Wuelstand amplaz Klimaideologie!

D’Präisser vun enger Rëtsch vu Produiten, an éischter Linn d’Energieproduiten awer net nëmmen dës, kenne säit Méint just nach eng Richtung: No uewen! D’Ursaache si séier identifizéiert: eng Iwwerbürokratiséierung an Doudbesteierung vun essentielle Marchéen. Nieft deene méi rezente COVID-Repressiounen, gëtt dës Entwécklung säit ville Joren duerch déi gréng Ideologie virugedriwwen a fält eis duerch de Katalysator vun der Ukrainkris lo op d’Féiss. Den Ëmstand, datt de Logement, d’Energie a wuel geschwënn och d’Liewensmëttel fir ëmmer méi Leit onbezuelbar ginn, kann déi gréng Fanatiker awer offenbar net bremsen. Wéi an der “Luxembourg Times” ze liese war, sollen op EU-Niveau geschwënn och nach CO2-Zollimporter a Kraaft trieden. Dës spillen, wann zum Beispill e Stolproduzent seng Produktioun an en Drëttland verleet, well e gereegelte Betribsoflaf an dësem industriefeindlechen Ëmfeld net méi méiglech ass. Den Opschlag bezilt hien dann op der Grenz. Des Weidere ginn awer och all déi Länner getraff, deene vun Ufank un déi ekonomesch Basis fir eis iwwerdriwwen Norme feelt. D’Rechnung bezuele souwuel déi Lëtzebuerger Verbraucher, wéi och d’Bevëlkerungen vun all deene Länner, mat deene mir Handel bedreiwen. Eng iwwerflësseg Moossnam wou béid Säiten nëmme verléieren. Wéi steet d’Regierung an där souwisou ganz ugespaanter ekonomescher Situatioun zu dësem absurde Projet?

Deel dëse Post: