Ze vill Bürokratie an eise Fleegeariichtungen?

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem benotzt deen a Kanada entwéckelten „PRN“-System (Programme Recherche Nursing), fir déi organisatoresch a personaltechnesch Gestioun vun de Klinicke sécherzestellen. Déi Betraffen um Terrain kloen allerdéngs schonns zanter laangem, datt d’Qualitéit vun der Fleeg duerch déi rationaliséiert Kontrollmechanisme vum „PRN“-System ofhëlt. De Fernand Kartheiser geet där Saach an enger parlamentarescher Fro op de Fong.

 

 

Deel dëse Post: