Zero Waste: Bleift et beim gudde Virsaz?

Et muss een den Debat iwwert de Zero Waste konsequent weiderféieren, soss bleift et wahrscheinlech beim gudde Virsaz, esou de Gast Gibéryen an der Chambersessioun vum 16. Mee. Zil soll letztendlech sinn, net manner Offall ze maachen, resp. manner ze recycléieren, mee iwwerhaapt keen Offall méi ze maachen. Léit, déi dëse Liewensstil aktiv zelebréieren, sollen dohier vun der Politik ënnerstëtzt an encouragéiert ginn. 

Et geet dann och net duer, Plastikstelleren- Forschetten a -Messere verbidden, mee et brauch och en Ëmdenke bei der Industrie a beim Commerce. Och d’Wech-Werfe vun Iessens-Offäll ass eng Schan – firwat dës net un d’Baueren oder Leit ginn, déi Déieren hunn, falls déi hygienesch Bedéngungen et erlaben. Den ADR-Deputéierte betount dann och, datt Europa fair Handelsofkommes mat net-europäesche Länner ausschaffe muss, esou datt dës Länner net méi mat eisem Plastikmüll iwwerschwemmt ginn, deen si net richteg entsuerge kënnen. En weider Erausfuerderung ass, de Plastik erëm aus eise Mierer erauszehuelen. Wéi ee gesäit – et ass nach e laange Wee. Wien d’ADR kennt, weess, datt mir eis fir e konsequenten Ëmweltschutz beméien – rational, ouni blann Ideologie, mat konkreten Iddien a mat Hausverstand.

 

Deel dëse Post: