Wouhier weess d’Regierung wie geimpft ass?

Op eng parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen äntwert d’Madamm Gesondheetsminister, datt si net weess, wéi eng Leit vum Spidolspersonal geimpft an net geimpft sinn. Eng genausou iwwerraschend wéi begréissenswäert Ausso, déi am gläichen Ablack nei Froe mat sech bréngt. Firwat kruten déi Bierger, déi scho geimpft sinn eng Invitatioun fir sech boosteren ze loossen, wärend déi, déi net geimpft sinn, eidel ausgaange sinn? Féiert d’Regierung wouméiglech Datebanken iwwert déi d’Leit wann iwwerhaapt, nëmme rudimentär informéiert sinn? Falls jo, wéi passt dat zu där virdrun zitéierter Ausso vun der Madamm Minister? Falls net, wéi erklärt sech déi geziilt individuell Kommunikatioun?

Deel dëse Post: