Wien huet wéini en zivillen Uerden zegutt?

Leit mat Meritte fir d’Land, kréien eng Auszeechnung. Dëst no engem System, deen iwwer vill Joren eng Lëtzebuerger Traditioun war. An dësem Joer koum et awer zu Ännerungen, déi och d’Kritäre verännert an d’Unzuel vun den Auszeechnunge reduzéiert hunn. Wat awer sinn elo d’Kritären a wéi stellt d’Regierung sécher, datt d’Auszeechnung op eng gerecht an transparent Manéier verdeelt ginn? Den Deputéierte Fernand Kartheiser versicht, mat enger parlamentarescher Fro Klärung an dëse Sujet ze bréngen.

De Staatsminister Xavier Bettel huet op dës parlamentaresch Fro zwar reagéiert, allerdéngs ass hien net nëmmen enger vun deene gestallte Froen aus de Féiss gaang.

 

Deel dëse Post: