Zäitëmstellung: Wéi ass d’Positioun vun der Regierung?

Ee Member vun der Regierung huet rezent d’Ofschafe vun der Summerzäit gefuerdert. Hien huet drop verwisen, datt d’Zäitëmstellung den natierleche Rhythmus vu Mënsch an Déier géif duercherneebréngen, wat mat sëlleche Problemer verbonnen ass.

An deem Kontext well den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wëssen, wéi d’Positioun vun der Regierung zu engem eventuellen Ofschafe vun der Zäitëmstellung ass.

 

Deel dëse Post: