Zukunft vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg?

Parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser:

Här President,

Esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ekonomieminister weiderzeleeden.

1) Kann den Här Minister eng Tabell presentéieren, wéi vill produzéierend Betriber sech an de Joren 2013 bis 2022 insgesamt zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn, aus wéi engem Beräich se stamen, wéi vill Aarbechtsplaze jeeweils entstane sinn an a wéi enge Gemengen se hire Standuert hunn?

2) Kann den Här Minister matdeelen, wéi vill Industriebetriber sech an de Joren 2018 bis 2022 opgrond vu Promotiounsreese vun der Regierung zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn?

3) Kann den Här Minister seng allgemeng Visioun fir d’Zukunft vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg elaboréieren?

4) Wéi fonctionéiert de “guichet unique” dee soll nei Demande fir Industriebetriber zu Lëtzebuerg ënnersichen? Wéivill Dossiere goufe presentéiert, a wéivill Fäll gouf eng Decisioun geholl? Wéivill Dossiere goufe positiv aviséiert an a wéi engen Delaien? Wéivill goufe refuséiert an aus wéi enge Grënn?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Deel dëse Post: