Zuchlinn Ettelbréck – Dikrech: Frust bei de Passagéier!

Onméiglech Zoustänn am Hibléck op d’Zuchlinn tëscht Ettelbréck an Dikrech. Den ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen wëll endlech konkret Verbesserungsvirschléi gesinn!

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Transportminister weiderzeleeden.

D’CFL-Zuchstreck tëscht Ettelbréck an Dikrech zielt zu deene Strecken, wou den Zuch am dacksten zu Lëtzebuerg ausfält. Och am Januar koum et nees zu sëllegen Ausfäll an d’Passagéier, déi op dës Verbindung ugewise sinn, maachen hirem Ierger och op de soziale Medien ëmmer méi dacks Loft. Wat d’Ursaache fir dës Ausfäll uginn, sou sot de Generaldirekter vun der CFL, datt Ettelbréck rezent en neit Stellwierk kritt hätt, d’Kannerkrankheeten hätt een elo awer am Grëff. Dëst schéngt allerdéngs nach ëmmer net de Fall ze sinn. Eng Lëtzebuerger Dageszeitung huet an deem Kontext scho viru gutt dräi Wochen d’Pressestell vun der CFL kontaktéiert – a krut bis haut keng Äntwert.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Transportminister:

  1. Ass den Här Transportminister iwwert déi uewe beschriwwen onglécklech Situatioun informéiert? Wat ass/sinn an den Ae vum Här Minister d’Ursaach(en) fir deen uewe beschriwwene Problem bei der Zuchstreck tëscht Dikrech an Ettelbréck?  Gedenkt den Här Minister bei der CFL ze intervenéieren, fir méi gewuer ze ginn iwwert déi betreffend Ursaach(en)?
  2. Wéi ass et an den Ae vum Här Transportminister ze veräntwerten, datt déi zoustänneg Pressestell iwwerhaapt net reagéiert – besonnesch wann een un dee berechtegte Frust vun deene ville Passagéier denkt?
  3. Wat gedenkt den Här Transportminister elo ze ënnerhuelen, fir deen uewe beschriwwene Problem am Hibléck op d’Zuchverbindung tëscht Ettelbréck an Dikrech endgülteg ze léisen?
Deel dëse Post: