Wuel vun den Déieren eescht huelen!

Gëtt zu Lëtzebuerg d’Wuel vun den Déieren eescht genuch geholl a wéi vill Verstéiss géint d’Déierewuel konnte festgestallt ginn? De Jeff Engelen freet no!

Zanter 2018 ass elo dat aktuellt Déiereschutzgesetz a Kraaft. An deem Kontext wär et intressant, en éischte Bilan ze zéie vun der Aarbecht vun all deene Leit, déi Dag fir Dag um Terrain schaffen, fir d’Wuel vun den Déiere sécherzestellen.

An deem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister:

  1. Wéi ass de Service vum Landwirtschaftsministère allgemeng opgebaut, fir d’Wuel vun den Déiere sécherzestellen? Wéi vill Persoune schaffen an dësem Service a wéi gesäit hiren Aarbechtsalldag aus?
  2. Wéi vill Verstéiss am Hibléck op d’Déierewuel goufen zanter dem Akraaft triede vum Gesetz vun 2018 detektéiert? Bei wéi ville vun deene  Verstéiss huet et sech ëm Notzdéiere gehandelt a bei wéi ville Verstéiss ëm Hausdéieren? Vu wéi enger Natur waren dës Verstéiss? Wéi goufen dës Verstéiss der Justiz signaléiert a wéi goufen se  bestrooft?
  3. Am Hibléck op d’Déierewuel bleift an eenzelen, schwéiere  Fäll leider nëmmen nach d’Méiglechkeet, en Déier ze euthanaséieren, fir et esou vu senger Péng ze erléisen. Huet den Här Minister Informatiounen doriwwer, wéi vill Notzdéieren zënter dem Akraaft triede vum Gesetz vun 2018 hu missen euthanaséiert ginn?

Mat déiwem Respekt, Jeff Engelen

Deel dëse Post: