Zuchverkéier am Éislek: Katastrophal Zoustänn!

Chaos beim Zuchverkéier am Éislek: Gouf d’Situatioun schleefe gelooss? Wou war déi laangfristeg Planung? De Jeff Engelen freet no.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.

D’Leit am Norde vum Land, déi op den Zuch ugewise sinn, sinn de Moment mat enger katastrophaler Situatioun konfrontéiert – et fueren elo  iwwerhaapt keng Zich méi an d’Éislek. D’Bauaarbechten am Tunnel Schieburg hunn eng Verspéidung vu minimum sechs Wochen an doduerch, datt sech bei Bierden eng Fielsformatioun geléist huet, ass elo och nach d’Streck Ettelbréck-Kautebaach komplett blockéiert. An enger Pressekonferenz, déi vun der CFL de 16. Mäerz ofgehale gouf, heescht et iwwerdeems, datt scho leschte Summer festgestallt gouf, datt bei där betreffender Fielsformatioun bei Bierden e gréisse Problem géif bestoen. An deem Kontext stellen sech dann awer eng ganz Rei Froen, wat déi laangfristeg Planung vum Zuchverkéier am Éislek ugeet.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi ass et méiglech, datt, wa scho leschte Summer bekannt war, datt bei där betreffender Fielsformatioun bei Bierden e gréissere Problem war, net scho präventiv un deem Problem geschafft gouf, fir esou kënnen déi Situatioun ze verhënneren, déi mir elo hunn?
  2. Firwat gouf elo réischt kommunizéiert, datt d’Aarbechten um Tunnel Schieburg sech minimum ëm sechs Woche verspéiden? War dës Informatioun dann net scho virdru gewosst?
  3. Wéini ass – realistesch gesinn – domat ze rechnen, datt den Zuchverkéier am Éislek nees integral funktionéiert?
Deel dëse Post: