Chronesch Wéi? An der Moyenne 75 Waardezäit!

Laut Schätzunge sollen zu Lëtzebuerg tëschent 15.000 a 25.000 Leit ënner chroneschem Wéi leiden. D’Thema vu Patiente mat chroneschem Wéi (douleur chronique) gëtt regelméisseg ugeschwat , och a parlamentaresche Froen vun der ADR. Trotzdeem sinn nach keng Léisunge fonnt ginn, déi de betraffene Leit Satisfaktioun ginn.

Och wann aner Spideeler zu Deel esou Patiente behandelen, esou besteet dach landeswäit nëmmen am Centre Hospitalier vun der Stad Lëtzebuerg e spezialiséierten Zenter (de „Centre de traitement de la douleur“). Op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser bestätegt d’Regierung – leider – déi vill ze laang Waardezäiten, ier Patienten dann effektiv e Rendez-Vous am Zenter kritt.
„En moyenne dauert et – all Patienten (urgent Fäll a Patiente mat chroneschem Wéi) zesumme considéréiert – 75 Deeg bis zur éischter Ënnersichung“ kann een an dëser Äntwert liesen.

Do heescht et och, datt am Dezember 2013 d’Associatioun vun den Doktere gefrot huet, fir 5 Akten am Kader vun der Prise en charge vum chronesche Wéi kënne vun der Gesondheetskeess rembourséiert ze kréien. Kee Wuert driwwer, op dëser Demande och no komm ass.

An enger Entrevue tëschent der ADR an enger Delegatioun vun der ALPADOC war dësen däregen Dossier zu Sprooch komm.

Deel dëse Post: