Zivilrechtlech Geschlechtsëmwandlungen zu Lëtzebuerg

Säit dem Gesetz vum 10. August 2018 “relative à la modification du sexe et du/des prénoms à l’état civil” kënne Leit, déi sech als “Transgender” fillen, iwwer eng einfach Demande un de Justizministär hiert Geschlecht zivilrechtlech ännere loossen, ouni dobäi iergendeng medezinesch oder psychologesch Atadratioun virzeleeën. Vun dësem Gesetz ginn net just groussjäreg Persounen, mee och Kanner a Jugendlecher erfaasst. Souguer Kanner vu manner wéi 5 Joer kënnen zivilrechtlech hiert Geschlecht wiesselen, wann hir Elteren dat wënschen. Ass mat dësem Gesetz och d’Zuel vun de Mënschen, déi eng Geschlechtsëmwandlung ufroen, an d’Lut gaangen?

Deel dëse Post: