Zimmlech fréi Koalitiounsdiskussioun relancéiert mam Fernand Kartheiser

Et sollt am Riicht eraus (op Radio 100Komma7) vill ëm Vergaangenes goen, wann een d’Reaktiounen op déi Emissioun vum 7. Mee kuckt. D’Koalitioungespréicher si nach wäit ewech, well d’Wahlen sinn a bal dräi Joer, an trotzdem ass vill geschwat ginn iwwer e Gespréich, wat scho virun de Walen 2013 tëscht CSV- an ADR-Leit soll gewiecht sinn. Dobäi hat de François Aulner och vill méi aktuell an intressant  Froe fir den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser (Foto: 100Komma7), déi eis Opmierksamkeet méi verdéngt hunn. D’Ausféierungen iwwer Europapolitik, Populismus, Respekt, eng sozial engagéiert a gesellschaftspolitesch konservativ Partei ware vill méi spannend Sujeten an de Fernand Kartheiser hat fir all Fro eng gutt Äntwert parat.

Deel dëse Post: