Zéngdausende Lëtzebuerger wunnen an der Grenzregioun

Zéngdausende Lëtzebuerger wunnen an der Grenzregioun, virun allem aus finanzielle Grënn. De Jeff Engelen hat an deem Kontext scho lescht Joer eng Motioun an der Chamber deponéiert, déi fuerdert, datt d’Politik sech am Detail mat den Ursaache vun där Auswanderung auserneesetzt – eleng de Wëlle schéngt ze feelen. D’Regierung wëll an deem Sënn keng Etüd an Optrag gi fir dee Phänomeen méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. D’Motioun gouf an d’Kommissioun verwisen. Den Nord-Deputéierte verlaangt awer, datt dës Motioun, nodeems si an der Kommissioun diskutéiert gouf, nach eemol an der Chamber diskutéiert gëtt.

Deel dëse Post: