesche Beroder vun der ADR (Artikel am Lëtzebuerger Land vum 05. Februar 2021)

Deel dëse Post: