Zwangsaweisung an Zwangshospitalisatioun: Transparenz gefrot!

D’Zwangsaweisung ass e schwéieren Agrëff an d’Grondrechter, och déi sougenannten Zwangshospitalisatioun am Kader vun de geplangte Corona-Gesetzer vun der Regierung. Net nëmmen déi national Mënscherechtskommissioun huet e ganz kriteschen Avis zu der Zwangshospitalisatioun gemaach , ma och sëllege Juristen hunn e Problem mat dësem totalitäre Reglement. Zenter 1980 huet Lëtzebuerg e Gesetz wat d’Zwangsaweisung reegelt, der Mënscherechtskommissioun no, ass wärend dem Etat de Crise schonn dorobber zeréckgegraff ginn, dat wär inakzeptabel. Grad wéi de Fakt datt den Direkter vun der Santé de Parquet domadder beoptrage kann fir eng Zwangshospitalisatioun vun enger Persoun ze maachen. Freet sech wéi vill, mam Corona-Virus infizéiert, Leit am Laf vum Etat de Crise schonn zwangsagewise gi sinn.

Deel dëse Post: