Zuch an d’Stad: solidaresch mat de Südgemengen!

Vill Opreegung gëtt et weinst der chaotescher Zuchsituatioun, haaptsächlech op de Strecken iwwer Beetebuerg an d’Stad. An de Gast Gibéryen huet an der Chamber, den 28. Juni, nach eng drop geluecht. Hien huet eng Zuchs-Motioun presentéiert.
Well zevill Leit den Zuch huelen, hunn de gréngen Transportminister an d’CFL eng Noutléisung. Si sträichen direkt Zuchverbindungen an d’Stad, an zwar vu Wuelmereng iwwer Diddeleng a vun Ëtteng iwwer Rëmeleng.
Nodeems d’ADR Diddeléng mat enger Flyer-Aktioun op der Braderie a mat enger Fro vun hirem Conseilljee Vic Haas am Gemengerot reagéiert hat, hunn d’Buergermeeschtere vun Diddeleng, Keel a Rëmeleng och Damp gemaach a Motiounen an hire Gemengeréit presentéiere gelooss, déi do och eestëmmeg ugeholl gi sinn.
Den Transportministergëtt dodrann opgefuerdert, déi nei Pläng nach eng Kéier ze iwwerdenken an e besseren Dialog mat de betraffene Gemengen ze féieren.
An der Motioun vum Gast Gibéryen gi genee déi Punkten, déi d’Südgemengen fuerderen opgegraff. Den ADR-Deputéierte begräift déi Motioun als “staarkt Zeechen” vun der Chamber fir hir Solidaritéit mat de Südgemengen ze weisen.

Deel dëse Post: