Zesumme mat der FEDUSE d’Rechter vun de Proffe stäerken!

D’ADR hat den 11. September 2019 eng ganz konstruktiv Entrevue mat der FEDUSE (Fédération des Universitaires au Service de l’État), déi duerch hire President Raoul Scholtes, esou wéi duerch d’Tresorière Mona Guirsch vertruede war.

Et goung ëm de konkreten Uleies, datt eng gutt 500 Enseignanten am Secondaire mat Strofpunkten an engem däitlech reduzéierte Gehalt mussen auskommen, dat well si – no deenen deemolege Bestëmmunge vum Stage-Gesetz – hire Memoire net fristgerecht ofginn hunn. Dëst ass emsou méi ongerecht, wann een sech déi neierdéngs geännert Stage-Bedéngungen ukuckt, déi wesentlech vereinfacht goufen a wou de Professer-Stagiaire mat manner Opwand – de Memoire ass komplett fortgefall (!) – an eng A1-Karriär asteige kann.

De Secondaire ass awer leider och mat méi grondsätzleche Problemer konfrontéiert: De Beruff vum Professer gëtt net méi genuch gewäertschätzt, an dacks ass den Enseignant net méi Meeschter a senger Klass well och d’Elteren sech ëmmer méi dacks op d’Säit vun de Schüler stellen an de Proff sech fir all Klengegkeet scho bal rechtfäerdege muss. Och den administrativen Opwand, deen ëmmer méi wiisst an en allgemenge Qualitéitsverloscht, dee vun uewen erof diktéiert gëtt, suerge fir Opreegung am Secondaire. D’Vertrieder vum Schoulministère huelen de Proffe géintiwwer dacks eng iwwerhieflech Aart a Weis an an et schéngt, wéi wann hir Doleancen net genuch op oppen Ouere stoussen. D’ADR huet sech a vollem Ëmfank bereet erkläert, do wou et geet, politeschen Drock auszeübe fir dem Uleies vun deem wichtege Beruffsstand Rechnung ze droen.

D’ADR war vertrueden duerch de Nationalpresident Jean Schoos, duerch den Deputéierten a Member vun der Schoulkommissioun Fernand Kartheiser, duerch d’Presidentin vun den ADR-Frae Sylvie Mischel an duerch de Michel Lemaire, President vun der jonker ADR a politesche Beroder bei der ADR-Fraktioun.

 

Deel dëse Post: