Zweet Entrevue mam LCGB innerhalb vun engem Joer

Den Donneschdeg, 30. Mäerz 2023, huet sech d’ADR (fir d’zweet innerhalb vun engem Joer) mam LCGB zu engem Meenungsaustausch getraff. Diskutéiert gouf haaptsächlech iwwer Sujeten aus dem Gesondheetsberäich, wéi de mangelhaften Zougang zu Medikamenter a Behandlungen, de Problem mat de Schlofapnoe-Apparater, d’Digitaliséierung vum Gesondheetssecteur, CNS-Remboursementen asw., awer och iwwer d’Energiekris, den Index, den Impakt vun der Digitaliséierung op d’Aarbechtswelt, asw. Den LCGB war vertrueden duerch d’Häre Patrick Dury, President, a Christophe Knebeler, stellvertriedende Generalsekretär. D’ADR war vertrueden duerch de Fernand Kartheiser, Fraktiounspresident, Fred Keup, ADR-President, Alex Rasquin, Mataarbechter am Sekretariat, Maks Woroszylo, ADRenalin-President, a Jean-Marc Schmidt, Attaché parlementaire.

Deel dëse Post: