Wou kënnt d’Iwwerlaaschtung vun den Intensivbetter hir?

An der sougenannter COVID-Kris huet d’Regierung sech et zur Gewunnecht gemaach, déi politesch entscheedend, statistesch Parameteren an déi entspriechend Indicateure méi séier ze wiesselen, wéi aner Leit d’Ënnerwäsch. Ee Krittär deen dobäi ëmmer rëm optaucht, ass d’Iwwerlaaschtung vun den Intensivbetter. Mee wat bleift vun deenen Zuelen, wann een déi enorm järlech Zouwanderung an déi zousätzlech Steigerung vun de Leit mat eng lëtzebuergescher Matricule mat aberechent? Fir hei endlech Liicht an d’Donkel ze bréngen, huet den ADR-Deputéierte Jeff Engelen  d’Madamm Gesondheetsminister net nëmmen no den entspriechende Vergläichszuele fir déi lescht 30 Joer, mee och no e puer weideren interessanten Detailer gefrot.

Deel dëse Post: