Zum Internationalen Dag vu Mënsche mat Behënnerung

Den 3. Dezember ass den Internationalen Dag vu Mënsche mat Behënnerung. Fir d’ADR ass dat en Dag vu grousser Wichtegkeet. Si betount, datt et ganz wichteg ass, deene betraffene Mënschen, esou wäit wéi nëmme méiglech, eng voll a gläichwäerteg Partizipatioun un allen Aspekter vum gesellschaftleche Liewen ze erméiglechen. Fir d’Politik muss dës Fro ëmmer eng Prioritéit sinn, an et mussen all déi néideg Ustrengunge gemaach ginn, fir dëst Zil ze erreechen.

Als aktuell Beispiller fir Beräicher, an deenen d’Politik eng wichteg Roll ze spillen huet, siefe genannt:

– eng konsequent Ënnerstëtzung vun der medezinescher Fuerschung, besonnesch och am Beräich vun de rare Krankheeten, an eng permanent Iwwerpréiwung am Sënn vun enger Verbesserung vun de Leeschtungen am Sozial- a Gesondheetsberäich;

– eng méi grouss Valoriséierung fir d‘Aus- a Fortbildung vu Mënsche mat Behënnerung, och beim Jobcoaching, a Lifelong-Learning-Initiativen;

– eng méi konsequent Ënnerstëtzung fir déi Leit, déi deene betraffene Mënschen zur Säit stinn, besonnesch och bei chroneschen Erkrankungen, z.B. duerch eng Reform vun der Fleegeversécherung;

– eng séier Verbesserung vun de Moossnamen, fir de Mënsche mat enger Sehbehënnerung d’Beweegung am ëffentleche Raum an d’Benotze vun ëffentleche Verkéiersmëttel méi einfach a méi sécher ze maachen. Dozou gehéieren, ënner anerem, adequat Moossnamen op de Garen an de Busarrêten, awer och eng besser Ofsécherung vun de Schantescher op den Trottoiren.

– Allgemeng misst de Staat a Saache Barrièrefräiheet mam gudde Beispill virgoen. Dozou gehéieren och seng Kommunikatiounspolitik a seng Internetsitten.

– Säit der Reform vum Adapto-Transport am Joer 2020 ginn et vill Reklamatioune vu Leit, wat d’Reservéierung vun deem Service ugeet. Och an Zukunft muss et dofir fir Mënschen, déi op den Adapto ugewise sinn, méiglech sinn, hir Faarten iwwer Telefon ze reservéieren. D’ADR betount, datt si dofir plädéiert, datt dee Service soll grousszügeg ausgebaut ginn.

– D’Tutelle-Gesetz vun 1982 ass obsolet a misst endlech reforméiert ginn.

– Wat d’schoulesch Inclusioun vu Kanner mat Behënnerung ugeet, triede mir fir eng realistesch a pragmatesch Approche an, déi esou ville Kanner wéi méiglech eng Partizipatioun um normalen Unterrecht erméiglecht. D’Prise en charge vun de Kanner soll séier an onbürokratesch gehandhaabt ginn. D’Léierpersonal muss dofir ausgebilt sinn, an et musse genuch qualifizéiert Leit zur Verfügung stoen, fir eng sënnvoll Integratioun ze erméiglechen. Sougenannt verhalensopfälleg Kanner, déi eng Gefor fir sech a fir anerer kënnen duerstellen, sinn heivun net betraff.

 

Matgedeelt vun der ADR

Deel dëse Post: