Wuesstem a Klimaschutz hänken zesummen

D’ADR huet sech den 31. Juli mat Votum Klima getraff, déi sech staark maache fir den Ëmwelt- a Klimaschutz. An enger deels hëtzeger Debatt war een net ëmmer enger Meenung, wat d’Virgoensweis ugeet, wéi d’Klimaziler sollen erreecht ginn. Méi Eenegkeet gouf et bei der grondsätzlecher Feststellung, datt Wuesstem a Klimaschutz direkt mateneen zesummenhänken. Onkontrolléierte Wuesstem huet och e negativen Impakt op eis Ëmwelt an et war een sech doriwwer eens, datt Lëtzebuerg en anere Wuesstemsmodell brauch.

Deel dëse Post: