Wou sinn d’Ënnerstëtzungsgelder vum OLAI?

Staat, Steierzueler, Veräinsmemberen a Spender sollen zënter puer Joer belunn a bedru gi sinn, gleeft een dem Lëtzebuerger Journal. E Mann soll sech, ënner anerem, mat Ënnerstëtzungsgelder vum OLAI (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) beräichert hunn. De Fernand Kartheiser wëllt wëssen, ob de Ministère de Bedruchsfall bestätege kann a wéi de Ministère virgeet, fir esou e Mëssbrauch fréizäiteg ze erkennen an ze verhënneren.

 

Deel dëse Post: