
Dënschdeg, 05. Abrëll 2016
Wou bleift Schoulmaterial fir d’Integratioun?
Fir déi vill Leit, déi an d’Land kommen, ouni eis Nationalsprooch oder eng aner vun eise Verwaltungssproochen ze schwätzen, stellt sech de Problem vun der Integratioun. An enger parlamentarescher Fro wëllt de Fernand Kartheiser wëssen, op et extra Schoulmaterial dofir gëtt oder op dat a verschiddene Sproochen, wéi zum Beispill Serbokroatesch an Arabesch kéint hei am Land entworf a gedréckt ginn. Tatsächlech ass esou Material virgesinn, an et gëtt deelweis och schonn agesat. Niewt Pobeier ginn awer och elektronesch Sproochhëllefsmëttel agesat, präziséiert de Minister a senger Äntwert.
Kalenner
Dëst kéint Iech och interesséieren
- Eis Grondrechter net u Konditioune bannen!
- Monument fir Spuniekämpfer? Parlamentaresch Froen a Kommissiounssëtzung néideg!
- "Cours des Comptes"-Kritik un Terrainsverkeef gehéiert virun d'Chamber
- Minister Asselborn: Deplacéiert ... wéi gewinnt!
- Suicidepreventioun: D'Politik muss hir Verantwortung iwwerhuelen!