Zu Lëtzebuerg muss en Affekot déi dräi administrativ Sprooche schwätzen!

An der Chamber gouf de 16. Januar e Gesetz gestëmmt, dat eng EU-Direktiv ëmsetzt. Dës steet a Relatioun mam Gesetzesprojet iwwert d’Unerkenne vu beruffleche Qualifikatioune fir den Affekot. D’ADR huet géint dëst Gesetz gestëmmt an de Fernand Kartheiser huet kloer an däitlech erkläert firwat!

Eng CSV,  eng LSAP an och eng DP si sech de Problemer bewosst, déi dëst Gesetz dem Land a senge Bierger bréngt. Dat hënnert si awer net dorun, dëst Gesetz ouni schlecht Gewësse matzestëmmen. Nodeems d’Simone Beissel (DP) ervirhëft, datt si schonn op d’Problematik higewisen hätt, verdäitlecht de Fernand Kartheiser e wichtegen Ënnerscheed tëscht dem politeschen Handele vun der ADR an deem vun deenen anere Parteien.

Nom Justizminister Félix Braz senger Stellungnam präziséiert de Fernand Kartheiser, datt d’Dispositiounen 2013 vun der CSV negociéiert goufen, allerdéngs sollt d’Nationalparlament net just als Ratifizéierungsinstrument vum Europaparlament gekuckt ginn.

Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet der ADR hir Positioun zu dësem Gesetz, kloer zum Ausdrock bruecht. Fir e Mëssverständnes opzeklären, gouf dem Franz Fayot (LSAP) nach eemol verdäitlecht, datt d’ADR net just eng, mee déi dräi administrativ Sproochen als Qualifikatiounskonditioun fir den Affekoteberuff zu Lëtzebuerg verlaangt.

 

 

 

Deel dëse Post: